Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: Afrine belagert, d‘Ghuta ënner Beschoss
Neiegkeeten

Syrien: Afrine belagert, d‘Ghuta ënner Beschoss

En Dënschdeg huet déi tierkesch Arméi bekannt ginn, datt si

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister
Neiegkeeten

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister

Den Daachverband vun de Gewerkschafte vun der Fonction Publique (CGFP)

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider
Neiegkeeten

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider

Den US-President huet e Mëttwoch onerwaart, dofir awer wéi gewinnt,

D‘LSAP mobiliséiert hir Leit fir de Wahlkampf

D‘LSAP mobiliséiert hir Leit fir de Wahlkampf

Et war enk gëschter Owend an de Rotonden, an dat hat e gudde Grond. D‘Sozialisten haten op hiren traditionellen Neijoerschpatt agelueden, a wéi gewinnt hat dat halleft Land d‘Invitatioun och ugeholl. Dat mannst wat ee kee vun dësem Event mathuelen, ass de Constat, datt och d‘LSAP an de Wahlkampfmodus ëmgeschalt huet.

An se hunn och wëlles sech uerdentlech fir d‘Chamberwahlen ze presentéieren. Ëmsou méi wichteg fir de Parteipresident Claude Haagen dierfen erfreet festzestellen, datt sech vill Militanten um Dënschdegowend an de Rotondë gewisen hunn. Et wier hir Presenz, esou de Claude Haagen, déi däitlech géif maachen, datt d‘LSAP eng lieweg an dynamesch Partei ass.

D‘Militante sinn dann och opgeruff ginn, sech op d‘Chamberwahle virzebereeden. Et misst en innovative Wahlprogramm ginn, an et wier wichteg, datt jiddereen sech hei mat abréngt, seng Iddie mat afléisse léisst. Och hisiichtlech de Lëschten, soll ee schonn elo ufänken sech Gedanken ze maachen. E wichtegt Joer deemno, an et ass seelen esou wichteg wéi elo, d‘Reien enk ze halen.

Als Famill untrieden, als Equipe gewannen

Fir de jonke LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten war et wichteg, de Leit op der Plaz däitlech ze maachen, datt een ugesicht de Chamberwahlen all Member a Militant muss mobiliséiert kréien. Alleguerte wieren se gefuerdert sech an d‘politesch Entscheedunge vun der Partei-Direktioun anzebréngen. A lass geet et…

All Member, dee seng „elektronesch Adress“ hannerluecht huet – et sollen der gutt 3.000 sinn – kritt schonn haut e Froebou zum Wahlprogramm. Matschwätze sollen se, hir Gedanken, Iddien a Virschléi „op den Dësch“ leeën. „Mir wëllen eis domatter vun deenen anere Parteien ënnerscheeden“, esou den Yves Cruchten, deen dann och kuerz op den Oflaf agaangen ass.

Wann d‘Froebéi iwwerlies a verschafft sinn, gëllt et Aarbechtsgruppen anzesetzen an ëffentlech Diskussiounen ze organiséieren. Et muss bis zum „Kongress“ alles an dréchenen Dicher sinn, an dofir hunn sech d‘Sozialisten och virgeholl un hirer Kommunikatioun ze schaffen. Méi no um Bierger an dem Member mat Hëllef vun enger App, esou emol de Plang.

E Spëtzekandidat mat Ambitiounen

De Sozialist mat engem Häerz fir de franséische President an aktuelle Vizepremier, geet a senger Roll „Spëtzekandidat“ ganz op. Den Etienne Schneider ass dann och kuerz op d‘Situatioun vum Land agaangen, wéi se d‘Koalitiounsregierung beim iwwerhuele vum Mandat virfonnt huet. Et huet och keen Heel dorausser gemaach, datt de „Referendum“ uerdentlech an d‘Box gaange war.

Mee et wier dëser Regierung, trotz oder grad wéinst verschiddenen onpopuläre Moossname gelongen, d‘Land nees ze erhiewen. An et ass gewosst, datt villes passéiert ass, vu Reforme bis zu Gesetzer, de Bierger dierft et och emol schwéier gehat hunn allem nozekommen. Um Enn hätt et sech awer, esou den Etienne Schneider, fir jiddereen am Land gelount.

Neijoerschpatt

Den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider huet sech däitlech zu der Erhéijung vum Mindestloun erkannt. Hie geet fir 2019 vun engem netto plus vun 100 Euro aus. © Martine de Lagardère/moien.lu

Verständlech, datt een, wann et bis rullt, net op hallwem Wee aus dem Auto klamme wëll. An esou huet den LSAP-Spëtzekandidat dann och schonn emol e puer Eckpunkte bekannt ginn, déi him, an esou och der Partei, fir d‘Chamberwahle wichteg sinn. Wéi gesot, et wier jo och tatsächlech schued déi Ziler, déi zum gräifen no sinn, aus den Aen ze verléieren.

Méi vun allem, a méi fir jiddereen

Wéi de Vizepremier dann alles opgezielt hat, wat d‘Regierung mat der LSAP erreecht huet, war et un der Zäit en Bléck an d‘Zukunft ze geheien. Et wier der LSAP hiert erkläerten Zil, Loungläichheet tëscht Mann a Fra hierzestellen. Do bekennt sech och den LSAP-Spëtzekandidat zu der vum OGBL gefuerderten Erhéijung vum Mindestloun. Ab 2019 soll et 100 Euro netto méi an der Paitut ginn.

D‘LSAP wier awer och d‘Partei vum Wuesstem. Dat well de Wuesstem wichteg ass, fir d‘Ofséchere vun de Paien an de Renten. Et misst awer e qualitative Wuesstem sinn… D‘Virstellunge vun der CSV, wat d‘Renten ugeet, kann a wëll den Etienne Schneider net deelen Un de Renten ze fréckelen, dat wier déi rout Linn iwwer déi een d‘LSAP net kéint schécken.

Interessant och d‘Ausso, datt mat enger LSAP an der Regierung, ee gedenkt sech dem Thema „Aarbechtszäitverkierzung“ unzehuelen. An entgéint der CSV wëll een de Leit mat der Digitaliséierung keng Angscht maachen, mee se mathuelen a beweisen, datt nei Technologien duerchaus och am Aarbechtsberäich zu méi Liewensqualitéit kënne bäidroen.

De Jonke méi Plaz araumen

Nom oppene Bréif vum leschte Samschdeg vun „deene Jonken“ un d‘Parteileedung, huet et logescherweis eng Äntwert misse ginn. Den Etienne Schneider, dee et léiwer gesinn hätt, wann sech d‘Signatairen direkt un d‘Partei gewannt hätten, huet ënnerstrach, datt si ganz hir Plaz hätten. Si wiere jiddefalls net do fir d‘Plakater ze pechen, mee sollten sech och op de Lëschte positionéieren.

Neijoerschpatt

Fir de Vitor kann een am Wahlkampf nëmmen dann och Erfolleg hunn, wann all d‘Generatiounen un engem Strang zéien. Hie huet d‘Engagement vun deene Jonken awer ausdrécklech begréisst. © Martine de Lagardère/moien.lu

Logesch, datt de Vizepremier dann och jonk Sozialisten op d‘Bühn geruff huet, fir sech matzedeelen. Esou den Amir, dee an der LSAP seng politesch Famill wëll fonnt hunn, well et déi Partei wier déi seng Wäerter géif verdeedegen. Fir den Olivier, dee scho ganzer dräi Woche Member ass, ass et d‘Ausriichtung „Gerechtegkeet“ a „Solidaritéit“ déi den Ausschlag ginn huet.

Déi Jonk fuerderen hir Plaz, an doriwwer sollt sech d‘LSAP dann och freeën. Dat ass och d‘Meenung vum Vitor, engem „Veteran“, deen d‘Engagement vun der Jugend begréisst, awer och drop hiweist, datt et ouni déi „Al“ net geet. Et misst sech Generatiounsiwwergräifend verstännegen, an am Konsens agéieren. Nëmme Jonk an Al zesumme kéinten déi gesaten Ziler erreechen.

Foto: Et gouf beim Neijoerschpatt vun der LSAP vill Zoustëmmung fir d‘Ausféierunge vun de Riedner © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen, Claude Haagen, Etienne Schneider, LSAP, Neijoerschpatt, Yves Cruchten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel