Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt
Kultur Neiegkeeten

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt

Et war een vun dëse Weekender virun der grousser Vakanz,

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten
Kultur Neiegkeeten

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten

Wéinst der Covid19-Pandemie wat et de Schëfflenger Leit an de

Storm Area 51: Gëtt muer aus Witz batteren Eescht?
Kultur Neiegkeeten

Storm Area 51: Gëtt muer aus Witz batteren Eescht?

Muer de Mëtteg soll no enger spektakulärer Ukënnegung de groussen

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
Robert Ley, Direkter vum Institut Viti-Vinicole © Shari Pleimelding/moien.lu
Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung bei senger Ried © Shari Pleimelding/moien.lu
Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
(v.l.n.r.) Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Paulette Lenert, Ministesch fir Konsumenteschutz; Robert Ley, Direkter vum Institut Viti-Vinicole © Shari Pleimelding/moien.lu
Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
D'Prinzessinen an d'Kinnigin © Shari Pleimelding/moien.lu

Gëschter Owend ass zu Réimech am Institut Viti-Vinicole, ganz der Traditioun no, op dat neit Joer ugestouss ginn, dat natierlech mat Lëtzebuerger Wäin a Cremant. Nieft dem Direkter vum Institut, dem Robert Ley waren och de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, de Romain Schneider an d’Ministesch fir Konsumenteschutz, Paulette Lenert ënnert den Éieregäscht. A grousser Ronn huet een op ee vergaangent Joerzéngt zeréck-, an op een neit Joer erop gekuckt.

An dësem Kader huet de Robert Ley sech immens houfreg iwwert de qualitativ héichwäertege Wäin aus dem Groussherzogtum gewisen. Zur Quantitéit wollt een nach keng genau Zuelen erausginn, mee et hätt een d’Joer 2018 op alle Fall iwwertraff. Nei ass d’Upassung vum Logo un den Nation Branding, wouduerch een net nëmme visuell een Akzent setze well, mee och dem Konsument ee gudde Wäi schnell an einfach presentéiere wëll.

Fir den Direkter vum Institut Viti-Vinicole ass et och kloer erkennbar, datt een duerch d’Zesummenaarbecht mam däitsche Maart den eegene Bekanntheetsgrad gesteigert huet. Dëse positiven Effekt soll och an Zukunft weider genotzt ginn, mee et muss een awer och feststellen, datt momentan d’Exporter an d’Belsch immens klammen. Geplangt ass iwwregens, fir divers Fuerschungsprojeten ze ënnerstëtzen, déi sech ënnert anerem mat der Esca-Krankheet, enger ëmweltschounender Bewirtschaftung oder och dem Klimawandel ausernee setzen.

Lëtzebuerger Wäin a Cremant zu Dubai

Fir de Minister Romain Schneider ass d’Diversitéit un Wäinzorte fir d’Lëtzebuerger Land remarkabel. Trotz fréiem Frascht an héijen Temperaturen am Summer konnten d’Wënzer a Wäibaueren hiert ganzt Wëssen notzen an esou ee richtege Qualitéitsproduit erschafen. „Ech sinn houfreg op eis Lëtzebuerger Wäiner a Cremanten, déi exzellent sinn an 2019 bei zuelräichen internationale Concoursen ausgezeechent goufen“, sou de Minister.

Och bei der Weltausstellung 2020 zu Dubai wäert dësen nationale Produit am Pavillon vum Groussherzogtum ze fanne sinn an als fantastesch Visittekaart déngen, wann et ëm déi international Promotioun geet. Esou gëtt et méiglech fir an nei Mäert eranzekommen.

Geet et ëm d’Agrarpolitik, esou ass ee laut dem Minister nach ëmmer bei 0. Sinn déi néideg Decisioune getraff, da wäert een eng gewëssen Ulaf- an Iwwergangszäit brauchen, wëll „de Motor muss dauernd viru lafen“. Een neie Gesetzesprojet gouf agereecht, deen déi zäitlech Flexibilitéit an den Aarbechtskader vun de Wënzer a Wäibaueren virgesäit. D’Produktioun vu Wäin a Cremant ass charakteriséiert sech schliisslech duerch intensiv Perioden un Aarbecht.

Alkoholfräie Wäi geschwënn am Trend?

Fir Enn 2020 soll eng besser Traçabilitéit duerch ee QR-Code garantéiert ginn. „De Konsument ass hautdesdaags exigent; En drénkt manner, mee freet dofir eng Spëtzequalitéit an total Transparenz. Den Etiquetage duerch ee QR-Code geet an dës Richtung“, erkläert de Romain Schneider.

Geet et ëm den exigente Konsument, da kënnt och d’Thema vu gesondheets- an ëmweltbewosste Wäin op. Wéi wier et also mat alkoholfräiem Wäin? Fir de Minister selwer wier dat näischt an och déi 300 Gäscht si bei dësem Saz onroueg ginn. Wäin ouni Alkohol – dat ass dach Drauwejus. An dësem Sënn huet een zesumme mat allen Invitéeën an Lëtzebuerger Cremant (mat Alkohol) ugestouss an de Wäibaueren vill Elan fir dat neit Joer gewënscht.

Ähnlech Sujeten Cremant, Dubai, Esca, Institut Viti-Vinicole, Minister fir Landwirtschaft, Paulette Lenert, Réimech, Robert Ley, Romain Schneider, Wäibaueren, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel