Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween
Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween

Den 31ten Oktober ass Halloween. Dësen Dag huet an de

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Fleeg!
Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Fleeg!

Zu Éieren vun der britescher Infirmière Florence Nightingale gëtt um

ZZ TOP an der Rockhal – Déi Bäerteg mat der Gittar!
Neiegkeeten

ZZ TOP an der Rockhal – Déi Bäerteg mat der Gittar!

Gëschter Owend sollt de Concert vun den alen Häre mat

Neijoerschreceptioun an der Chamber

Mat engem laachen an enger Tréin am Knapplach huet de Claude Frieseisen säin Depart annoncéiert

Neijoerschreceptioun an der Chamber

D‘Neijoerschreceptioun an der Chamber ass fir de Chef vun der Verwaltung och ëmmer eng gutt Geleeënheet zréckzeblécken an vun den Erausfuerderunge vum neie Joer ze schwätzen. 2020 ass dann awer eng kleng Ausnam.

Fir de Claude Frieseisen, Generalsekretär vun der Chamber, war et de leschten Optrëtt. Hie geet no 20 Joer loyalem Déngscht an déi verdéngte Pensioun. Dat och, wann hien sech agesteet, een nach dës Legislaturperiod gäre weidergemaach hätt. Hien ass houfreg op seng Ekipp, erfreet iwwert déi gutt Zesummenaarbecht mat allen involvéierten Acteuren an huet nach emol op déi wichteg Roll vu senger Verwaltung am Déngscht vum Bierger higewisen.

Et gouf natierlech den obligate Réckbléck op dat vergaangent Joer, dat eppes „mouvementéiert“ op en Enn gaangen. Et ass jo och kaum engem entgaangen, datt et um Krautmaart deels hefteg bis krätzeg zougaangen ass. D‘Diskussiounen – op wéinst den ominéise „geheim Fichieren“, de geheime Verträg mat friemlännesche Konzerner, engem Gaardenhaischen oder dem Budget – sinn net ëmmer esou sachlech gefouert ginn, wéi et gewënscht wier.

Chamber

Der Chamberpresident Fernand Etgen war voller Luef fir den austriedende Generalsekretär an huet e puer Wuert zu den neien Aufgaben a Changementer déi op op d‘Chamber duerkommen gesot © Martine de Lagardère/moien.lu

Wann de Claude Frieseisen dann awer op seng „Carrière“ zréckbléckt, esou ass hien awer ganz mat deem geleeschten zefridden. Hien hat sengerzäit d‘Ambitioun eng Chamber op d‘Been ze stellen, datt sech déi néideg Mëttel gëtt, fir op Aenhéicht mat den aneren Institutiounen am Land ze stoen. En Objektiv dat hie mat senge Leit erreecht huet. Elo, wou een an déi Digital Ära antrëtt, kéimen awer och ee puer Erausfuerderungen op d‘Verwaltung duer.

D‘Informatik soll méi performant a virun allem méi sécher ginn. Dorëms sollen sech spezialiséiert Entreprise këmmeren, firwat et zu enger Ausschreiwung kënnt. Mee dat ass ee Chantier deen dem Claude Frieseisen seng Successeur muss iwwerhuelen. Wéini den ausscheedende Generalsekretär d‘Zepter weidergëtt, gouf gëschter net matgedeelt. Et steet allerdéngs fest, datt mat de weideren Aufgaben och zousätzlecht Personal soll agestallt ginn.

De Chamberpresident Fernand Etgen war dann och voller Luef fir déi gutt geleeschten Aarbecht, bestätegt dat kollegiaalt, scho frëndschaftlecht Verhältnis, datt d‘Acteure vun der Chamber mat der Verwaltung ënnerhalen, an huet nach emol drun erënnert, wéi wichteg d‘Aarbecht vun der Verwaltung och fir eis Bierger ass. Net ze vergiessen, datt déi éischt Missioun vun der Chamber, doranner besteet, d‘Aarbecht vun der Regierung am A ze behalen.

Foto: Zum Joreswiessel huet de Claude Frieseisen beim Empfang wësse gelooss, datt hien elo seng verdéngte Pensioun wëll an Ugrëff huelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamber, Claude Frieseisen, Fernand Etgen, Neijoerschreceptioun, Verwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel