Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung
Neiegkeeten

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung

Ënnert der aktueller kroatescher EU-Rotspresidentschaft läit eng Revisioun vun der

Vereedegung vu S.A.R. dem Prënz Paul-Louis an der Arméi
Neiegkeeten

Vereedegung vu S.A.R. dem Prënz Paul-Louis an der Arméi

Nodeems S.A.R. de Prënz Paul-Louis de Nassau seng Formatioun an

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“
Neiegkeeten

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“

Bei der Entrevue tëscht dem Emmanuel Macron an dem Recep

Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg

Et gouf 2019 Héichten an Déiften, mee um Engagement vun de Mataarbechter besti keng Zweiwel

Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu
Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg
© Shari Pleimelding/moien.lu

De groussen Theater an der Stad war gëschter Owend strubbelvoll, an esou sollt et och sinn. De Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot hat all d‘Mataarbechter vun der Gemeng an wéi et sech gehéiert d‘Pompjeeën op d‘Neijoerschreceptioun agelueden, a ganz vill hinnen hunn dës Invitatioun gären ugeholl.

Et ass schliisslech och eng gutt Geleeënheet, sech ënnert de Servicer ganz informell auszetauschen an eventuell och emol vu „Gesicht zu Gesicht“ kennenzeléieren. Verständlech, well bei iwwer 4.100 Mataarbechter, begéint ee sech net all Dag, och wann een alldeeglech matenaner ze dinn huet. An et ass gewosst, datt Leit ei sech begéint hunn, eng „besser Bezéiung“ zu enaner opbaue kënnen.

Och dat ass ee wierklech gudde Grond, fir esou eng, jo awer impressionnant Receptioun ze organiséieren. Virum Patt awer steet den offizielle Programm, an d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi vun hirer Ekipp ëmgi war, ass op déi sëllechen Héichpunkten, mee och déi méi „traureg“ Evenementer vun 2019 agaangen. Hei am besonneschen den Dout vum Groussherzog Jean an dat déidlecht Accident um Chrëschtmaart.

D‘Lydie Polfer huet nach emol op déi exemplaresch Aarbecht vun alle Mataarbechter higewisen, déi am Kader vun den Trauerzeremonien zum Dout vun eisem Groussherzog Jean matgewierkt hunn. Net manner tragesch, wann och e ganz anere Kontext, den Dout vun engem Kand um Stater Chrëschtmaart. Hei erhofft sech d‘Buergermeeschtesch eng séier Opklärung. Et wier wichteg d‘Ëmstänn vun dësem Accident dat ni hätt dierfe virkommen ze kennen.

Wuel net esou dramatesch mee och net ze vergiessen: den techneschen Incident op der Beggener Kläranlag, déi zur Veronrengegung vun der Uelzecht gefouert hat; oder d‘Feier an der Brasserie Guillaume. Alles a gewësser Mooss Schicksalsschléi déi een als Communautéit droe muss, firwat den Zesummenhalt an déi gemeinsam Ustrengung „et besser ze maachen“ d‘Gemeng an d‘Awunner sollt vereenen.

Et gëtt dann awer och méi gutt Nouvelle wéi där Schlechter. Iwwer 60 Sozialwunnenge sinn 2019 ageweit ginn, nei Schoulen a Crèchen, de Kulturzenter zu Dummeldeng (Haus Drescher) an och de Projet Hamilius ass a senger Endphas. Et deet sech eppes, an esou soll et och 2020 virugoen.

D‘Stad wiisst a verännert säi Gesiicht

Zum 31. Dezember 2019, hunn 122.723 Mënschen an der Stad gewunnt – dat sinn der ronn 3.000 méi wéi zum 31. Dezember 2018 – an dagsiwwer kommen nach emol e puer honnertdausend Pendler, déi an der Haaptstad hir Pai verdéngen, derbäi. Do gëtt séier ersiichtlech, datt ee sech muss den Infrastrukturen unhuelen: vum Waasser iwwer Gas an Elektresch bis hinn zur Telekommunikatioun. Mee och un der urbaner Mobilitéit muss geschafft ginn, wann alles soll matenaner funktionéieren.

Dozou gehéieren och déi eppes verhaassten Tram-Chantieren. Haut nach jidderengem en Dar am A, dierft den Tram, wann déi gréisst Aarbechte bis ofgeschloss sinn, awer zu méi Liewensqualitéit bäidroen. A wann et sécherlech net einfach ass sech a gedold ze üben, wierklech Alternativen dozou gëtt et keng. Dat dierft och fir 2021 net enorm besser ginn, esou d‘Buergermeeschtesch, déi zesumme mat hirer Ekipp am Schäfferot wierklech vill mécht fir datt jidderee gutt informéiert bleift.

D‘Stad Lëtzebuerg ass eng Metropol am Ëmbroch, wat och bedeit, datt weidert Personal gebraucht gëtt. E Personal datt iwwer Raimlechkeete verfüge muss, firwat villeruerts renovéiert, ausgebaut oder direkt nei gebaut gëtt. Net ze vergiessen, datt och den Amenagement vum Site „Josy Barthel“ op der Areler Strooss usteet. Den 20. Januar sollen an der Gemengerotssëtzung déi 15 international Projeten zur Asiicht virgeluecht ginn. Hei solle bis zu 1.000 Logementer entstoen.

Mee op de Standuerter „Villeroy & Boch“, „Heinz van Landewyck“ oder „Porte de Hollerich“ a „Schluechthaus“ wäerten dëst Joer d‘Aarbechten an Ugrëff geholl ginn. Un Aarbecht feelt et deemno net, firwat d‘Buergermeeschtesch alle Mataarbechter verflicht ass. „Ouni iech kéint een datt alles net realiséieren, a wa mir iech eng Gesondheet am neie Wënschen, esou ass dat och eppes egoistesch, well ouni äert Engagement an d‘Expertise ass et net ze maachen“.

Foto: © Shari Pleimelding/moien.lu

 

Ähnlech Sujeten Eis Stad, Ëmmer fir iech do, Lydie Polfer, Neijoerschreceptioun, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel