Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht
Neiegkeeten

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht

D‘Mamm vum klenge Bastien, deen 2011 an enger Wäschmaschinn ëmbruecht

surprise
Europa wëll kee Stress mat London, mee de Brexit gëtt eng haart Noss
Neiegkeeten

Europa wëll kee Stress mat London, mee de Brexit gëtt eng haart Noss

Eng knapp Woch no sengem Besuch bei der britescher Premierministesch

Den neien Ant-Man Trailer weist, datt Gréisst duerchaus wichteg ass
Neiegkeeten

Den neien Ant-Man Trailer weist, datt Gréisst duerchaus wichteg ass

Den éischten Ant-Man-Film war vir vill Leit eng angenehm Iwwerraschung.

Neijoerschreceptioun Stad Lëtzebuerg: Et feelt net un Erausfuerderunge

De Logement an d‘Mobilitéit sinn eng Prioritéit

Neijoerschreceptioun Stad Lëtzebuerg: Et feelt net un Erausfuerderunge

E Méindeg 8. Januar hat och d‘Stad Lëtzebuerg seng Neijoerschreceptioun fir d‘Mataarbechter vun der Gemeng. Eng Traditioun, bei där d‘Engagement an déi geleeschten Aarbecht vun allen am Virdergrond steet. Et sinn dann och si déi, déi politesch Entscheedungen an d‘Dot ëmzesetzen hunn.

An hirer Ried huet d‘Buergermeeschtesch, Lydie Polfer (DP), op d‘Verännerungen higewisen, déi d‘Stad Lëtzebuerg an de leschten 20 Joer erlieft huet. Esou géif et Quartieren, vun deenen ee menge kéint si wieren an der Zäit stoe bliwwen, an anerer déi frësch aus dem Buedem gewuess sinn. A jo eis Haaptstad wiisst, an Enn vun dësem Wuesstem ass net ofzegesinn.

Et gëtt villes bei den Infrastrukturen erneiert an/oder gebaut: den Tram, Busspuren a Vëlospisten, sinn um kommen, d‘Gare gëtt erneiert an och bei de Schoulinfrastrukturen an de Maisons Relais steet nach villes am Raum. Dat alles ass den Ausdrock vu enger visionärer Politik, déi sech awer nëmmen och an d‘Realitéit ëmsetze léisst, wann all d‘Acteure vun der Gemeng matmaachen.

Eng attraktiv Stad mat villen Erausfuerderungen

Si wiisst d‘Stad, an huet haut ronn 120.000 Awunner. A wann d‘Stad wiisst, mussen och d‘Servicer mat wuessen. Nom Iwwergang vun de Beruffspompjeeën an de CGDIS (183 Mann) beschäftegt d‘Stad Lëtzebuerg haut 4.040 Salariéeën an ënnerschiddleche Beruffsberäicher. Männer a Fraen déi d‘Liewensqualitéit vun den Awunner sécherstellen, an zum gudde Fonctionnement bäidroen.

Op där aner Säit feelt et u Wunnraum, besonnesch u bezuelbarem Wunnraum. D‘Stad bedeelegt sech dofir och um Wunnengsbau, an 2018 goufen esou 87 nei Logementer ageweit. Fir 2019 sinn der nach emol 70 geplangt. A wann alles gutt weider leeft, kënnt op d‘Plaz vum Stade Josy Barthel (dat sinn net manner wéi 10 Ha) och nach emol ee ganze Batz Wunnenge bäi. Et geet virun…

Am Gaasperecher Bann ka sech jidderee selwer vun deem wat ee „Wuesstem“ nennt e Bild maachen. Et entsteet grad eng nei Pompjeeskasär, e grousse Park vun ëm déi 16 Ha a Schoule sinn um entstoen. An elo hate mir bal och nach de neien Nationalstadion fir Fussball a Rugby vergiess. Wéi e gesäit, dierft de ville Mataarbechter op der Stater Gemeng net langweileg ginn.

Foto: Och déi nei elektresch Busser suerge fir eng besser Liewensqualitéit, an dat och fir déi wou am Service vun de Stater Busser schaffen. © Stad Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Infrastruktur, Logement, Lydie Polfer, Mobilitéit, Neijoerschreceptioun, Stad Lëtzebuerg, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel