Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto
International Neiegkeeten

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto

Fir méiglechst séier d‘Dispositioune vum Koalitiounsaccord, am Bezuch op d‘Dekarbonisatioun

Géint de Kriibs rocken!
International Neiegkeeten

Géint de Kriibs rocken!

De Kampf géint Kriibs kennt vill Fronten, awer och vill

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen
International Neiegkeeten

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen

Gëschter am spéiden Nomëtteg, hunn d’Gewerkschaften OGBL an NGL-SNEP an

Neiséiland: Den Dag duerno

Eng friddlech Natioun muss sech dem Terror stellen

Neiséiland: Den Dag duerno

No den Attentater op zwou Moscheeën zu Christchurch, huet d‘Premierministesch vun Neiséiland d‘Dot als „Terrorakt“ agestuuft. Bei dësen Uschléi hunn 49 Persounen hiert Liewe verluer, an op mannst 20 Mënsche goufen deels schwéier blesséiert. Véier Verdächteger goufe verhaft…

Nodeems et gëschter an Neiséiland zum schlëmmste Virfall a senger Geschicht komm ass, sëtzt de Schock déif. Wien sech virun eng Kamera wot, oder soss mat Journaliste schwätzt, huet d‘Tréinen an den Aen, d‘Schwätze fält engem schwéier. Déi eeler erënneren sech un den „Amoklaf“ vu viru 27 Joer, bei dem 14 Mënsche gestuerwe waren. An et huet een elo Gewëssheet: et war en Terrorakt.

 

NeiséilandWéi sech déi neiséilännesch Premierministesch, Jacinda Ardern, gëschter Owend un d‘Natioun gewannt huet, huet si de Virfall als datt bezeechent wat et ass: „Et ass kloer datt een dat nëmmen als Terrorakt bezeechne kann. Déi Informatiounen déi eis virleie loossen drop schléissen, datt dës Dot gutt geplangt war“. Am Zesummenhang mat den Uschléi si véier verdächteg Persoune verhaft ginn.

Si huet confirméiert, datt d‘Police dräi Männer an eng Fra verhaft hunn, déi mat der Dot sollen ze dinn hunn. Beim 28 järegen Australier, Brendon Tarrant, besteet opgrond der Beweislag (hien huet seng Dot gefilmt, a live iwwer Facebook an der Welt verbreet) keen Zweiwel, zur Roll vun deenen anere Verdächtegen ass bis ewell näischt bestätegt. D‘Fra ass dann an der tëscht och nees fräi…

Rietsextrem a supremassisteschen Hannergrond

D‘Jacinda Ardern, huet däitlech Wierder géintiwwer dësen „Terroristen“ fonnt: „Et sinn Mënsche mat extremisteschen Usiichten, déi keng Plaz an Neiséiland fannen an och soss néierens op der Welt“. Si huet, als Konsequenz ugekënnegt, datt – den Täter huet 2017 e Waffeschäin erhalen – elo d‘Waffegesetz misst reforméiert ginn. De Brendon Tarrant och „legal“ hallefautomatesch Waffen.

Neiséiland

Hien ass dann och bannent Stonnen offiziell dem Mord beschëllegt an ugeklot ginn, woubäi d‘Police annoncéiert huet, datt nach weider Uschëllegunge wäerten dem Dossier bäigefüügt ginn. D‘Bezierksgeriicht vu Christchurch huet ënner strengste Sécherheetsmoossnamen, an engem „huis clos“ dem Täter kee Spillraum gelooss, a Sécherheetsverwahrung ugeuerdent.

Den australesche Premierminister, Scott Morrison, huet bestätegt datt de genannten Täter Australier ass, an dëse Personnage en „gewalttätege rietsextremen Terrorist“ ass. Am Video vum Täter sinn Nimm vu Schluechten an Europa géint d‘Osmanen an Araber opgetaucht, an hien huet 2018 och a Bulgarien historesch bedeitend Plaze besicht. De bulgaresche Geheimdéngscht enquêtéiert mat.

Neiséiland

Laut dem bulgaresche Procureur, Sotir Zazarow, ass de Brendon Tarrant am Hiecht 2018 iwwer Dubai no Bulgarien geflunn. Hien hätt am Kontext vu senger„Rees“ och Ungarn a Rumänien besicht. Et ass elo och gewosst, datt den Täter am Dezember 2016, Bosnien-Herzegowina, Serbien a Kroatien bereest huet. De bulgaresche Geheimdéngscht géif mat alle betraffene Staate kooperéieren.

De Brendon Tarrant, huet seng Dot mat enger Helmkamera live am Internet iwwerdroen, an hat am Virfeld zur Dot e „Manifest“ verëffentlecht, an deem hien déi onbeschreiflech Dot begrënnt. An dësem Pamphlet geet rieds vun angeblechem Vëlkermord un der wäisser Rass, firwat hien sech elo entscheet hätt, eng Atmosphär vun der Angscht ënnert de Moslemen ze verbreeden.

En Uschlag op eng multikulturell Gesellschaft

Neiséiland, eng vun de friddlechsten Natiounen, gëllt al multikulturell Gesellschaft, a Konflikter tëscht ënnerschiddlechen Ethnien, gëtt et eigentlech net. Esou dierf behaapt ginn, datt d‘Land net virbereet war, well kee mat esou enger Dot gerechent huet. D‘Police huet d‘Moossnamen zum Schutz vu moslemesche Veranstaltunge verstäerkt an huet via Twitter ëm Ënnerstëtzung gebieden.

„Et gëtt keng Garantie, datt d‘Gefor sech op de Bezierk vu Canterbury begrenzt. All Neiséilänner musse besonnesch opmierksam sinn“, esou d‘Police. D‘Stad Christchurch ass op der Südinsel vum Pazifikstaat geleeën, an zielt ronn 350.000 Awunner. D‘Buergermeeschtesch, Lianne Daziel, huet Owes erkläert: „Mir sinn all Geschockt. Ech hätt ni geduecht, datt esou eppes hei geschéie kéint“.

Neiséiland

Déi moslemesch Communautéit an Neiséiland ass mat ongeféier 50.000 Mënschen, eng kleng Communautéit, a Problemer huet et bis ewell keng ginn. Déi meescht ënnert hinne sinn Migranten aus Länner wéi Bangladesch oder Pakistan. Si gëllen als integréiert a leeschten hire Bäitrag zum wuel vun der Gesellschaft. Si sinn, esou déi gängeg Meenung, fir unzefänken Neiséilänner.

Matgefill aus der ganzer Welt

Esou eng Dot huet dann och e globalen Impakt. Engersäits ass et Waasser op d‘Mille vun de radikale Moslemen, déi sech elo nees als Affer gesinn an no Vergeltung jäizen. Sozialnetzwierker sinn nees voll mat Haasstiraden, an och wann d‘Roserei verständlech ass, esou muss een déi Aussoen eescht huelen, a sech drop virbereeden, datt et mat Wierder eleng net gedoen ass.

Aus der ganzer Welt huet déi neiséilännesch Regierung d‘Matgefill a Solidaritéit verséchert kritt. Esou och vu Bréissel, vu wou aus den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, erkläert: „Déi europäesch Unioun trauert haut mat iech, a mir wäerten ëmmer géint all déi op ärer Säit stoen, déi op schänterlech Aart a Weis versichen ons Gesellschaften a Liewensaart ze zerstéieren“.

Neiséiland

Den EU-Rotspresident Donald Tusk, schreift op Twitter: „Ons Gedanken an Europa si mat den Affer an hire Familljen. De brutalen Ugrëff wäert d‘Toleranz an den Anstand, fir deen Neiséiland renomméiert ass, nimools entkräften“. An och d‘Staats- a Regierungscheffe vun der EU hunn esou oder ähnlech, der Regierung vu Neiséiland hiert Matgefill a Solidaritéit ausgedréckt.

mat indymedia/chc/bru

Foto: De Fändel vun Neiséiland ass am Zeeche vun der Trauer an der Solidaritéit mat den Affer an hire Familljen op Hallefmast gesat ginn. © NZ-Parliament

Ähnlech Sujeten Brendon Tarrant, Christchurch, Jacinda Ardern, Moschee, Neiséiland, Schéisserei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel