Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hochzäitsnuecht, Amazing Grace an Angst am Ciné-Club!
International Neiegkeeten

Hochzäitsnuecht, Amazing Grace an Angst am Ciné-Club!

Mat dräi Filmer aus de verschiddenste Genrë beweist de Ciné-Club

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil
International Neiegkeeten

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil

Bei der Virstellung vum Joresbilan vun der CFL waren nëmmen

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen
International Neiegkeeten

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen

Der tierkescher Lira geet weiderhi schlecht, ganz schlecht. Et ass

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?

Déi spektakulär Verhaftung vum Kim Dotcom am Joer 2012 soll juristesch net vertrietbar sinn, et wier mat sämtleche Prozedure gebrach ginn. Esou d‘Argumentatioun vun den Affekote virum Appellsgeriicht vu Wellington, dat iwwert eng eventuell Ausliwwerung un d‘USA vum Begrënner vu Megaupload.com muss befannen.

No sechs Joer „hin an hier“ ass d‘Affäre Kim Dotcom also nees virun der Justiz vu Neiséiland. Et kéint fir de Kim Schmitz – esou de biergerlechen Numm vum Kim Dotcom – déi lescht Chance sinn net ausgeliwwert ze ginn. An den USA erwaarden de Mann, deen et verstanen hat sech d‘Bits & Bytes gefälleg ze maachen, 20 Joer ferme Prisong.

Richteg un d‘Rulle komm war d‘Affär Kim Dotcom, wéi am Januar 2012 déi neiséilännesch Police e spektakulären „Iwwerfall“ op Dotcom Mansion, déi luxuriéis Proprietéit vum däitsche Computernerd duerchgefouert haten. Eng Operatioun déi mat der US-Justiz an dem FBI koordinéiert an ofgeschwat war, mee wéi et schéngt net de legale Kader respektéiert huet.

De laangen Aarm vun der US-Justiz

Den US-Justizministère an den FBI beschëllegen de 44 järegen däitschen Auswanderer, op allerhéchstem Niveau online mat Hëllef vu Megaupload – seng Plattform fir direkten Download déi vun der US-Justiz zougemaach ginn ass – „d‘Welt“ ausgeraibert ze hunn.

Fir de Kim Dotcom, wéi den däitsche wëll genannt ginn, an dräi weider „Mataarbechter“ vu Megaupload (Finn Batato, Mathias Ortmann an de Bram van der Kolk) hat et am Februar 2017 ganz schlecht ausgesinn. Hei hat e neiséilännescht Geriicht d‘Ausliwwerung, wéi se am Uerteel aus éischter Instanz (2015) entscheet gi war, bestätegt.

Bei der Erëffnung vun den Debate virum Appellsgeriicht vu Wellington, huet den Affekot vun de Beschëllegten Ortmannn an van der Kolk, Grant Illingworth, de legale Kader a Fro gestallt, deen zur Verhaftung vu senge Cliente gefouert huet.

Esou ginn d‘Autoritéite beschëllegt, an hirer Demande fir den Haftbefehl verheemlecht ze hunn, datt de Kim Dotcom den Objet vun enger Iwwerwaachung vum Sécherheetsbüro vun der Kommunikatioun vun der Regierung (GCSB) an dem Geheimdéngscht war. Informatiounen déi dem Riichter hätte misse virleien, fir objektiv iwwert en Haftbefehl entscheeden ze kënnen.

Dat kann sech iwwer Méint hinzéien

„An dësem Stadium ass getäuscht ginn, well net drop higewise ginn ass, datt de facto all d‘Informatiounen illegal vum GCSB zesummegefouert gi sinn“, esou d‘Argumentatioun vum Grant Illingworth. Et wier dem Staat seng éischt Flicht se u Recht a Gesetz ze halen, an dat wier hei eendeiteg net de Fall.

D‘Police hat 2011 – op Drock vun der US-Justiz an dem FBI – den GCSB gefrot, de Grënner vum Site Megaupload.com ënner Ecoute ze setzen. Eng Mesure déi absolut illegal ass, well d‘Gesetz et dem Geheimdéngscht net erlaabt, Neiséilänner oder permanent Residenten auszespionéieren.

E Problem, deen am September 2012 dozou gefouert huet, dat sech de fréiere Premierminister vu Neiséiland, John Key, ëffentlech huet missen entschëllegen, fir eppes dat hien als „basic error“ bezeechent huet. De Kim Dotcom war bei der Audienz vun e Méindeg net uwiesend. Säi Recours gëtt grad gepréift, mee et dierft nach Méint brauche bis et hei eng Decisioun gëtt.

mat AFP

Foto: Op eisem Bild aus dem Dezember 2015, de Kim „Dotcom“ Schmitz, wéi hie vum Geriicht zu Auckland matgedeelt kritt, datt hien un d‘USA ausgeliwwert gëtt. D‘Affär geet elo 2018 an eng viraussiichtlech lescht Ronn. D‘Method déi zu de Verhaftung vum „Hacker“ gefouert huet soll illegal gewiescht sinn. © Michael Bradley/AFP

Ähnlech Sujeten Bram van der Kolk, FBI, Finn Batato, Kim Dotcom, Mathias Ortmann, megaupload.com, Neiséiland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel