Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich wëll eng Reform vun der SNCF duerchsetzen
Neiegkeeten

Frankräich wëll eng Reform vun der SNCF duerchsetzen

Déi franséisch Regierung muss sech haut enger héich sensibeler Reform

Déi Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi populär, heescht et…
Neiegkeeten

Déi Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi populär, heescht et…

Schoulrentrée, datt ass net eppes datt nëmmen de Krapperten an

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris
Neiegkeeten

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris

„Wéinst engem „Sécherheetslach“ goufe 50 Millioune Facebook-Konte piratéiert“, esou um

Neistart Lëtzebuerg: Dat gëtt net bëlleg

Neistart Lëtzebuerg: Dat gëtt net bëlleg

E Mëttwoch haten d‘Ministere Pierre Gramegna (Finanzen), Dan Kersch (Aarbecht) an de François Bausch (Infrastrukturen) den éischte Volet zum ambitiéise Programm „Neistart Lëtzebuerg“ op de Leescht geholl, an haut hunn d‘Ministere Franz Fayot (Wirtschaft) an de Lex Delles (Mëttelstand an Tourismus) sech och dozou geäussert.

Fir de Pierre Gramegna, deen d‘Zukunft eppes méi virsiichteg ugeet, an net dovunner ausgeet, datt en bannent de nächsten zwee Joer nach wäert zu Wuesstem kommen (woubäi datt jo awer emol den zentralen Thema an der Regierung war) wäerten déi ronn 20 Mesure vum Programm mat bis zu 800 Milliounen Euro musse begleet ginn. Am Kontext vum progressiven Deconfinement, ginn et dann och Secteuren déi méi staark betraff si wéi anerer.

Gemengt sinn hei an éischter Linn d‘Gastronomie a sengem ganzen Ëmfang, den Hebergement, den Tourismus, d‘Kultur wéi och all déi Betriber déi am Event-Beräich aktiv sinn an alles wou den direkte Kontakt mam Client (bsp. kosmetesch Kierperfleeg) zur Geschäftsgrondlag gehéiert. Fir all déi heivunner betraffe Secteuren eppes méi konsequent ze stäipen, huet d‘Regierung beschloss ee Relance a Solidaritéitsfong fir d‘Dauer vu sechs Méint anzeriichten.

Dëse Fong soll ab dem 1. Juli aktivéiert ginn, mee enthält eng Rei Konditiounen. Dat Geld wat hei de Betriber zur Verfügung gestallt gëtt, ass komplementar zur vereinfachter Prozedur vun der Kuerzaarbecht, a soll primär deenen Entreprisen zerguttst kommen, déi hir Dieren nach net dierfen opmaachen. Dësen Hëllefspak (3 Milliarden Euro) kënnt „on Top“ zu de schon getraffe Mesuren, déi mat 10,4 Milliarden Euro beziffert goufen.

Laut dem Finanzminister heescht et sech allerdéngs och eng staark Rezessioun anzestellen an fir dëser ze begéinen, huet d‘Regierung beschloss, datt de Staat u sengen Investitioune wäert festhalen an dës 2021 nach emol ëm 6,3% erhéije wäert. Dat ass allerdéngs nëmme méiglech, wann sech jiddereen derzou entschléisst dëse Wee matzegoen. Dat, datt d‘Menagen hir Rechnungen, d‘Betriber hir Fournisseuren an d‘TVA bezuele fir datt d‘Wirtschaft kann dréinen.

De Pierre Gramegna huet dann och nach emol en Appell un d‘Proprietäre geriicht, d‘Loyere vun de Geschäftsleit an de Betriber erofzesetzen. Si ginn dozou, mat engem op 15.000 Euro plafonnéierte steierlechen Abattement encouragéiert. Net ze vergiessen, datt d‘Regierung all Hausse bei de Loyeren (och privat) bis zum 1. Januar 2021 ënnersot huet. Och d‘Affekoten an hir Stagiaire kréien eppes Hëllef: d‘Entschiedegung fir juristesch Assistenz gëtt ëm 10% ugehuewen.

Fir d‘Beräicher Kultur, artistesch Kreatioun an de Sport soll et zu spezifeschen Hëllefe kommen, an och d‘Allocatioun „vie chère“ (Gromperegeld) gëtt fir 2020 verduebelt. Et gëtt ee Congé fir de „Soutien an der Famill“ agefouert, dat fir all déi Leit wou sech ëm ee Familljemember këmmere mussen. Och un d‘Studente gëtt geduecht – déi hu jo aktuell net wierklech vill Optiounen sech en Täschegeld ze verdéngen – um Detail gëtt grad geschafft.

Um haitege Freidegmueren hunn d‘Ministere Fayot an Delles, nach emol déi grouss Zich an och eng Rei Punkte vum Mëttwoch widderholl. De Wirtschaftsminister huet awer op de Strukturwandel higewisen, dee mat der Wirtschaftskris muss anhier goen. Hei géif et zwou Prioritéiten: 1) Nohaltegkeet & Kreeslafwirtschaft: 2) Digitaliséierung. An et ass och net de Staat eleng dee soll u sengen Investitioune festhalen, dat sollen d‘Entreprisen och.

Fir d‘Betriber, déi eigentlech am Kontext vun enger annoncéierter Rezessioun aus verständleche Grënn éischte beduecht all Euro zesummenzehalen, brauch et awer Motivatioun. Wien innovéiert, seng digital Instrumenter op de neiste Stand bréngt a seng Leit entspriechend forméiert, fir emol dëst Beispill ze ergräifen, kann en Zouschoss vu bis zu 50% zougestane kréien. Gläiches gëllt fir an Energieeffizienz oder soss ëmweltfrëndlech Investitiounen.

Jee no gréisst vun der Entreprise, kann ee bei Investitiounen an neit Equipement bis zu 30% Zouschoss zougestane kréien, a wann een op d‘Kreeslafwirtschaft setzt, gëtt et nach emol eng Tranche vun 20%. Och dat huet säi Präis, well dës „Hëllefe“ muss een net rembourséieren. Hei läit de Plafong bei 800.000 Euro. Déi gesamt Enveloppe fir dës Mesure huet de Minister mat 30 Milliounen Euro beziffert.

Wann et bis rullt…

Mat Luxinnovation gëtt och un engem Programm zur Berodung vun der strategescher Ausriichtung geschafft, dorops wëll hien zu engem spéideren Zäitpunkt zréckkommen. E Pilotprojet dee scho stattfonnt huet, wier ganz gutt gelaf, firwat et kengem schwéier gefall wier, datt weider unzewennen an bis zu 50% vun de Käschten ze iwwerhuelen, fir all d‘Betriber déi vun dëser Offer gebrauch maachen. Dat kléngt gutt, mee et sollt een den Detail awer ofwaarden

Fir de Mëttelstand- an Tourismusminister Lex Delles sinn all dës Instrumenter gutt a wichteg. Si kënnen derzou bäidroen, datt sech Lëtzebuerg besser aus der Affär zéie kann, wéi vill aner EU-Partner. Hien huet erwäänt, datt op den Dag vun haut, ronn 65 Milliounen Euro Direkthëllef ausbezuelt goufen. Et géif awer net nëmmen drëms goen ze läsche wou et brennt, mee och a virun allem d‘Viabilitéit vun de Geschäfter a Betriber ze sécheren.

Dat ass och wichteg, fir datt de Konsument net d‘Vertrauen a seng lokal Entreprisen, Betriber, Geschäfter an d‘Gastronomie verléiert. D‘Online-Plattform Lëtzshop hätt zudeem gewisen, datt d‘Leit un hire Geschäfter festhalen. Iwwer 15.000 Commande wieren iwwert dës Plattform gemaach ginn, esou de Lex Delles. A wéi engem Verhältnis dat zu anere „Plattforme“ steet ass leider net gewosst, mee et kléngt net no masseg vill…

Illustratioun: © Tom van Merrienboer / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Digitaliséierung, Kreeslafwirtschaft, Nohaltegkeet, Strukturwandel, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel