Search

You may also like

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt
Neiegkeeten

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt

De Black Widow vun der Steeseler Stuff Brauerei, ass esou

Gratis ëffentlechen Transport ab dem 1. Mäerz 2020
Neiegkeeten

Gratis ëffentlechen Transport ab dem 1. Mäerz 2020

Fir et direkt emol däitlech ze maachen: de Minister François

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall
Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall

Aus roude Steng ass se gebaut, mat Begeeschterung gëtt et

Dat neit Covid19-Gesetz ass duerch

Et ass nees stramm hiergaangen an der Chamber, mee d‘Koalitiounsparteien hunn hire Wëlle kritt

Dat neit Covid19-Gesetz ass duerch

D‘Oppositioun hat scho viru knapp engem Mount net vill vun den zwee Gesetzer gehalen, déi d‘Regierung nom Etat de Kris am Kontext vun der Covid19-Pandemie op den Instanzewee bruecht hat, an folgerichteg och nëmme mat den „eegene“ Stëmmen duerchgesat kritt huet.

Gëschter ass et an der Chamber dann ëm dat neit Gesetz (7622) gaangen, dat jo déi zwee op ee Mount befrist Gesetzer ofléise muss, déi de 24. Juli hir Validitéit verléieren. Gesetzer allerdéngs, esou onverständlech wéi ënnerschiddlech ze interpretéieren, datt d‘Bierger sech net emol d‘Méi gemaach hunn ee Bléck drop ze werfen. An esou hunn dann och vill Leit gemengt et wier nees alles erlaabt, wat sécherlech och säin Deel derzou bäigedroen huet, datt d‘Infektiounszuele klammen.

Fir de Rapporter vum Gesetz, Mars di Bartolomeo, d‘Geleeënheet ze bedaueren, datt et mam Verstand a der Vernonft net wäit hir ass. Et hätt ee d‘Léngt ze labber gelooss, an esou dem Virus d‘Chance ginn sech nees auszebreeden. En Constat deen op breet Zoustëmmung gestouss ass, firwat ee sech séier drop verstännege konnt, datt een nees zu méi restriktive Mesure gräife muss.

Restriktiv Moossnamen déi och Uwennung am private Beräich solle fannen. Dogéint huet sech gëschter just d‘ADR verwiert. D‘CSV, d‘Piraten an déi lénk, hunn d‘Mesuren, déi gëschter zum Vott virgeluecht goufen, begréisst. Mee dat war et schonn, wëll d‘Gesetz ass zu gudder Lescht dann awer nëmme mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit ugeholl ginn. CSV an ADR hu kloer dergéint gestëmmt, d‘Piraten an déi lénk un et hirersäits virgezunn sech bei dem Text ze enthalen.

Jo, vläicht an awer eigentlech net…

Wann et scho fir den „normale“ Bierger komplizéiert genuch ass, sech mam Inhalt vum Gesetz ausenanerzesetzen, esou dierft et dësem nach eppes méi onverständlech sinn, wéi et méiglech ass, datt wann d‘Oppositioun zwar geschlossen hannert den Objektiver vun der Regierung steet, déi d‘Gesetz net unhuele wëll. D‘Äntwert dozou huet de Claude Wiseler (CSV) an engem Saz kënne resuméieren: „Dëst Gesetz léist keent vun de Problemer déi sech hei stellen“.

Säitens der CSV – an dat misst jo elo bekannt sinn – ass ee schluddereg mam Deconfinement ëmgaangen, et hätt weder kloer Richtlinne ginn, nach hätt een et ronn kritt kloer a virun allem verständlech ze kommunizéieren. D‘Majoritéit hält dergéint, an erënnert drun, datt et d‘CSV war, déi reklaméiert hat, datt e net séier genuch géif goen (Spillplazen, Kierchen a Sport).

Et war da leider éischter ustrengend dem Debat gëschter ze follegen. Et ass sech iwwert Detailer gestridde ginn, firwat déi vill nei Restriktiounen eppes ënnert dem verbale Radar verbliwwe sinn, woubäi déi jo eigentlech am Zentrum vun der Debatt hätte stoe sollen. Méi verständlech ausgedréckt: deene meeschten Intervenanten ass scheinbar drëms gaangen, sech virun der Vakanz nach emol an Zeen ze setzen. Dat ass schued an der Chamber wéi den Deputéierten net wierdeg.

Wat muss een zréckbehalen?

Bei „Versammlungen am private Beräich“ gëllen elo nei Virschrëften. Ab muer heescht et: wann ee manner wéi 20 Leit op Besuch huet, gëllt just d‘Recommandatioun sech un d‘Gest Barrière ze halen a wann et der méi sinn, muss ee ronderëm Dëscher setzen, déi mindestens 2 Meter vun enaner ewech stinn. Ass dat net Fall, also wann d‘Leit stinn an/oder ze no beienaner sinn, muss een elo och doheem eng Mask undoen. Datt et faktesch onméiglech ass dat ze kontrolléieren ass gewosst.

Mee de Rapporteur léisst sech vun esou enger Kritik net perturbéieren a stellt fest, datt hei drëms geet der Bevëlkerung ee klore Message ze iwwermëttelen. Dat wier der Regierung bis ewell net wierklech gelongen, an dës Feststellung gëtt vum Sven Clement (Piraten) däitlech gedeelt. Woubäi Reuniounen doheem, wou méi wéi 20 Gäscht Plaz hunn, dierft enger Elite virbehale sinn…

Wou een dann awer muss begréissen, datt d‘Regierung den Nol op de Kapp getraff huet, ass de Fait datt elo béi Verstéiss am Horesca-Secteur, net nëmme méi de Wiert Hand un de Portmonni leeë muss, mee d‘Clienten déi vu Consigne wéineg halen, elo bei engem Verstouss direkt mat 145 Euro bedeelegt ginn. Dat verhënnert net, datt de Wiert nach ëmmer mat bis zu 4.000 Euro den Jackpot behält an och weiderhin eng administrativ Fermeture riskéiert, wa seng Gäscht net paréieren.

Besser informéiert

E Weidere Punkt dee vill Gebraddels verursaacht huet: d‘Zounam vun den Neiinfektiounen. Hei huet d‘Oppositioun op en Neits beklot, vun der Regierung net an deem Ëmfang informéiert ze ginn, wéi dat un a fir sech ubruecht wier. D‘ADR wéisst dann och gären, wat d‘Regierung der Chamber ze verstoppen huet. Eigentlech näischt, woubäi den Informatiounsfloss einfach onbeschreiflech schlecht ass. Eng batter Pëll déi net nëmmen d‘Deputéiert vun der Oppositioun schlécke mussen…

Ervirzesträiche wier nach d‘Feststellung, datt d‘Interventioune vun de Piraten an déi lénk, zu de konstruktive gezielt hunn. Si stelle fest, datt dëst neit Gesetz wesentlech besser wéi déi virecht Texter ass, mee et hinnen net méiglech dëst ze validéieren. Och si verweisen op déi zweiwelhaft Kommunikatioun hin a betounen, datt ee keen Text stëmme kann, wann net alles gewosst ass.

D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) huet sech nach emol widderholl, Et géife vun der Regierung keng Informatiounen zréckgehalen. D‘Regierung géif sech zudeem all Zeenario dat virgeluecht gëtt ukucken, mee zu gudder Lescht wier et awer ëmmer politesch motivéiert Decisioun an déi negativ Propaganda géif net derzou bäidroen, datt d‘Bierger méi Vertrauen entwéckelen. An esou Fäll hëlleft et richteg an ëmfangräich ze kommunizéieren, och mat (all) de Medien.

Illustratioun: © Anwar Hakim / unsplash

Related topics Chamber, Covid19-Gesetz, Gesetz 7622, Regierung
Next post Previous post