Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 16. Oktober)
feminist online dating Money pew research center 5 facts about online dating

https://moien.lu/who-is-big-chiefs-wife-dating/

All Dag geschéie vill Saachen op der Welt an zu

fun questions to ask while online dating
feminist online dating Money pew research center 5 facts about online dating

En Dag an der Natur – 300 spannend Aktivitéiten am Fräien

Vum 1. Abrëll bis den 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Europa däerf sech iwwert manner fréizäiteg Schoulofgänger a méi Diploméierter freeën
feminist online dating Money pew research center 5 facts about online dating

Europa däerf sech iwwert manner fréizäiteg Schoulofgänger a méi Diploméierter freeën

Europa huet sech fir 2020 villes virgeholl. Ee vun de

money

Neit Geld fir de Sultan vun Ankara

Haaptversammlung vun der tierkescher Zentralbank gouf virverluecht

Neit Geld fir de Sultan vun Ankara

Mat engem clevere Schachzuch, huet sech e Freideg den tierkesche President, Recep Tayyip Erdogan, en zolidd finanziellt Polster hisichtlech de Kommunalwahlen am Mäerz geleescht. D‘Haaptversammlung vun der Zentralbank ass ëm dräi Méint virverluecht ginn, an esou gëtt och de „Gewënn“ eppes éischter ausbezuelt. Geld dat de Sultan vun Ankara gutt gebrauche kann.

De Finanzminister an Eedem vum President, Berat Albayrak, muss sech d‘Hänn geriwwen hunn, ëmmerhin huet déi tierkesch Zentralbank e Gewënn an héicht vu 6,7 Milliarden US-Dollar gemaach, vun deenen 90% an d‘Staatskeess fléissen. Datt d‘Haaptversammlung vun der tierkescher Zentralbank virverluecht ginn ass, war schonn Ufank Januar beschloss ginn.

Mat e Grond dofir, déi schlecht Gesondheet vun der tierkescher Lira. Mat der Bedreeung, d‘Kurden a Syrien, a besonnesch d‘Kurdemiliz YPG ze bekämpfen, hunn d‘USA misse reagéieren. Den Donald Trump huet der Tierkei mat engem wirtschaftlechen Armageddon gedreet, sollten si sech un dësem treien an zouverlässegem Alliéierten am Kampf géint den Islamesche Staat (IS) vergräifen.

Onofhängegkeet vun der Zentralbank a Fro gestallt

Finanzexperte gesinn d‘Entscheedung, d‘Haaptversammlung vun der Zentralbank virzezéie mat Suerg, a fäerten datt dës Institutioun seng Onofhängegkeet beschnidde kritt. De Berat Albayrak, huet zudeem den 9. Januar erkläert, wat mat deem ganze Geld dat der Staatskeess zoukënnt, geschéie soll. Et soll d‘Liquiditéit vun der Regierung an den Entreprise verbesseren.

Den Oppositiounspolitiker Durmus Yilmaz, war tëscht 2006 an 2011 Chef vun der Zentralbank, a kommentéiert d‘Virgoe vu senger Regierung: „Et ass en eendeitegt Zeechen dofir, datt de Staat a Geldnout ass. Mee den Erdogan brauch Geld, fir virun de Kommunalwahlen am Mäerz, mat deem engen oder anere Wahlkaddo, d‘Leit ze iwwerzeegen d‘Kräiz op der richteger Plaz ze maachen“.

Wéi Recht den Durmus Yilmaz huet, erkennt een och dorunner, datt dem Recep Tayyip Erdogan seng AKP selwer, mat dëser Entscheedung onzefridden ass. An der AKP gëtt et anscheinend vill Kandidaten déi Angscht hunn, datt déi annoncéiert Rezessioun, der Oppositiounspartei CHP an d‘Hänn kéint spillen. Dat wëll den tierkesche President mat alle mëttel verhënneren…

Scholden, wat si scho Scholden?

Wien sech freet wéi esou e Wahlkaddo ausgesäit, hei e Beispill: D‘Regierung huet beschloss, datt d‘Tierken hir Kreditkaart-Scholde mat engem gënschtege Prêt bei enger staatlecher Bank bezuele kënnen. Dat ass eng Moossnam déi gutt ukënnt, well déi meescht Tierken hunn – wéi d‘Amerikaner – méi Kreditkaarten, an wann eng iwwerzunn ass, gëtt déi nächst geholl. Dat ass en Däiwelskrees.

Den Durmus Yilmaz huet weider erkläert: „De Finanzministère steet sech schlecht, well d‘Ausgab vu Staatsobligatiounen Enn 2018 net erfollegräich war. Den Zënssaz deen de Leit ugebuede ginn ass, war ze niddreg“. Mee et gëtt do och Stëmmen, déi dat ganzt eppes méi differenzéiert gesinn. Vill Prêten an héich Zënsen, hu fir héich Gewënner gesuergt, déi misst een notzen.

Esou sollt de Staat déi gutt 6 Milliarden US-Dollar séier an d‘Ekonomie stieche fir déi nees un d‘Rullen ze bréngen. Mee ob datt duer geet fir laangfristeg iwwert d‘Ronnen ze kommen? Et muss ee schliisslech bedenken, datt sollt de Staat de Bierger och no de Kommunalwahlen ënnert d‘Äerm gräife wëllen, da mussen aner Geldquelle fonnt ginn, Staatsobligatiounen hëllefen do net méi.

Foto: Archiv

Ähnlech Sujeten Durmus Yilmaz, Kommunalwahlen, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, Zentralbank
Nächsten Artikel Virrechten Artikel