Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei WLTP-Wäerter: Den Endverbraucher als Mëllechkou vun der Natioun
Neiegkeeten

Nei WLTP-Wäerter: Den Endverbraucher als Mëllechkou vun der Natioun

Am Kader vum Autofestival, deen elo ufänkt, wëll de Lëtzebuerger

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!
Neiegkeeten

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!

Gëschter Moien huet de maskéierte Brian Isaack Clyde am Earle

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht
Neiegkeeten

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht

Italien, déi drëtt Wirtschaftskraaft an der Eurozon, wäert haut säi

Neit Mënscherecht: Eng gesond natierlech Ëmwelt

Neit Mënscherecht: Eng gesond natierlech Ëmwelt

An engem oppene Bréif un de Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen, António Guterres, fuerdert déi global Naturschutzpartnerschaft BirdLife International, zu där och d’natur&ëmwelt Asbl gehéiert, haut zum 50. Joresdag vum Earth Day d’UNO op, ee couragéierten a beispilllose Schrëtt ze ënnerhuelen: Eng gesond natierlech Ëmwelt zu engem grondleeënde Mënscherecht ze erklären.

De Bréif, dee vollständeg verëffentlecht gëtt, fuerdert d’UNO op, als Deel vun hirer Äntwert op d’Coronavirus-Pandemie den „Artikel 31“ an déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter opzehuelen. En hält een universellt Recht op eng gesond natierlech Ëmwelt fest a garantéiert domat eng Politik, déi op Nohaltegkeet, wëssenschaftlechem an traditionellem indigene Wësse baséiert.

De Bréif an déi entspriechend ëffentlech Petitioun fuerderen dréngend, den Artikel 31 op d’Dagesuerdnung vum Sommet vun der UNO-Generalversammlung iwwert déi biologesch Diversitéit am September 2020 ze stellen, mam Zil déi definitiv Opnam vum Artikel am Dezember 2023 a soumat zum 75. Joresdag vum Vott vun der Allgemenger Erklärung duerch d’Generalversammlung ze feieren.

Den Erhalt vun der Ëmwelt, vun där de Mënsch an all Liewen ofhänkt, bleift bis ewell an der Allgemenger Erklärung fir Mënscherechter, déi sech aus den Äsche vum Zweete Weltkrich opgedoen huet a fir eng éischt Kéier déi grondleeënd Mënscherechter festgeluecht huet, onerwähnt. Am Fall vum Erfolleg wier dës Ännerungsdemande den éischten Zousaz säit der Proklamatioun vum Dokument am Joer 1948.

„Covid-19 ass déi gréisst global Kris zënter dem Zweete Weltkrich. D’Pandemie ass gravéierend. Mee si gëtt de féierende Politiker vun der Welt och d’Chance, jo souguer d’Verflichtung, d’Gesellschaft ze veränneren, fir eist Wuelergoen an déi zukünfteg Generatioune weider ze schützen“, seet d’Patricia Zurita, CEO vu BirdLife International. „D’Gesondheet vun eisem Planéit ass eis eege Gesondheet. Mir Mënsche si fir eist Iwwerliewen an eis geeschteg Gesondheet vun der Natur ofhängeg. Mee mir selwer hunn den natierlechen Equiliber vun der Äerd gestéiert.“

Mir befannen eis an enger Zwillingskris vu Klimawandel an Aartestierwen. Och Lëtzebuerg bleift vun dësen net verschount an d’Folge ginn ëmmer méi siichtbar. Dat wierkt sech natierlech och op déi mënschlech Gesondheet negativ aus. D’Wuerzele vun der aktueller Pandemie leien an der Verschlechterung an Zerstéierung vu Liewensraim an am illegalen Handel mat Wëlldéieren.

A wéi bei der Klima- a Biodiversitéitskris ënnersträicht Covid-19 emol méi d’Noutwennegkeet, fir couragéiert an entschloss ze sinn an zesummen ze schaffen – an zwar schnell.

Obwuel schonn an der Vergaangenheet probéiert ginn ass d’Recht op eng gesond Ëmwelt anzebezéien, hofft och d’natur&ëmwelt Asbl, datt dës Pandemie ee Weckruff ass. Déi global Leader, mee och de politesche System an d’Gesellschaft a Lëtzebuerg mussen elo zesummekommen a gemeinsam agéieren fir d’Natur nees hierzestellen an eis soumat viru weideren, ähnleche Krisen ze schützen.

D’natur&ëmwelt Asbl begréisst an ënnerstëtzt och d’Ausso vum Asunción Ruiz, CEO vu BirdLife-Partners SEO/BirdLife a Spuenien: „Den „Artikel 31“ wier ee Cadeau un d’Welt an un zukünfteg Generatiounen. A wéi een Zäitpunkt wier besser gëeegent wéi den Earth Day, fir dësen Artikel festzeschreiwen. […] Amplaz aus der Coronakris ze léieren, benotzen e puer féierend Politiker se zynesch als Virwand, fir den Ëmweltschutz zréckzedrängen. Eng gesond natierlech Ëmwelt als een hellegt Mënscherecht sollt eng Errongenschaft sinn, déi der Mënschheet an de kommende Joerhonnerten ze Gutts kënnt. Et ass den eenzege Wee, fir d’UN-Ziler fir nohalteg Entwécklung ze erreechen.“

Dëse Bréif ass Deel vun engem ëmfassendere Verstouss zur Verbesserung vun der Klima- an Naturpolitik um Enn vum UN-Joerzéngt zur biologescher Diversitéit an een oppenen Opruff un déi iwwreg Zivilgesellschaft vum Planéit zur Ënnerstëtzung. D’Recht op eng gesond natierlech Ëmwelt ass eng Aufgab, hannert där mir all sollte stoen, wa mir eist Wuelergoen schützen an eise Planéit rette wëllen.

D’natur&ëmwelt Asbl erhofft sech, datt Lëtzebuerg als progressiivt Land a virun allem als Kandidat fir den UN-Mënscherechtsrot fir d’Period 2022-2024, den Artikel 31 ab elo an an Zukunft ausdrécklech a proaktiv ënnerstëtze wäert. Let’s make it happen!

Matgedeelt vun natur&ëmwelt – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu
Opmaacherbild: © birdlife.org


Den Earth Day einfach erkläert? Kuckt Iech emol den Artikel 50 Joer Earth Day: Wëll mir eise Planéit méi schätzen a respektéiere mussen un!

Ähnlech Sujeten Aartestierwen, Artikel 31, Asunción Ruiz, Biodiversitéit, BirdLife International, Covid-19, Earth Day, Klimawandel, Mënscherechter, natur&ëmwelt, Naturschutz, Neit Mënscherecht, Pandemie, Patricia Zurita
Nächsten Artikel Virrechten Artikel