Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltnierendag 2020 – Kleng Organer, grouss Aufgaben
Stories

Weltnierendag 2020 – Kleng Organer, grouss Aufgaben

Um haitegen Weltnierendag läit de Fokus op der Gesondheet vun

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal
Stories

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal

Scho säit 1980 gëtt traditionell um haitegen Dag de Wal

Fënnef Doudeger no Messerattack a Paräisser Prefektur
Stories

Fënnef Doudeger no Messerattack a Paräisser Prefektur

Op der Île de la Cité (4. Arrondissement) zu Paräis

Nëmmen duerch komme geet net duer

Nëmmen duerch komme geet net duer

Fir um Riednerpult steet ee Mann mat Kostüm a Krawatte den eng Ried iwwert Flichten, Aufgaben an d’Liewen “dono” hält.  Wann dat der bekannt fir kennt hues de bestëmmt op der Uni Lëtzebuerg studéiert.

Gemengt sinn natierlech d’Aufgaben an d’Flichten, déi sou ee Studenteliewe mat sech bréngen. Geschwat gëtt awer och iwwer d’Liewen nom Studium an d’Situatioun um Aarbechtsmarché. De 15. September huet de Belval 600 néi Studente begréisst, well et war “Welcome Day” op der Uni.lu. D’éischt Semester si liicht ze erkennen: Nämlech un hiren ängschtleche Gesichter. Fir si ass et eppes ganz néits an eng gewëssen Ëmstellung zum Lycée. Si wëssen nach net wat déi nächst Méint op si duer kennt. Keng Angscht si wäerten et nach frei genuch eraus  fannen. De Studium ass nämlech mat vill Aarbecht a Recherchë verbonnen.

Deenen alen Huese mécht kee méi eppes fir

De Wapp geet virun allem deenen Néien, wann se den éischte Cours beim Dekan vun der Fakultéit fir Sproochen a Literatur beleeën. Hie straalt dach eng gewëssen Autoritéit aus. Deenen “alen Huesen” déi schonn e puer Semester dobäi si mécht dat alles näicht méi aus.

Nëmmen duerch komme geet net duer

Den Uni System Ënnerscheed sech vum System am Lycée, do kënne mol Froen optauchen: Wat sinn ECTS? Wéi eng Coursë muss ech beleeën? Wat, a ganz wichteg wéi vill muss ech maache fir duerch ze kommen? Kann ech een Niewefach opbauen (fir déi ganz motivéiert Studenten – jo si existéiere wierklech)? Hëllef! Wei soll ee do eenz ginn? Ganz einfach an dem eng Informatiounsveranstaltung besicht, déi fir all Studiëgaang separat organiséiert gëtt.

Firwat wollt ech studéieren?

A jo et verbessert meng Chancen um Aarbechtsmarché. Mee kann ech dann elo Heem?  Ah nee et gëtt nach eppes ze drénken an z’iessen. Et gouf nämlech e BBQ organiséiert . D’ Bare an d’ Restauranten hun Partië fir d’Studenten organiséiert. Et muss een sech un d’Studenteliewe gewinnen, domadder soll net ugedeit ginn datt Studenten nëmmen drenken a Party maachen. Mee d’Uni Lëtzebuerg organiséiert méi oft kulturell Evenementer a Partien.

Wou muss ech een Méinden schon mei hin?

Keng Anung! Dann dréine mer eben nach een Tour duecht d’Gebai. Ah do ass mäin Sall! Fir sech e Méinde besser kënnen ze orientéiere kann een awer och einfach eng Visite Guidée iwwert de Campus maachen. E méi oder manner erfollegräicht Joer (je no Motivatioun vum Student) kann e Méinden ufänken. D’Proffen an d’Studente si prett. Ze hoffe bleift, datt de Fonds Belval de Studenten hir Klassesäll léisst. Fir datt si an enger agreabeler Atmosphär léiere kennen. Ouni mussen op e Stull a en Dësch ze verzichten.

Ähnlech Sujeten Belval, Studenten, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel