Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn
definition dating agency

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn

Trotz internationale Protester huet d‘Regierung vum Sultanat Brunei seng Legislatioun

matchmaking videogiochi
definition dating agency

Muer heescht et um Krautmaart: „Rentrée parlementaire“ (Kommentar)

Wa muer d‘Chamber hir offiziell Rentrée zelebréiert, da schonn déi

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!
definition dating agency

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!

Um 16. Juli 1969 hunn d’USA Raumfart-Geschicht geschriwwen. Fir d’Missioun

Nëmmen e Mëssverständnes?

D‘Astrid Lulling an d‘Groussherzogin hu sech an d‘Hoer Kritt, elo ass d‘FNFL aus dem CNFL geflunn

Nëmmen e Mëssverständnes?

Eng Regentin an eng Damm déi et gäre „riicht eraus“ huet, hunn sech am Summer beim engem Treffen op Schlass Bierg an d‘Hoer kritt. Bei dëser Reunioun tëscht den Organisatiounen déi sech fir d‘Rechter vun de Fraen asetzen an der Groussherzogin Maria Teresa, soll d‘Astrid Lulling, Presidentin vun der nationaler Federatioun vun de Lëtzebuerger Fraen a fréier Europadeputéiert, eng aner Opfaassung, wat d‘Situatioun vun de Fraen zu Lëtzebuerg betrëfft, gehat hunn.

Wéi et heescht, hätt d‘Groussherzogin dës „Situatioun“ als katastrophal beschriwwen, en Avis deen d‘Astrid Lulling net esou wollt hinhuelen. Verständlech, ëmmerhin dierf een dem Astrid Lulling ënnerstellen eng vun den éischte politesche „Feministinnen“ gewiescht ze sinn. Si hält also der Groussherzogin entgéint, datt mat dëser „Behaaptung“, all déi Schluechten déi d‘Organisatiounen zanter 6 Joerzéngte geschloen hunn, zu kengem valabele Resultat gefouert hätten, wat falsch ass.

Domatter net genuch. Et heescht hei weider, datt d‘Maria Teresa deklaréiert huet, datt d‘Fraen an der Monarchie diskriminéiert géifen. Hei hat d‘Groussherzogin alt nees de richtegen Nerv getraff a wann ee weess, datt d‘Astrid Lulling alles wéi just grad net op de Mond gefall ass, huet et och eng entspriechend Äntwert ginn. Si huet „esou galant wéi dat fir e Minettsdapp méiglech ass“ drop higewisen, datt d‘Frae vu Kinneken, Kinniginne, d‘Männer vu Kinniginnen nëmme Prënze sinn.

Et wieren also éischter d‘Männer, déi an de Monarchien d‘Nokucken hätten. Net wierklech en Dissens, éischter eng Differenz bei den Usiichten an esou eigentlech kaum e Grond déi ganz Geschicht un déi grouss Klack ze hänken. Jo nee an awer… well do ass jo nach d‘Beroderin vun der Groussherzogin. An d‘Chékéba Hachemi muss d‘Geleeënheet verpasst hunn sech erauszehalen, wéi si dann och nach hire Pefferkär bäigedroen huet, vun deem ee sech freet wéi en an de Kontext passt.

D‘Conseillère vun der Groussherzogin huet jiddefalls gemengt, datt wann de Fändel dee op Schlass Bierg am Wand hänkt, d‘Presenz vum Groussherzog signaliséiert, och misst fir d‘Groussherzogin opgezu ginn. Zur Entschëllegung vun der Conseillère wier ze soen, datt si elo net mam Protokoll vertraut ass, mee dat mécht et jo och net besser. Jiddefalls hat d‘Astrid Lulling eng „aner“ Meenung an huet déi och zum Ausdrock bruecht iert si es da genuch hat an d‘Sëtzung verlooss huet.

Elo heescht dann, datt d‘Groussherzogin vun dësem Virfall immens emotional getraff war, an datt esou de Vetriederinne vum CNFL matgedeelt huet. Si huet zudeem dem Astrid Lulling verbueden iwwert déi ganz Saach ze schwätzen (wat gewot ass) an déi huet och net den Interessi vum grousse Public doranner gesinn, firwat et hir net schwéier gefall ass, dësem „Wonsch“ ze entspriechen. Fir d‘Ëffentlechkeetsaarbecht waren anerer „agesprongen“, ouni dozou opgefuerdert ginn ze sinn

D‘Sylvie Michel vun der FNFL huet – wat och nees verständlech ass – mat hirem Liewenspartner iwwert den Echange tëscht der FNFL-Presidentin an der Groussherzogin bericht. U sech „banal“ wann et net esou wier, datt dëse Liewenspartner keen anere wéi de Fernand Kartheiser ass, dee fir den ADR als Deputéierten an der Chamber sëtzt. Hien huet dat gemaach wat Politiker an esou Fäll alt esou maachen: eng parlamentaresch Fro un de Premierminister Xavier Bettel geriicht.

No den Doleance vun der Groussherzogin, war ee beim CNFL wéineg „amuséiert“ iwwert den Optrëtt vum Astrid Lulling a wéi dunn och nach dat Ganzt vun engem Mann zum Politikum gemaach gouf, wouduerch de Wonsch vum Maria Teresa „den Deckel drop ze halen“ net soll respektéiert gi sinn, war ee liichte saierlech. D‘Konsequenze goufen dann e Méindegowend gezunn. De CNFL huet d‘FNFL ausgeschloss. Bei dëser Entscheedung war d‘Astrid Lulling net uwiesend.

Si huet op Nofro matgedeelt, dat et zu dësem Ausschloss nach keng offiziell Note gëtt, a behaapt sech drop leedeglech eng aner Meenung wéi déi vun der Groussherzogin zum Ausdrock bruecht ze hunn. Sécher ass allerdéngs, datt een d‘Astrid Lulling net virféiere kann. Si ass zanter 1994 eng gutt Presidentin vun der FNFL an huet schonn aneres gesinn an erlieft. Si steet dann och wéi de Fiels an de Brandung an hëlt d‘Erausfuerderung un. Et wäerten sech elo Juristen domatter ploen dierfen.

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten CNFL, Feminismus, FNFL, Fraerechter, Groussherzogin Maria Teresa, Schlass Bierg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel