Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Kinnekswiss loves…“ mam Bryn Terfel, Gustavo Gimeno an dem OPL
dating today and in the past Neiegkeeten

cancer dating horoscope

Stars vun der klassescher Musek mat summerlescher Festivalatmosphär – och

https://moien.lu/speed-dating-bahrenfeld/
dating today and in the past Neiegkeeten

Esch an Zentrum vun der Kultur

An der virleschter Sëtzung vum Gemengerot vun der Stad Esch

PEITRUSS – Ee Psycho-Thriller ëm eng mysteriéis Léift
dating today and in the past Neiegkeeten

PEITRUSS – Ee Psycho-Thriller ëm eng mysteriéis Léift

Net méi laang, dann ass dem Lëtzebuerger Realisateur Max Jacoby

New Orléans: …nëmmen en Tropestuerm

Den Tropestuerm „Barry“ huet d‘Südküst vun den USA a bréngt masseg Waasser mat

New Orléans: …nëmmen en Tropestuerm

Si hate befiercht datt sech de „Barry“ zu engem Hurrikan géif entwéckelen, elo ass et dann awer „nëmmen“ en Tropestuerm. Manner geféierlech? Vläicht. Manner bedreelech? Sécher net. Säitens alle Meteorologe gëtt virun den heftegen Auswierkunge gewarnt, wëll de „Barry“ bréngt masseg Waasser mat…

Um Samschdegnomëtte war den Tropestuerm westlech vun New Orléans op d‘Küst gestouss. Laut dem „National Hurricane Center“ (NOAA) ass de „Barry“ mat Loftgeschwindegkeete vu bis zu 115 Km/H verhältnisméisseg gemälleg opgetrueden. Um Wee a Richtung US-Küst, hat sech de Barry zu engem Hurrikan vun der „Klass1!“ entwéckelt, huet dunn awer nees un Intensitéit verluer.

Tropestuerm

Eng „Entwarnung“ am eigentleche Sënn wëllen d‘Autoritéiten net vermëttelen. D‘Auswierkunge vum Tropestuerm wäerten sech nach bemierkbar maachen, esou d‘Experten. Déi maachen drop opmierksam, datt dat Geféierlecht um „Barry“ net d‘Loftgeschwindegkeete sinn, mee d‘Waasser datt de Stuerm mat sech dréit. Fir déi nächst Deeg ass mat Stuermflut a masseg Reen ze rechnen.

Tropestuerm

De Ken Graham vun NOAA bestätegt datt den Tropestuerm, deen sech iert hien op d‘Küst gestouss ass, sech nëmmen nach mat bis zu Km/H beweegt huet, iwwert dem Mier vill Waasser opgelueden huet, dat iwwer Land zu staarkem Reen an Iwwerschwemmunge féiere wäert. NOAA appelléiert un d‘Awunner sech vun de Stroossen ewech ze halen. Fir de Recht schéngt ee virbereet ze sinn.

Tropestuerm

Wou et net anescht méiglech war, hunn d‘Autoritéite vun New Orléans Zwangsevakuéierungen ugeuerdent an déi Bierger, déi baussent dem Iwwerschwemmungsgebitt wunnen, si gebuede gi fräiwëlleg d‘Gebitt ze verloossen. Et ass zudeem alles ze mobiliséieren ass och mobiliséiert ginn. Esou hunn sech d‘Rettungsdéngschter, d‘Küstewaach an d‘Police op dat schlëmmst virbereet.

Tropestuerm

Op Uerder vum Gouverneur, John Bel Edwards, huet d‘Nationalgard vum Bundesstaat Louisiana eng 3.000 Reservisten aktivéiert. Déi sollen sech mat Helikopter, Booter an anere Gefierer déi Waassertauglech sinn op strategesche Punkten opstellen, wat eng besser Koordinatioun vun den Asätz a Missiounen erméiglecht. Washington huet fir Louisiana den Noutstand ausgeruff…

mat indymedia/mia

Foto: De Barry ass keen Hurrikan, mee huet sech mat genuch Waasser opgelueden, fir an den nächsten Deeg vill Schued unzeriichten. © Nguyen van tan (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Hurrikan Barry, Louisiana, New Orléans, NOAA, Tropestuerm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel