Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trump ënner Beschoss no der Entloossung vum FBI-Direkter
Quiz Sport

Trump ënner Beschoss no der Entloossung vum FBI-Direkter

Mat der Entloossung vum James Comey huet sech den amerikanescher

Mënscherechtskommissioun mat der Äntwert vum Minister onzefridden
Quiz Sport

Mënscherechtskommissioun mat der Äntwert vum Minister onzefridden

No der Verëffentlechung vum Rapport, an deem d‘Opnamekonditioune vun den

money
Lëtzebuerg huet eng positiv Kompetitivitéitsbilanz
Quiz Sport

Lëtzebuerg huet eng positiv Kompetitivitéitsbilanz

Um Méindeg huet de Kompetitivitéit-Observatoire (ODC) d‘Resultater vum Bilan verëffentlecht.

Nëmmen Olympia-Kenner wëssen d‘Äntwerten op dës 8 Froen!

Nëmmen Olympia-Kenner wëssen d‘Äntwerten op dës 8 Froen!

Wéi gutt kenns du eis Olympia-Sportler


Wéi gutt kenns du eis Olympia-Sportler

Question 1 of 8.

De Josy Stoffel huet Lëtzebuerg ganzer 5 Kéieren op Olympiade vertrueden. A wéi enger Disziplin?

1. Velo
2. Turnen
3. Schwammen

Niewent sengen olympesche Leeschtungen war de Josy Stoffel och 16 Joer um Stéck Landesmeeschter am Turnen.

Question 2 of 8.

De Raphaël Stacchiotti war dräi Mol fir Lëtzebuerg dobäi. A wéi enger Disziplin?

1. Turnen
2. Dëschtennis
3. Schwammen

Fir d’lescht huet de Sportler 2016 un den olympesche Spiller am Schwammen deelgeholl.

Question 3 of 8.

De Schwëmmer Laurent Carnol war de Sportler vum Joer 2012 an ass gläich dräi Kéiere vir eis op d’Olympiad gaangen. Wéini fir d’lescht?

1. 2008
2. 2016
3. 2012

En huet fir d’lescht un der Olympiad zu Rio am Joer 2016 deel geholl.

Question 4 of 8.

Marie Muller huet Lëtzebuerg am Judo op den Olympiade vertrueden. Wéi eng Plaz huet d’Sportlerin 2012 bei den olympesche Summerspiller zu London erreecht?

1. Déi 2. Plaz
2. Déi 5. Plaz
3. Déi 3. Plaz

Marie Muller hat et 2012 op déi 5. Plaz gepackt. D’Sportlerin ass haut leider net méi aktiv: wéinst Verletzungen huet d’Marie Muller sech 2016 zeréck gezunn.

Question 5 of 8.

D’Liz May gehéiert zu deenen erfollegräichste Lëtzebuerger Sportlerinnen. Wéi oft war d’Triathletin Sportlerin vum Joer?

1. 3
2. 5
3. 6

D’Liz May war vun 2004 – 2007 an 2009 Sportlerin vum Joer.

Question 6 of 8.

Wéi vill Medailen huet d’Groussherzogtum offiziell bei den Summer a Wanterolympiade zesumme bis haut gewonnen?

1. 4
2. 2
3. 6

De Joseph Alzin huet bei de Summerspiller 1920 eng Sëlwermedaile gewonnen, de Josy Barthel 1952 eis eenzeg Goldmedaile. Gläich zwou sëlwer Medailen konnt de Marc Girardelli 1992 bei der Wanterolympiad kréien.

Question 7 of 8.

D’Ni Xia Lian ass am Dëschtennis immens erfollegräich. Wéi oft huet déi chinesesch Lëtzebuergerin un enger Olympiad deel geholl?

1. 3
2. 2
3. 4

Déi zweefach Welt- an Europameeschterin huet insgesamt véier mol un der Olympiad deelgeholl.

Question 8 of 8.

Och den Andy Schleck huet Lëtzebuerg op Olympiade vertrueden. 2008 huet en et am Velossport op déi 4. Plaz gepackt. Wou huet dës Olympiad Plaz geholl?

1. Helsinki
2. Seoul
3. Peking

Dës Summerspiller goufen zu Peking organiséiert.

Next question 1 of 8

All 8 questions completed!


Share results:

Wéi gutt kenns du eis Olympia-Sportler

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

D’Wanterspiller si voll am gaangen! Lëtzebuerg ass och erëm mat dobäi an dowéinst ass de Moment gënschteg, fir eng Kéier op eis Geschicht bei de Spiller zeréck ze kucken. Wéi gutt weess du Bescheed?

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Olympia, Quiz, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel