Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
Neiegkeeten

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!

The Polka King ass e Film, deen ee weder als

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung
Neiegkeeten

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung

Et war geselleg um grousse Gewerkschaftsmeeting zu Péiteng, wou den

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag
Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag

Um Donneschdeg sinn eis zwee Schwëmmer erëm bei den Olympesche

Wéi déi neoliberal Bildungspolitik d‘Chancëgläichheet ënnergrieft

De SEW/OGBL verdäitlecht dat um Beispill vun der Reform vum „cycle inférieur

Wéi déi neoliberal Bildungspolitik d‘Chancëgläichheet ënnergrieft

De SEW/OGBL huet schonn oft virun den desastréisen Auswierkungen, déi eng onkontrolléiert Schoul-Autonomie op déi Lëtzebuerger Schoullandschaft kéint hunn, gewarnt. Am Fall vun der kierzlech agefouerter Reform vum „cycle inférieur“ am generelle sekundären Unterrecht (ESG), loossen sech dës Auswierkungen däitlech ofliesen:

Mam Verweis op déi schoulesch Autonomie, huet den Educatiounsministère d‘Verantwortung am Bezuch op d‘Ëmsetzung vun der Reform, scho wäitgoend un déi eenzel Schoulen ofgetrueden, deenen et elo iwwerlooss bleift, déi vireileg agefouert a schlecht geplangte Reform ëmzesetzen.

Den Educatiounsministère huet et virun allem verpasst, eenheetlech a kloer Kritären am Bezuch op d‘Bewäertung, Leeschtungsufuerderungen, Promotioun an Ëmsetzung vun der Reform ze formuléieren. Dës Gesetzeslücken oder „schwammeg“ Instruktiounen, gi jee no Schoul ganz ënnerschiddlech ausgeluecht an ëmgesat:

  • Well et den Educatiounsministère verpasst huet d‘Leeschtungsufuerderungen am Bezuch op d‘Klassenaarbechte kloer ze definéieren, bleift et den eenzele Schoulen iwwerlooss, wéi eng Ufuerderungen si pro Cours a Fach un d‘Schüler stellen;
  • obwuel de Gesetzestext e Courswiessel tëscht „cours de base“ a „cours avancé“ eigentlech nëmmen nom éischten Trimester an nom Enn vum Schouljoer virgesäit, loosse verschidde Schoulen dëse Wiessel och nach nom zweeten Trimester zou;
  • de Gesetzestext léisst oppen, wéi no esou engem Courswiessel d‘Joresnout an engem Fach berechent gëtt;
  • d‘Schoulen entscheede selwer, ob hir Schüler vun de „cours avancé“ an de „cours de base“ zesummen an engem gemeinsame Cours, oder a getrennte Coursen, ënnerriicht ginn. A verschidde Schoulen ënnerriicht e Proff d‘Schüler vun de „cours de base“, zum Beispill an enger klenger Grupp vun ënner 15 Schüler. An anere Schoule ginn des Schüler zesumme mat de Schüler vum „cours avancé“ vun engem Proff an enger Klass vu ronn 25 Schüler ënnerriicht.

Dës Versaumnisser vum Educatiounsministère féieren derzou, datt d‘Schüler je no Schoul op ënnerschiddlech Bedingungen an Ufuerderungen treffen, an dofir de facto keng Chancëgläichheet herrscht.

De SEW/OGBL huet méi wéi nëmmen engt Kéier virun de Folge vun enger onkontrolléierter schoulescher Autonomie gewarnt, a fuerdert den Educatiounsministère dozou op, endlech senger Verantwortung nozekommen: Reforme musse virun hirer Ëmsetzung genee duerchduecht a geplangt sinn; Proffen, Schüler an Eltere mussen an dës Reformen abezu ginn an am Sënn vun der Chancëgläichheet, mussen déi selwecht Kritären an Ufuerderunge fir all Schoule gelten.

Fir de Schüler vum „cours de base“ am ganze Land déi selwecht Opstigschancen ze bidden, fuerdert den SEW/OGBL, datt Klassen an deene Schüler vum „cours avancé“ an am „cours de base“ gemeinsam ënnerriicht ginn, vun zwee Proffen am „Team-Teachung“ ënnerriicht ginn. Zudeem stellt de SEW/OGBL dee ganz komplexe Bewäertungssystem vun der Reform a Fro:

Vill Schüler an Elteren hu Schwieregkeete bei dësem Bewäertungssystem duerchzeblécken. An dësem Sënn fuerdert de SEW/OGBL den Educatiounsministère dozou op, en transparent a liicht verständlecht Bewäertungssystem anzeféieren, an Elteren an Schüler ëmfassend a verständlech iwwert d‘Reform a seng Konsequenzen ze informéieren.

Matgedeelt vum OGBL, aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Bildungspolitik, Claude Meisch, cycle inférieur, Educatiounsministère, Reform, SEW-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel