Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nord-Kivu: Dokteren ouni Grenzen am verstäerkte Kampf géint d’Ebola-Epidemie
Geek Neiegkeeten

Nord-Kivu: Dokteren ouni Grenzen am verstäerkte Kampf géint d’Ebola-Epidemie

Och no Méint ass den zweetgréissten Ebola-Ausbroch nach ëmmer net

money
Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg
Geek Neiegkeeten

Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg

Haut kritt Lëtzebuerg ee Gesetz, dat d’Erfuerschung an d’Notzung vun

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018
Geek Neiegkeeten

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018

En Donneschdeg huet d’Stad Lëtzebuerg erëm den desjäregen Anne Beffort

geek

Nerd News: Microsoft verbënnt „Chromium“ mat „Edge“

Nerd News: Microsoft verbënnt „Chromium“ mat „Edge“

De 6. Dezember huet Microsoft ugekënnegt, datt ee Pläng huet, fir de „Chromium“ an de Microsoft Edge um Desktop anzebannen. „Chromium“ ass e sougenannten „open-source“ Browser Projet dee vu Google entwéckelt ginn ass.

Laut Microsoft, soll dat zu enger besserer Kompatibilitéit fir d‘Leit bréngen an d‘Fragmentatioun fir Web-Entwéckler reduzéieren. Microsoft wëll sech och an de Chromium-Projet abréngen. „Eis geet et drëms, villen ënnerschiddlechen Notzer eng besser Interneterfarung ze erméiglechen“, heescht am Blog vum Microsoft-Vizepresident, Joe Belfiore.

Esou hätte Web-Entwéckler eng manner fragmentéiert Web-Plattform fir hir Projeten ze testen, wat sécherstellt, datt hir Produkter am netz manner Problemer opweisen, an et fir d‘User eng gréisser Satisfaktioun gëtt, wann déi hire Säiten opruffen. Et schéngt dann och eng richteg Entscheedung ze sinn, déi Microsoft hie getraff, woubäi et och Kritik gëtt.

Vill Käch versalzen d‘Zopp

D‘Annonce vu Microsoft huet sech misse Kritik vu Mozilla gefale loossen, e weidere grousse Browserplattform-Provider. Hei schreift de Chris Beard a sengem Blog: „Microsoft gëtt offiziell eng onofhängeg gedeelte Plattform fir den Internet op. Andeems Microsoft Chromium ophëlt, iwwergëtt de Konzern nach méi Online-Kontroll u Google“.

„Dat ka melodramatesch kléngen, ass et awer net. D‘Browser – Chromium fir Google a Gecko Quantum fir Mozilla – sinn aktuell déi Software, déi bestëmmend si fir alles wat mir online maache kënnen. Si bestëmmen d‘Core-Méiglechkeete mat deene mir den Inhalt vum Internet a Sécherheet kënne betruechten, a festleet wéi vill Kontroll mir iwwer dat hunn wat Websäite mat eis maachen“.

MicrosoftAus enger wirtschaftlecher Siichtweis, esou de Chris Beard, mécht d‘Entscheedung vu Microsoft Sënn. Betruecht een et vun engem soziale, biergerlechen an individuelle Standpunkt aus, da muss een dierfe feststellen, datt eis online Infrastruktur derbäi ass, an eng eenzeg Hand iwwerzegoen.

Konkurrenz am Netz

„Dat ass de Grond firwat et Mozilla gëtt. Mir stinn a Konkurrenz zu Google, mee net well et eng wirtschaftlech Opportunitéit ass. Mir mussen eis Kompetitivitéit asetze fir ee Gläichgewiicht am Internet ze behalen, déi och vun der Konkurrenz ofhängeg ass. D‘Konsumente sollen entscheede kënnen, an och Verbesserunge vun de Systemer fuerderen dierfen“, esou de Chris Beard.

Bei Microsoft huet een e Plang, an un deem wëll ee festhalen. Als éischt wiesselt Microsoft zu enger kompatibeler Chromium-Plattform, da kritt Edge en update a gëtt un all Windows-Versiounen „ausgeliwwert“ déi de Browser ënnerstëtzen. De Software-Konzern schafft awer weider u Web-Plattform Verbesserunge, fir Chromium baséiert Browser besser op Windows lafen ze loossen.

Éischt Resultater ginn sech scho fir d‘Fréijoer erwaart. Web-Entwéckler kënnen dann éischt Versich maachen. An den Joe Belfiore mécht en Appell: „Wann dir en Deel vun der „open-source“ Communautéit sidd, luede mir iech an mat eis zesummenzeschaffen, an d‘Zukunft vun Edge mat opzebauen, an eppes zu Chromium-Projet bäizedroen“.

mam Vincent Cordillo/IM-SFO

Ähnlech Sujeten Browser, Google, Internet, Microsoft, Mozilla
Nächsten Artikel Virrechten Artikel