Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Bréissel a London mat engem Léisungsusaz
devotions for couples dating

Brexit: Bréissel a London mat engem Léisungsusaz

Haut kënnt et am britesche Parlament nees zur Ofstëmmung iwwert

casual dating pub tennis
devotions for couples dating

logout asian dating

D’Steewoll-Fabrick steet, zesummen mat der Joghurt-Fabrick, weider an der Diskussioun.

money
Bettel a Macron mat ënnerschiddlech digitalen Usiichten
devotions for couples dating

Bettel a Macron mat ënnerschiddlech digitalen Usiichten

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat schonn annoncéiert, datt Bréissel 2018

„Gréng“ a „gréng“ ass nach laang net dat selwecht

Beim LCGB si se net vum Klimaplang an den unhängleche Steiermoossnamen iwwerzeegt

„Gréng“ a „gréng“ ass nach laang net dat selwecht

Beim LCGB war gëschter d‘Rentrée 2020 a wéi dat bei Gewerkschaften esou ass, gëtt dësen Dag och gäre fir politesch Message genotzt. Dat net zum Selbstzweck, mee och fir der CSV an hirer Oppositiounsroll eppes méi Gewiicht ze verléinen.

An esou huet de Patrick Dury, President vun der kathoulescher Gewerkschaft LCGB, sech mat de Pläng vun der Regierung ausenanergesat, mat deenen d‘Ëmwelt- a Klimaproblemer solle geléist ginn. Hien ass net iwwerzeegt an hält et fir absolut inakzeptabel, datt ekologesch Problemer zu soziale Problemer féieren an deit domatter däitlech op d‘Accisen Erhéijung an d‘CO²-Steier hin.

Woubäi och den LCGB-President am Trend vun der Zäit läit a weess dat esou munch Militanten duerchaus fir de „Klimaplang“ astinn. Esou huet hien dann och nach emol ënnerstrach, datt den LCGB all Moossnamen zur Reduzéierung vun den Zäregaser wëll ënnerstëtzen, esoulaang et net nees eenzeg dem Salariat zougemutt gëtt, d‘Käschte fir déi ekologesch Transitioun ze finanzéieren.

De LCGB erwaart a fuerdert zudeem vun der Regierung, datt si d‘Fuerschung fir klimaneutral Produktiounsmethode finanzéiert, woumatter et dann awer hien ass, dee Steiergeld an esou de Goss vum Salariat wëll opwannen. An dëse politesch-gewerkschaftlechen Zickzack-Kurs war eppes wéi de roude Fuedem beim Neijoerschdagspatt. Woubäi et och ganz gutt Usätz ginn huet…

Rock de Klima

Fir de Patrick Dury ass d‘Krichserklärung un de sougenannten Tanktourismus net nëmme schlecht iwwerluecht mee och de Mënsch fir domm verkaf. Ob d‘Pëtrolsproduiten zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun ausserhalb dem Land getankt ginn, reduzéiert villes mee sécher net den CO²-Ausstouss vum Verkéier. Et géif awer derzou bäidroen d‘Pendler déi net wierklech d‘Wiel hunn, voll a ganz ze penaliséieren an zugläich déi eege Staatskeess, vu sécherem Akommes ze trennen.

Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport wier ee gudde Schratt an déi richteg Richtung gemaach ginn, mee et sollt een sech dann och e Konzept gënnen, deen dësen ëffentlechen Transport och funktionell mécht. An och beim Wonsch alles op elektresch ëmstellen ze wëllen, stellt sech de Patrick Dury queesch. Hien ass net iwwerzeegt datt den CO²-Bilan vun engem e-Auto besser ass.

Woubäi hie ganz averstanen ass, datt d‘Elektromobilitéit grad am urbane Beräich zweiwelsfräi eng Verbesserung vun der Loft- a Liewensqualitéit bedeit. Mee da brauch et genuch Opluetstatiounen a méi elektresch „Geschäftsautoe“. Dat awer ass nees Contraire zur Politik, déi eigentlech ëmmer méi den Auto aus der Stad verdränge wëll, firwat stänneg de Parkraum verklengert muss ginn.

Beim Klimaplang huet den LCGB-President och eng differenzéiert Siicht op d‘Saachen. Laut dem Plang soll bis 2030 den Taux vun den erneierbaren Energie bei 30% leien, ouni dofir op Atomkraaft zouzegräifen. Hie wéisst dann elo awer gären aus wat déi aner 70% gemaach sinn. Mir empfeelen hei ee klärend Gespréich mat Energieminister Claude Turmes, dee misst jo d‘Äntwert kennen.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Accisen, CO²-Steier, Elektromobilitéit, Klimaplang, LCGB, Patrick Dury
Nächsten Artikel Virrechten Artikel