No schwéieren Ausenanersetzungen zu Calais gi Mesure gefuerdert
Mindestens 20 Blesséierter, dorënner fënnef déi mat Schossverletzungen tëscht Liewen
Mindestens 20 Blesséierter, dorënner fënnef déi mat Schossverletzungen tëscht Liewen
Am Kader vum 75. Joresdag zum Enn vum Zweete Weltkrich
Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann
Vu Mëtt Mee bis Mëtt Juni konnte mir op manner wéi 10 nei Fäll pro Dag erofgoen. D’Date bis den 13. Juli weisen eng Hausse vun 100 Fäll pro Dag an eng Verdueblungszäit vu 7 bis 8 Deeg. Aktuell géif all infizéiert Persoun méi wéi eng weider Persoun mam Virus ustiechen. Ma, och de Kurveverlaf deit op eng exponentiell Hausse hin, wouduerch een den Ufank vun enger zweeter Well erwaarde kann. Fir Research Luxembourg sinn d’Indicateuren eendeiteg.
Dobäi hunn d’Wëssenschaftler verschidde Modeller erstallt a kommen zu engem erschreckende Resultat: Bis Enn Juli kéint et 400 nei Fäll pro Dag ginn, wouduerch mir bis den 29. Juli déi 8.000 Fäll iwwerschreiden.
© Research Luxembourg
D’Mesuren, déi vun der Regierung getraff gi sinn, waren nëtzlech an hunn zu engem positive Verlaf vun der Situatioun bäigedroen. Datt déi positiv Fäll mam Deconfinement klamme géifen, hate sech d’Wëssenschaftler an d’Politiker vu vir eraus erwaart. Ma, duerch de Contact Tracing koum et glécklecherweis net zu enger signifikanter Hausse an och net zu enger zweeter Well.
Elo gëllt et, nees méi haart duerchzegräifen an d’Bevëlkerung drun z’erënneren, sech net de Batti ze stellen. Am Eeschtfall klëmmt d’Infektiounszuel esou staark un, datt et tatsächlech zur zweeter Well kënnt an Lëtzebuerg net genuch Intensivbetter zur Verfügung stoen huet. En zweete Lockdown oder souguer en uerge Fall am eegene Familljen- oder Frëndeskrees wëll wuel keen.
© Chamber/flickr
Och an de Kläranlage kann de Virus nees verstäerkt nogewise ginn. D’Resultater vun der Coronastep+ Analyse vum LIST verdäitlechen, datt besonnesch zu Beetebuerg, Schëffleng a Beggen eng Hausse bei der Presenz vu Covid-19 fonnt ginn ass. An den Anlagen zu Schëffleng a Beggen këmmert ee sech ëm d’Ofwaasser vun 230.000 Persounen.
Zënter Enn Juni konnt dës Erhéijung observéiert ginn, wat mat der tatsächlecher Evolutioun vun den Infektiounsfäll uechtert d’Land iwwereneen stëmmt. Just zu Ëlwen sinn d’Echantillonen negativ ausgefall.
LIST / Twitter
Generell ass d’DNA vum Covid-19 an de Kläranlage verstäerkt nogewise ginn. Méi wëssenschaftlech ausgedréckt erkläert et de LIST: „Charakteristesch Segmenter vun der genetescher Carte d’Identité vum Coronavirus goufen a méi héije Konzentratioune fonnt“. An de Kläranlagen zu Beetebuerg a Péiteng hätt sech d’Konzentratioun säit Juni quasi verdräifacht, wouduerch en hei „am meeschten touchéiert“ ass.
Am Géigesaz dozou gouf erausfonnt, datt d’Sitten zu Hesper an am Norden eng liicht Diminutioun, respektiv stabel Wäerter opweisen.
Fir de LIST beweist sech dëse System: „D’Iwwerwaachungsmethod vum Waasser ass e Fréiwarnsystem zum Optriede vum Virus an der Populatioun.“ Et kéint een eigentlech souguer soen: Dir loosst Iech vläicht net all mam Stäbchen testen, mee Äre Stullgang verréit méi, wéi Dir vermudde géift.
Opmaacherbild: © Chamber/flickr