Search

You may also like

money
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
Neiegkeeten WTF

Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“

E Samschdeg huet Spuenien sech vu senger beschter Säit gewisen.

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten
Neiegkeeten WTF

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten

Facebook huet sech, unhand enger selwer provozéierter Polemik, um Mëttwoch

Ammoniumnitrat-Explosioun zu Beirut
Neiegkeeten WTF

Ammoniumnitrat-Explosioun zu Beirut

Laut dem offizielle Wuertlaut, kéint eng Charge vun 2.750 Tonnen

surprise

Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen

Déi drëtt Versioun vun der Bréck iwwer Neiduerf gëtt nach emol iwwerschafft

Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen

D’Stad Lëtzebuerg kennt e puer Evergreen-Themen. Bescht Beispill dierft do den Tram sinn. Mee och d’Foussgänger- a Vëlosbréck, déi iwwert den Dall vun Neiduerf féiere soll suergt zënter 2008 fir Diskussiounen. Si soll d’Quartieren Cents, Neiduerf a Kierbierg matenee verbannen.

Esou sinn d’Vertrieder vum Syndicat d’intérêts locaux Neudorf vun Ufank un dobäi gewiescht sech dogéint ze wieren, wat zu iwwerschaffte Versioune vum Projet gefouert huet. Elo schalten sech och d’Piraten an.

Am Schied vun der Bréck

An enger Pressematdeelung schléissen sech d‘Stater Piraten verschiddene Kritikpunkten un. Sou géif de Schied vun der Bréck d’Awunner stéieren a Passante kéinten hinnen einfach an d’Wunnéngen era kucken. Och Brigande géif et erliichtert ginn, sech duerch d‘Bascht ze maachen.

Och déi aktuell Spillschoul misst laut der Pressematdeelung an deem Fall ofgerappt ginn. Mir hu bei der Stad Lëtzebuerg nogefrot a krute confirméiert, datt déi aktuell, drëtt Versioun vum Projet eng Hängebréck virgesäit. Déi géif ouni Pilieren auskommen, an et misst keng Spillschoul ofgerappt ginn. Dreck a Kaméidi gi vun den Awunner och gefaart, woubäi den aktuelle Projet e „Fallschutznetz“ virgesäit, wou et erschwéiert soll ginn, fir Saachen an den Dall ze werfen.

Alternativen a Verbesserungen

D‘Pirate géifen eng Alternativ virzéien: „E[ng] dovunner besteet doranner datt d‘Vëlo‘s Pist soll hannert den Haiser vum Cents laanscht goen, parallel zum Neiduerfer Dall, an deen dann Richtung Kierchbierg iwwerquieren via eng Konstruktioun déi ënnert der A1 Autobunnsbréck (contournement) hänkt.“ E gutt Beispill fir esou eng Konstruktioun wier do de Pont Adolphe, heescht et am Kommuniqué.

Un der aktueller Hängebréck gouf während der Presentatioun den 19. Juli generell kritiséiert, datt se 400 Meter vum Lift ewech géif leien. Allerdéngs gëtt nach eng Etude de faisabilité gemaach, fir ze kucken, op een se méi no bei eneen positionéiere kann.

D‘Stad Lëtzebuerg preziséiert, datt déi aktuell Versioun vun der Bréck de Virdeel huet, datt se sech dezent an d‘Ëmfeld integréiert. D‘Foussgänger- a Vëlosbréck soll eng Längt vun 200 Meter bei enger Breet vu 4,5 Meter erreechen an a Kombinatioun engem Lift, deen se separate Projet duerstellt, fonktionnéieren. De geschätzte Käschtepunkt fir déi zwee Projeten zesumme läit bei 11 Milliounen € (HTVA) wat Baukäschten ugeet.

Foto/Grafik: Steinmetzdemeyer Architectes Urbanistes

Related topics Lëtzebuerg, Neiduerf, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post