Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Chômage Zuele weider réckleefeg
https://moien.lu/just-friends-dating-service/ https://moien.lu/free-dating-website-online/

games dating online

Op den 30. Juni ass op e neits eng Baisse

speed dating hotels
https://moien.lu/just-friends-dating-service/ https://moien.lu/free-dating-website-online/

EU-Naturschutzdirektiven: Lëtzebuerg muss noleeën

An engem neie Bericht zur Ëmsetzung vun den zwou EU-Direktive

What the Fakt – Steif(f) an och nach ee Knapp am Ouer!
https://moien.lu/just-friends-dating-service/ https://moien.lu/free-dating-website-online/

What the Fakt – Steif(f) an och nach ee Knapp am Ouer!

Et ass d’Geschicht vun enger aussergewéinlecher Fra an hirer eenzegaarteger

Teheran net méi dem Atomofkommes verflicht?

Den UN-Sécherheetsrot hält e Krich tëscht den USA an dem Iran net méi fir ausgeschloss

Teheran net méi dem Atomofkommes verflicht?

Am Sträit tëscht den USA an dem Iran, gëtt sech den Ament an engem beonrouegende Grenzberäich beweegt. Deen éischten deen e Feeler mécht, eng ongewollten Aktioun oder e mëssverstane Geste an d‘Welt steet virum 3. Weltkrich. Zu dësem Fazit kënnt mëttlerweil och den UN-Sécherheetsrot.

De franséischen UN-Ambassadeur François Delattre gesäit d‘Welt virum „Ënnergang“ a veruerteelt dat béidsäitegt Säbbelgefuchtels an appelléiert d‘Konfliktparteien endlech zur Vernonft ze kommen: „Loosst eis dach no enger ausschliisslech politescher Léisung sichen“, esou seng Fuerderung bei der Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot. Schwiereg hei: et lauschtert keen dem Diplomat no!

Atomofkommes

Alles ass den Ament op „Eskalatioun“ ausgeluecht, an d‘Iraner – déi d‘USA als de „Schëllegen“ an „Ausléiser“ vum Konflikt – presentéieren, hunn elo och net grad eng grouss Panoplie un Optiounen, sech géint d‘Provokatioune säitens Washington ze verdeedegen. Wéinst de Sanktiounen ass den Iran ugeschloen a fir seng Muecht am Land ze behaapten, muss de Regime d‘Muskele spille loossen.

Si ënnerwerfen sech net

Esou verwonnert et net, datt den iraneschen UN-Ambassadeur Takht Ravanchi annoncéiert huet, datt déi islamesch Republik Iran ab haut (27. Juni) géint bestëmmten Oplage vum Atomofkommes verstousse wäert. Säin Argument fir dëse Schratt: „Den Iran eleng kann net, wëll net a wäert net eleng d‘Laascht vun dësem Ofkommes droen“. Woubäi och dat dem US-President net duer geet.

Atomofkommes

Wat awer heescht dat elo konkret? Wann et richteg ass, datt déi iranesch Atomagence bis haut all d‘Verflichtungen aus dem Accord agehalen huet, esou wëll Teheran déi zoulässeg Mass vun niddreg ugeräichertem Uran ab haut iwwerschreiden. Erlaabt wiere laut Ofkommes, de Besëtz vun 300 Kg mat 3,7% ugeräichertem Uran an de Rescht misst exportéiert ginn. Dat ass aktuell net méiglech.

Mat der Kënnegung vum Atomofkommes an der Reprise vun de Sanktiounen (Mee 2018) huet Washington den „Export“ quasi onméiglech gemaach. Mat de Sanktiounen – déi elo och géint de spirituelle Leader vum Land verhaange goufen – wëll den Donald Trump de Regime vun Teheran „zum Dialog zwéngen. Blöd datt si sech zu näischt zwénge loossen, scho guer net vun den USA.

Atomofkommes

Den Takht Ravanchi stellt fest: „Dat wat d‘USA ënnert engem oppenen Dialog verstinn, bedeit d‘Bestrofung vun enger ganzer Natioun, et bedeit Wirtschaftsterrorismus, militäresch Bedreeung an et bedeit Spionagedronen an den iranesche Loftraum ze schécken“. Datt d‘Ajatollahen ënnert dësen Ëmstänn kaum bis guer kee Gespréichsbedarf mat de Krichsdreiwer hunn, ass novollzéibar.

Nei Argumenter aus Washington

Datt et dem Donald Trump säin erkläerten Zil ass – a wahrscheinlech huet hien dat den Israelien an de Saudien esou versprach – de Regime vun Teheran ze stierzen an den Iraner eng „Demokratie“ no amerikaneschem Virbild opzezwéngen, dat ass e Fakt deen esou net méi vun der Hand ze weisen ass an iergendwann muss den US-President sengen Dreeungen och Dote follege loossen.

Atomofkommes

An den amerikaneschen UN-Ambassadeur, Jonathan Cohen, huet op neits d‘Verstéiss vun Teheran opgelëscht: verbuede Rakéitentester – mat Fluchkierper déi Atomsprengkäpp droe kënnen – an d‘Ënnerstëtzung vun Terrororganisatioune wéi d‘Hamas a Palestina oder d‘Houthi am Jemen. Den Asaz vun den USA hätt eenzeg zum Zweck, den Iran vum Bau vun enger Atombomm ofzehalen.

Réckendeckung erhalen d‘Amerikaner am UN-Sécherheetsrot vu Groussbritannien an Däitschland. Déi hunn en däitlechen Appell un d‘Iraner geriicht: „Haalt iech un d‘Atomofkommes“. En Appell deem sech no der Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot all déi europäesch Ambassadeuren ugeschloss hunn. Si iwwersinn heibäi galant, datt och si hir Versprieche géintiwwer Teheran ni gehalen hunn.

mat indymedia/nyc/lon

Foto: Den UN-Sécherheetsrot huet sech an der Nuecht op en neits mam Dissens tëscht den USA an dem Iran ausenanergesat. Eng „Léisung“ ass net a Siicht an engem eesäitegen Dialog sinn d‘Iraner net opgeschloss. Un d‘Ofkommes fille si sech dann elo och net méi gebonnen. © UNSC

Ähnlech Sujeten Atomofkommes, Iran, UN-Sécherheetsrot, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel