Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?
International Neiegkeeten

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?

Datt den Tram an der Stad fir onbequem Situatioune Suergt,

Ee Gesetzesverstouss an der Gemeng Suessem?
International Neiegkeeten

Ee Gesetzesverstouss an der Gemeng Suessem?

Den 11. Januar 2018 ass den neie PAG an PAP-Quartiers-existants

IndustriAll Global Union: Weltwäit Kollaboratioun tëscht Gewerkschaften an ArcelorMittal?
International Neiegkeeten

IndustriAll Global Union: Weltwäit Kollaboratioun tëscht Gewerkschaften an ArcelorMittal?

Zwee Deeg laang huet déi éischt Reunioun vum weltwäite Gewerkschaftsnetzwierk

Brexit: net wierklech en Accord, an awer…

Brexit: net wierklech en Accord, an awer…

Tëscht der EU a Groussbritannien ass et um Freideg nach emol héich hiergaangen. Um Enn ass ee sech da prinzipiell eens ginn en Accord ze hunn, mat dem een d‘Scheedung ka ugoen. Domatter ass de Wee dann elo fräi fir d‘Handelsofkommes.

No engem schlechte Start an d‘Woch, villem hin an hir, do ware vu London schnell Entscheedunge gefuerdert. An d‘Briten hunn de Schoss dann och héieren, esou datt d‘Premierministesch Theresa May sech dann um Freidegmuere mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zesummegesat huet.

Béid Dirigente konnten sech um Enn vun der Entrevue dann op ee prinzipiellen Accord eenegen. Domatter wier dann awer nach virun Oflaf vun der Frist déi éischt Verhandlungsphas ofgeschloss. D‘Trennung selwer ass dann allerdéngs nach net vollzunn, mee déi 40 Joer Partnerschaft waren och eng laang Zäit.

„Ech menge mir hätten elo den Duerchbroch erziilt deen noutwenneg war“, esou de Jean-Claude Juncker sichtlech zefridden no enger laanger Nuecht vun zéie Verhandlungen. D‘Kommissioun kann also mat guddem Gewëssen de Memberlänner bestätegen, datt genuch Fortschrëtter gemaach goufe fir an déi nächst Phas ze goen.

D‘Zoustëmmung vun de Länner, fir sech elo engem Handelsofkommes unzehuelen, soll et eréischt um Sommet vum 15. Dezember ginn. Elo muss sech dem Accord, den op 15 Säite festgehalen ass, ugeholl ginn. Deen Text ass et, deen et muss de Länner erlabe gréng Luucht ze ginn.

E „gudde“ Kompromëss

Well et dräi absolut Prioritéite ginn huet déi eigentlech och net zur Diskussioun stoungen, dorënner d‘Grenz op der irescher Insel, d‘Rechnung fir d‘Scheedung an d‘Rechter vun der Bierger déi expatriéiert sinn, hunn sech d‘Verhandlungen higezunn. Op 15 Säiten awer ass elo e Kompromëss festgehale ginn, dee vun der Kommissioun begréisst gëtt.

„Et muss en nach verschaffen, festegen a méi genau formuléieren“ warnt awer de Michel Barnier, deen d‘Verhandlunge fir d‘EU geleet huet. Hien ënnersträicht, datt de politeschen Accord am ireschen Dossier, deen um Méindeg fir Onstëmmegkeete gesuergt huet, elo nach just technesch Diskussioune mat sech bréngt.

„Mir garantéieren datt et a Nordirland keng fest Grenze mat Irland wäert ginn“ verséchert d‘Theresa May. Dat kann den iresche Premierminister Leo Varadkar nëmme begréissen: „Mir hunn d‘Assurance an d‘Garantien déi mir vu Groussbritannien brauchen“. Eng Grenz hätt sech negativ op d‘Wirtschaft vun der Insel ausgewierkt an och de Friddensaccord vun 1998 fragiliséiert.

Zu de Rechter vun den expatriéierten, esou huet d‘Kommissioun festgeluecht, datt „d‘Bierger vun der EU déi a Groussbritannien liewen, an d‘Briten déi an engem vun de 27 Memberlänner liewen, hir aktuell Rechter behalen, och wa Groussbritannien aus der EU ausgetrueden ass“.

Wat d‘Rechnung vun de Scheedungskäschte betrëfft, esou schéngt et, wéi wann ee sech zumindest iwwer d‘Methodik vun der Berechnung eens ass. Iwwer eng Zomm selwer ass um Freideg awer net verhandelt ginn. Gewosst ass dann, datt London seng Bäiträg zu de Budgeten 2019 an 2020 weider bezilt. D‘Engagementer a fréier Budgete ginn och gehalen.

Keng Rechekënschtler

„Mir kënnen déi genau Zomm net berechnen, well déi ganz Zuelen sech bewegen“, esou de Michel Barnier. Dat dierf verwonneren, zemools wou gewosst ass, datt déi lescht vun der EU virgeluechten Zuelen sech ëm déi 60 Milliarden Euro festgeluecht haten.

Schonn ënnert dem Feier vun der Kritik, déi der Premierministesch ëm d‘Ouere geflunn ass, hat sech d‘Theresa May ëffentlech zu engem Betrag tëscht 40 a 45 Milliarden Euro bekannt.

De Verhandlungsfortschrëtt huet awer dozou bäigedroen, datt um Freideg déi europäesch Boursse mat enger schéiner Hausse an de Weekend gaange sinn. Och dat britescht Patronat huet d‘Entwécklung am Brexit-Dossier begréisst. Méi verhalen d‘Organisatioun „The3Million“ déi vun „Ongewëssheeten“ fir d‘EU-Bierger déi a Groussbritannien liewen, schwätzt.

Esou bleiwen also trotz Accord nach Froen opstoen. Dat huet awer de President vum Europarot, Donald Tusk net dru gehënnert, de 27 nach um Freideg e Projet mat den Haaptlinne fir déi zweet Verhandlungsphas zouzeschécken. Dat och wëll de Sommet vum 15. Dezember muss virbereet ginn.

„Déi gréissten Erausfuerderung hu mer nach virun eis“ warnt den Donald Tusk, dee gläichzäiteg bedauert, datt „esouvill Zäit op den eigentlech einfachsten Deel vun de Verhandlunge verschwent ginn ass“. De Rotspresident wëll elo esou séier wéi méiglech, d‘Gespréicher iwwert eng Transitiounsphas lancéieren.

Am Januar direkt weidermaachen

Fir de Michel Barnier, sollten déi Gespréicher iwwert d‘Iwwergangsperiod an déi zukünfteg Handelsbezéiunge mat Joresufank gefouert ginn. An hei besteet sécherlech vill Gespréichsbedarf, well jo eigentlech déi éischt Phas nëmme „Prinzipiell“ ofgeschloss ass.

Zu Bréissel gëtt dann och nach drun erënnert, datt en Handelsaccord tëscht der EU a Groussbritannien fréistens ka finaliséiert ginn, wann d‘Briten aus der Unioun eraus sinn. Groussbritannien muss also fir unzefänken en „Drëttland“ ginn, iert et en Handelspartner vun Europa ka sinn.

Bis dohinner soll a muss awer de Kader opgeriicht ginn. Och enger politescher Deklaratioun, déi dem finalen Accord ugehaange ka ginn, gesäit een zoustëmmend entgéint. Mee nach hu mer net 2019 a bis dohinner ka sech bekanntlech nach villes doen.

Dat huet virun allem domatter ze dinn, datt d‘Fuerderunge vun de Brite mat beduecht musse behandelt ginn. Den Austrëtt aus dem Bannemaart an der Zollunioun kënnen net ouni Folge bleiwen. An de Michel Barnier huet dann och scho gewarnt: „e Fräihandelsofkommes um kanadesche Modell ass déi eenzeg Optioun déi um Dësch läit“.

Mam Marine Laouchez an dem Cédric Simon/AFP

Foto: Den anti-Brexit Aktivist Drew Galdron (l) an der Roll vum Ausseminister Boris Johnson, an d‘Madeleine Kay als „Superfra“ poséiere mat Hond virum Gebai vun der EU-Kommissioun zu Bréissel. E prinzipiellen Accord konnt hei um Freideg der Press matgedeelt ginn. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten Accord, EU, Groussbritannien, Jean-Claude Juncker, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel