Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an
Money Neiegkeeten https://moien.lu/dating-a-dawes-galaxy/

12 lead motor hookup

Wéi ee mat senger Vergaangenheet ëmgeet, seet vill iwwert een

dating apps for 50 plus
Money Neiegkeeten https://moien.lu/dating-a-dawes-galaxy/

Iraner beschlagnahmen op en neits en Tanker am persesche Golf

D‘Revolutiounsgarden am Iran hunn eegenen Aussoen no, e weideren Tanker

Vakanz mam Hausdéier: Wourop opgepasst MUSS ginn!
Money Neiegkeeten https://moien.lu/dating-a-dawes-galaxy/

Vakanz mam Hausdéier: Wourop opgepasst MUSS ginn!

D’Vakanzenzäit steet kuerz virun der Dier. Soumat erënnert de Ministère

moneysurprise

D‘Konsumente gi net zouversiichtlech an dat neit Joer

D‘Konsumente gi net zouversiichtlech an dat neit Joer

Déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) huet eng Enquête lancéiert, an aus där soll ervirgoen, datt d‘Konsumenten zu Lëtzebuerg der allgemenger Situatioun manner vertrauen. E Réckschlag ugesicht der gudder konjunktureller Lag a bezunn op eng „Hausse“ vum Vertrauen, tëscht September an Dezember.

Aus dem Rapport zur Konjunktur, deen d‘BCL gëschter verëffentlecht, huet geet ervir, datt déi befrote Menagen am allgemenge manner Vertrauen an d‘Lag vum Land hunn. Dësen Indexpunkt fält vun 13 am November op 8 am Dezember. Dat ass net näischt a werft Froen op, zemools d‘Ursaachen net direkt ersiichtlech sinn.

Méi konkret betruecht, maachen sech d‘Leit och eeschthaft Suergen iwwert hir finanziell Situatioun. Huet den Index am November hei nach bei berouegende 6 Punkte geleeën, esou rëtscht deen am Dezember bis op 3 erof.

Bleiwe mer beim Geld. Ëmmer méi Menagen hunn däitlech gemaach, datt se net méi wierklech an der Lag si Reserven ze bilden. E Punkt dee vun der BCL esou net erwaart ginn ass. Hei fält den Index däitlech vu 55 Punkten am November op 45 am Dezember. Dorausser léisst sech ofleeden, datt d‘Liewen zu Lëtzebuerg ëmmer méi „deier“ gëtt.

Esou schlecht ass et dann awer net

Et gëtt dann awer och Positives aus dem Rapport ze enthuelen. De stännege Réckgang vum Chômage an eng optimistesch konjunkturell Situatioun, dinn de Leit gutt. Si sinn, wat d‘Aarbechtsmaartsituatioun am Land ugeet, zouversiichtlech.

Mee un der BCL ze ënnersträichen, datt een d‘Zuelen och muss richteg interpretéieren. D‘Vertraue vun de Konsumenten ergëtt sech aus der Moyenne vu véier Komponenten: déi wirtschaftlech Situatioun vum Land, déi wirtschaftlech Situatioun vun de Menagen, d‘Méiglechkeet fir d‘Menage Reserven ze bilden an de Chômage.

Do huet 2017 d‘Vertraue konkret eng bei d‘Läffele kritt. Mee eenzeg 2017 ze betruechten, ass net Aussokräfteg an op der BCL bezitt een 2016 mat an d‘Analys an. Esou stellt d‘BCL fest, datt am Dezember 2016, d‘Vertrauen nach eppes méi „schlecht“ soll gewiescht sinn wéi am selwechte Mount 2017.

De Lëtzebuerger Konsument war also Enn 2016 nach manner zouversiichtlech wéi am Dezember 2017, an hat eigentlech kee Grond dozou. 2016 waren d‘Menagen allerdéngs nach iwwerzeegt, datt se kéinte Reserven opbauen, den Index deen Ufank 2016 ëm déi 30 Punkte gedréint huet, hat sech bis an den Dezember op 50 eropgeschafft.

Ähnlech Sujeten BCL, Konjunktur, Konsument
Nächsten Artikel Virrechten Artikel