Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt
International Neiegkeeten Stories

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt

Leschte Mëttwoch ass um Krautmaart, wann een dem Landwirtschaftsminister Fernand

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht

De Mohandas Karamchand Gandhi ass weltwäit bekannt als Fräiheetskämpfer vun

Reform vun der europäescher Migratiounspolitik
International Neiegkeeten Stories

Reform vun der europäescher Migratiounspolitik

Europa huet ee Migratiounsproblem, an dat net eréischt säit Moria.

Et ass net zu Madrid wou d‘Welt gerett gëtt

D‘Lobbye sinn ze staark, d‘Politiken ze schwaach an eigentlech wëll och keen eppes änneren...

Et ass net zu Madrid wou d‘Welt gerett gëtt

D‘COP25 geet an déi zweet Woch an et ass zumindest séchergestallt, datt et net wäert zu séieren an ëmfaassende Moossname kommen. De Klimawandel ka kommen, trotz oder méiglecherweis grad well d‘Fuerderunge fir ee Wiessel an der Klimapolitik ëmmer besser ze héiere sinn.

Bei der grousser Demonstratioun zu Madrid um Freidegowend huet d‘Greta Thunberg net gefeelt, an de Slogan an de Stroosse vun de spuenescher Haaptstad: „Rett d‘Welt, fir e Wiessel ass et nach net ze spéit“. Um Mikro a géintiwwer méi wéi enger hallwer Millioun Mënschen, huet déi 16 järeg schwedesch Klimaknetzel de Politiker an anere schäinhellege Gestalte verbal den Dicks gebéit.

„Déijéineg, déi un der Muecht sinn, mussen sech eis uschléisse well mir sinn déijéineg déi uféieren. Si mussen eis follegen, well mir déi sinn, déi weise wou et higeet“, esou d‘Greta Thunberg, dat hei nach emol betount huet, datt d‘Hoffnung op der Strooss ze fannen ass, awer sécherlech net an de Verhandlungssäll. Normal, op der Strooss geet ëm Solidaritéit, op der COP25 ëm dat grousst Ganzt.

Woubäi dat „grousst Ganzt“ zimlech komplizéiert ass, firwat et zanter 25 Joer ëmmer esou gemaach gëtt et wéi dat vun der wirtschaft an Industrie engersäits, an de wirtschaftleche bis kolonialen Interesse vun de „global Player“ anersäits, decidéiert gëtt. Séier an ëmfaassend Moossname gi vun der Finanz verhënnert, oder zumindest esou „behënnert“, datt sech maximal Geld maache léisst.

Et geet ëm „technesch Froen“

Zu Madrid wäerten (dat war allerdéngs och zu kengem Ament virgesinn) d‘Staaten an d‘Länner net erkläre wat se konkret wëlles hu géint de Klimawandel ze ënnerhuelen. D‘Patronne vum UN-Klimasekretariat, Patricia Espinosa, beim Optakt vun de Verhandlungen:

„Natierlech hu mir de Punkt ‚Emissiounsreduktioun‘ net op der Dagesuerdnung stoen. Dofir wäert et dozou keng Entscheedung ginn. Mee et gëtt vill Punkten op der Dagesuerdnung a Gespréicher op héchstem Niveau, bei deenen et ëm vill méi éiergäizeg Ziler goe wäert“. Iwwersat heescht dat: mir sinn net hei fir Entscheedungen ze treffen, mee der Welt ze weisen „dat mir kéinte wa mir wéilten“.

Et wier – wat faktesch absolute Blödsinn ass – schonn „e grousse Fortschrëtt an e wichtegt Signal“ wann déi wichtegst Industrie- a Schwellelänner (G20) et géifen hikréien unzebidden, datt si dat nächst Joer hir „verbessert“ Zilsetzunge, déi dann och iergendwann sollen ëmgesat ginn, virstellen. D‘G20 si fir 80% vun den Zäregasemissioune verantwortlech, dat ass jo genuch Verantwortung…

Eng Virreiderroll anhuelen

Europa an seng EU-Kommissiounspresidentin, déi zwar net iwwer genuch Fäegkeete verfüügt huet fir d‘Bundeswehr nees zu enger funktionéierender Institutioun ze maachen, soll sech nach méi ambitiéis Klimaziler setzen. De CO²-Ausstouss soll bis 2030 net méi ëm 40%, mee ëm 50 bis 55% reduzéiert ginn, bezunn op 1990. Fakt ass, schonn déi 40% sinn reng Utopie, ee schlechte Witz.

Woubäi et och immens wichteg ass op d‘Wierder opzepassen: d‘Ursula von der Leyen „fuerdert“ vun den EU-Memberlänner eng CO²-Emissiounsreduktioun, si verflicht keen zu dëser Reduktioun. Et ass – an esouguer do muss ee scho maximal positiv agestallt sinn – e „Virschlag“ eng Propose a kee Beschloss un deen ee sech ze halen hätt. Dat bedeit dann och nees, datt näischt gemaach gëtt.

Interessant och wéi verschidden Delegéierter hire rekreativen Openthalt op der COP25 berechtegen: „Déi europäesch Unioun schafft un hirem Beitrag, deen 2020 soll virgeluecht ginn. Mir si gudder Hoffnung, datt mir da vun alle Staaten – wéi zu Paräis vereenbaart – Beiträg wäerte gesinn“, esou déi däitsch Delegatiounscheffin Nicole Wilke. Wien iwwert eppes nodenkt kann net dru schaffen…

Emissiounszertifikater fir de maximale Profit

Zu Paräis haten sech déi bedeelegt Länner och derfir entscheet, datt Entreprisen a Regierunge mat Emissiounsrechter handelen dierfen, fir esou méi fir de Klima ze maachen. Eng zolidd Ligen an ee schlechte Bluff, bei deem déi Länner déi hir Emissiounen am stäerkste reduzéieren, dësen „Iwwerschoss“ a Form vun Zertifikater verkafe kënnen. Zanterhier sinn d‘Emissioune méi ginn.

Dat verlaangt elo eppes Erklärung: China, Indien a Russland hunn nach masseg „al Zertifikater“ déi dem Handelsmechanissem vum Kyoto-Protokoll entstamen. A mir schwätzen hei vun 19 Milliarden Tonne CO² – dat entsprécht den Emissiounswäerter vu 700 Kuelekraaftwierker déi 10 Joer ouni unzehalen ënner volllaascht Stroum produzéieren – déi richteg vill Goss wäert sinn.

Alt nees eppes wat de Bierger a besonnesch der Jugend, déi sech an der Beweegung „Fridays for Future“ bis ewell primär un d‘Politik wennen, fir e Wiessel ze fuerderen, sollt ze denke ginn. Wou et ëm Geld geet, a besonnesch wann sech domatter Wirtschaftsinteresse steieren oder beaflosse loossen, dann ass de Bierger, d‘Natur a schonn emol direkt de Klima beschtefalls eng Ressource.

Klimakatastrophen als Akommesquell

Et muss och drop higewise ginn, datt déi klimatesch bedéngte „Katastrophen“ net nëmme méi déi „aarm Länner“ heemsichen, mee och déi sougenannten Industrielänner betraff sinn. Dat kascht Geld dat weder d‘Industrie nach d‘Wirtschaft bereet ass opzewennen, egal op si zumindest partiell fir déi Situatioun verantwortlech sinn. Nee dës „Ausgaben“ gi selbstverständlech solidariséiert…

Bei vu Mënschenhand gemaachten Naturkatastrophe muss d‘Allgemengheet an d‘Täsch gräifen, fir d‘Reparaturen an/oder den „Neistart“ ze finanzéieren. Déi Industrie a Wirtschaft, déi eigentlech am Kontext vum „wie verursaacht bezilt“ misst fir de Schued opkommen, kann dës Katastroph als „Ressource“ notzen, a verdéngt sech um Klimawandel eng gëllen Nues. Esou geet „Win-Win“.

Gutt et gëtt, fir dat offensichtlecht net iwwer Mooss de Mënsche virun Aen ze halen, e Klimafonds. Wann et awer vun „Brot für die Welt“ heescht: „Verursaacher vun der Klimakris mussen och fir d‘Schied opkommen an dofir brauch et méi Geld“, da mengen si „Länner“ a keng Konzerner. Hei geet ee mam falsche Beispill fir, an et gëtt och vun ONGen de Leit vill Sand an d‘Ae gestreet.

Wann d‘Vergaangenheet egal ass brauch et keng Zukunft

150 Minister hu sech fir dës Woch zu Madrid ugekënnegt. Alleguerte verspriechen si gutt Absichten hunn, net awer och nëmmen usazweis selwer drun ze gleewen. Wann awer dann och nach gesot gëtt datt d‘Wëssenschaft déi gemeinsam Sprooch muss sinn, huet et nees e Widdersproch. Wann ee Politiker engem Wëssenschaftler nolauschtert, ass dëse vun de Industrie dofir bezuelt ginn.

Déi Wëssenschaftler, déi zanter de 70er Joren op den industriellen Impakt op d‘Ëmwelt (an esou och de Klima) higewisen hunn, deenen huet keen nogelauschtert. Wa Monsanto eng Etüd virleet, datt hir Pestizide net Ëmweltschiedlech sinn, dat riskéiert ee bis op säi politescht Mandat alles, fir dem Bierger ze erkläre wéi wichteg, sécher a virun allem nëtzlech d‘Zerstéierung eigentlech ass.

Eleng mat deem wat et aktuell u Kuelekraaftwierker an Europa gëtt, sinn d‘Klimaziler onméiglech ze erreechen, an dat ass wierklech just ee butzegt Stéck vum grousse Puzzle. Wann da gesot gëtt, datt „Fridays for Future“ eng politesch Beweegung ass, zu där et eng Regierungsmeenung misst ginn, esou wéi et d‘Nicole Wilke zum Ausdrock bruecht huet, weess een: den Interessi ass „Fake“.

mat indymedia/mad

Foto: UN-Weltklimakonferenz ass net geduecht d‘Welt méi gerecht oder besser ze maachen. Hei geet et drëms der Mënschheet en „Dram“ ze verkafen. Dofir geet vill Geld opgewannt, mat deem sech tatsächlech Moossname géife finanzéiere loossen. Fir den Dreck deen entsteet kënnt jo egal wéi ëmmer de Steierzueler op. © Kelly Trout

Ähnlech Sujeten COP25, Klimanoutstand, Klimaverspriechen, Madrid, UN-Weltklimakonferenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel