Search

You may also like

Schonn déi 25. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“
Kultur Stories

Schonn déi 25. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“

Ob sech d‘Jongen an d‘Meedercher, déi viru gutt engem Véierelsjoerhonnert

Kitshickers & The Majestic Unicorns from Hell ass ofgesot!
Kultur Stories

Kitshickers & The Majestic Unicorns from Hell ass ofgesot!

De Coronavirus fänkt un drastesch Folgen op d’soziaalt Liewen ze

surprise
Europa wëll kee Stress mat London, mee de Brexit gëtt eng haart Noss
Kultur Stories

Europa wëll kee Stress mat London, mee de Brexit gëtt eng haart Noss

Eng knapp Woch no sengem Besuch bei der britescher Premierministesch

Wat gëtt et Neies op Netflix am Dezember?

Am kalen Dezember kann een sech waarm Gedanke maachen, fir net ze erfréieren. Oder einfach doheem bleiwen a mat Frënn a Famill zesummen eppes op der Tëlee kucken. Mir ginn e klengen Iwwerbléck iwwert dat, wat nei op Netflix am Dezember ass.

Dark – Nei Serie, ab dem 1. Dezember

Dark ass déi éischt Serie, déi vun Netflix an Däitschland produzéiert ginn ass. An dëser Mysterie-Serie verschwannen zwee Kanner an enger klenger Stad. Déi éischt Staffel besteet aus 10 Episoden.

Fotoe: © 2016 Stefan Erhard

The Crown – Season 2, ab dem 8. Dezember

The Crown verschafft d’Liewen vun der britescher Kinnegin Elizabeth II. Déi éischt Staffel krut immens vill gutt Kritiken an hält beispilsweis bei Rotten Tomatoes e Freshness Score vun 91%.

Fotoe: DLW

El Chapo – Season 2, ab dem 15. Dezember

Bei dëser biographescher Serie geet et ëm den Joaquín Archivaldo Guzmán Loera, engem mexikaneschen Drogebaron.

Fotoe: Courtesy of Netflix

Fuller House – Season 3, ab dem 22. Dezember

D’Weiderféierung vun der erfollegräicher Serie Full House geet hierersäits an déi drëtt Staffel.

Fotoe: Mike Yarish

Bright – Film, ab dem 22. Dezember

Hannert dësem Film stécht den Regisseur vun Suicide Squad, David Ayer, deen op en Neits mam Will Smith zesumme schafft. Netflix huet iwwert 100 Milliounen US-Dollar bei der Produktioun vun dësem Film ausginn.

Fotoe: Matt Kennedy

Related topics Netflix, Serien, Streaming
Next post Previous post