Dës Pro-Cannabis Petitioun huet d’4.500-Ënnerschrëften-Hürd geknackt!
Hei zu Lëtzebuerg ginn zwar duerchaus vill Petitiounen agereecht, mee
Hei zu Lëtzebuerg ginn zwar duerchaus vill Petitiounen agereecht, mee
Dës Kaz ass gefréisseg, déck an ëmmer op der Sich
De Februar réckelt mi no. Dat heescht och, datt mer eis mol ukucken, wat deen Ament alles op Netflix kënnt. Wéi ëmmer: All Angaben ouni Garantie, also ëmmer schéin d’An ophalen!
De Februar fänkt gutt un mat Altered Carbon, der Adaptatioun vum Roman mam selwechten Numm vum Richard K. Morgan. Wien op Cyber Punk steet, sollt hei richteg sinn. Bei Coach Snoop managt den Snoop eng Equipe vun 13-järege American Football Spiller. On Body and Soul gouf vun Ungarn als Kandidat fir en Oskar an d’Renne geschéckt.
Op Standup-Comedy an Drumming beieneen passen, weist eis de Fred Armisen. The Ritual ass en Netflix-exklusiven Horrorfilm. An The Trader follegt eng Dokumentatiouns-Crew engem Second Hand Händler duerch Georgien.
Everything Sucks spillt an den 90er a weist, wéi d’Schüler aus zwee verschidde Schoul-Clubs unenee geroden. First Team: Juventus verfollegt de Fussballclub an der Saison 2017-2018 an erzielt déi interessantste Geschichten.
Marseille, déi éischt Serie, déi vun Netflix a Frankräich produzéiert ginn ass, kritt eng zweet Staffel spendéiert. Mute ass en Science-Fiction Film vum Duncan Jones deen an enger noer Zukunft zu Berlin spill. Wien do éischter op Krimie steet, dee sollt sech villäicht Seven Seconds zu Gemitt zéien.
Wou Fotocredits net ugi sinn: Foto: Netflix