Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kontrolle vun der Pyrotechnik
Kultur Meenung dating romance games

https://moien.lu/south-african-free-dating-sites/

Silvester kënnt ëmmer méi no. Pünktlech zum Fest kontrolléiert d’Inspektioun

marriage rate of online dating
Kultur Meenung dating romance games

Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt ab dem 10. Dezember

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!
Kultur Meenung dating romance games

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!

D’Kino-Landschaft zu Lëtzebuerg lieft erëm sou lues op. Mee wéi

money

Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf

E Kommentar

Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf

Netflix wëll am Joer 2018 insgesamt 8 Milliarden Dollar an eegene Contenu investéieren. Et ass eng bal irrwitzeg grouss Zuel, déi weist, wouhinner de Streaming-Tëlee-Business sech hin entwéckelt. Well den eegene Contenu soll enger weiderer Spléckung vum Marché konteren.

D’Konkurrenz loossen se domatter am Ree stoen: Weder HBO nach FX oder CBS investéieren esou vill. Apple huet annoncéiert, eng Milliard an esou Contenuen ze investéieren. Souguer Amazon investéiert aktuell grad emol 4,5 Milliarden Dollar. E kloert Zeechen dofir, datt de Marché ëmmer méi staark ëmkämpft ass. A wann ee bedenkt, datt Netflix mëttlerweil iwwert 100 Milliounen Abonnenten huet, dann ass och kloer firwat: De Kuch ass grouss a jiddereen wëll e Stéck dovunner.

Elo briechen och extern Produzenten wéi Disney ëmmer méi ewech, fir hier eege Plattformen op ze maachen. Op dat gelénge kann, sief dohi gestallt, et mécht awer kloer, datt et fir déi Streaming-Déngscht deen Ament mi schwéier gëtt, déi Lizenzen anzekafen. Ergo produzéiert een ebe méi selwer.

Streaming-Servicer wéi Netflix an Amazon hunn erkannt, datt Nischen interessant sinn. Nischen, déi deelweis net vun der konventioneller Tëlee ofgedeckt ginn.

A wat soll do produzéiert ginn? No de bisheregen Informatiounen Serien, Anime a Filmer. Virun allem an de leschten zwou Kategorien soll méi produzéiert ginn. 80 nei Filmer sollen esou 2018 eraus kommen, dat wieren der also méi wéi een d’Woch. An och 30 nei Anime-Serien sollen dem Déngscht weider hëllefen, fir Konkurrente wéi Crunchyroll aus ze stiechen.

Insgesamt ass et wuel eng positiv Entwécklung. Och wann net alles Gold ass wat op de Streaming-Servicer glänzt, esou féiert de Konkurrenzkampf zu enger méi diverser Offer, deen deel wierklech ënnerschiddlech Zilgruppen ofdeckt. D’konventionell Tëlee muss sech dobäi d’Fro stellen, wéi se dat nach kontere sollen. Och wa Sport a Reality-TV déi normal Senderen nach relativ gutt iwwer Waasser halen, sinn d’Zeechen eendeiteg: Virun allem déi jonk Generatioun klëmmt ëmmer méi op Streaming Contenuen eriwwer. Musse si elo och erëm méi op Diversitéit a Qualitéit setzen?

Ähnlech Sujeten Amazon, Netflix, Streaming
Nächsten Artikel Virrechten Artikel