Search

You may also like

Oppositiounspolitiker gewënnt d‘Wahlen zu Istanbul
Kultur

Oppositiounspolitiker gewënnt d‘Wahlen zu Istanbul

Si hunn sech et esou gewënscht a sollen et och

Presentatioun vum Bilan vun der Studiëbäihëllef 2017/2018
Kultur

Presentatioun vum Bilan vun der Studiëbäihëllef 2017/2018

En Dënschdeg huet eisen Héichschoulminister, de Marc Hansen, op déi

Ab an d’Vakanz: Vereinfacht Mesure fir e gratis Covid-Test
Kultur

Ab an d’Vakanz: Vereinfacht Mesure fir e gratis Covid-Test

Duerch d’Erhéijung vun den Infektiounszuelen zu Lëtzebuerg fuerdere verschidde Länner

De Mäerz bei Netflix bréngt Neies a Bekanntes

Nodeems de Januar an de Februar scho relativ gutt Méint duergestallt hunn, setzt sech am Mäerz den Trend virun. Och hei fënnt een erëm allerlee nei Serien, ma och Fortsetzungen vun alen an och nei Filmer. Wéi ëmmer ass dës Iwwersiicht keng komplett, mee orientéiert sech un deem, wat Netflix der Press disponibel mécht.

Mäerz: Nailed it

Netflix ass net grad bekannt fir Kachsendungen, mee elo bréngen se eng eegen, kompetitiv Backshow eraus!

Fotoen: Netflix

2. Mäerz: B: The Beginning

Mat B: The Beginning kritt Netflix en neien, exklusiven Anime, deen en plus vum legendäre Studio Production I.G. gemaach ass.

8. Mäerz: Jessica Jones, Season 2

Mam Jessica Jones kënnt eng vun de beschte Marvel-Serien erëm op Netflix.

Fotoen: David Giesbrecht/Netflix

9. Mäerz: Collateral, Love Season 3

Collateral ass e politesche Krimi ronderëm de Mord vun engem Flüchtling. D’Carey Mulligan huet Haaptroll an der Serie a muss hei eng Verschwierung opdecken. D’Liibeskomedie/Drama Love geet a seng drëtte Ronn. Netflix huet schonn ugekënnegt, datt et déi leschte Staffel vun der Serie wäert sinn.

Fotoen: Robert Viglasky/Netflix an Suzanne Hanover / Netflix

16. Mäerz: On my Block

Dës Coming-of-Age-Komedie dréint sech ëm véier Jugendlecher, déi probéieren zu Los Angeles iergendwéi ze iwwerliewen.

Fotos: John O Flexor/Netflix

23. Mäerz: Game Over, Man!, Santa Clarita Diet, Seasion 2, Alexa & Kati

Wien e Fan vum Adam Devine, Anders Holm a Blake Anderson ass, kënnt bei dësem Film op seng Käschten. En Hotel gëtt vun Terroristen iwwerholl an déi dräi gi widder Wëllen zu Helden.

Och déi bluddeg Komedie Santa Clarita Diet kritt eng zweet Staffel spendéiert. Den Dag ronn mécht déi éischt Staffel vun der neier Serie Alexa & Katie. Wien awer éischter op Hip-Hop steet, gëtt bei Roxeanne Roxeanne glécklech, wou een bei der 14-jähreger hirem Opstieg mat féiweren däerf.

30. Mäerz: Lemony Snickets A Series Of Unfortunate Events Season 2

No enger fantastescher éischter Staffel gëtt d’Geschicht ronderëm d’Baudelaire Kanner weiter erzielt. Hoffentlech kënnen se den Niveau vun der éischter Staffel opriicht erhalen.

Related topics Kultur, Netflix
Next post Previous post