Search

You may also like

Waffenembargo géint den Iran opgehuewen
Kultur Neiegkeeten

Waffenembargo géint den Iran opgehuewen

D‘Amerikaner, dat ass bekannt, hunn et net mat den Ajatollahen,

Déi ekologescht Autoscourse am Grand-Duché
Kultur Neiegkeeten

Déi ekologescht Autoscourse am Grand-Duché

Wann d‘Gemeng Déifferdeng seng Aluedung zum „En Dag wéi fréier“

De Minister Bausch an Auto-Quarantaine
Kultur Neiegkeeten

De Minister Bausch an Auto-Quarantaine

Nodeem de François Bausch, Vizepremier, Minister Verdeedegung, fir Transport an

E puer Netflix-Recommandatiounen: Stateless an Children of Men

E puer Netflix-Recommandatiounen: Stateless an Children of Men

Netflix and chill – dëse Sproch ass wuel jidderengem bekannt. Ma de bekannte Streamingdéngscht huet och Filmer oder Serien am Programm, déi een immens nodenklech stëmme kënnen.

Ech stellen Iech déi zwee Wierker vir, déi mir am meeschten ënnert d’Haut gaange sinn.

Stateless

De Coronavirus huet och Auswierkungen op d’Noriichten. Ass Iech schonn opgefall, dass vill manner iwwer Flüchtlinge riets ass? Richteg bewosst gouf mir dat eréischt nodeems ech d’Miniserie Stateless op Netflix gekuckt hunn, dobäi ass d’Thema aktuell. A wäert et nach laang Zäit bleiwen. Ugefaangen ze kucken hunn ech just well d’Schauspillerin Yvonne Strahovski – bekannt aus The Handmaid’s Tale eng Haaptroll spillt.

Déi 6 Folge sinn nawell dramatesch a bleiwen engem laang am Hannerkapp.

An der éischter Folleg léiert ee véier ënnerschiddlech Personnagë kennen, de roude Fuedem an der Geschicht ass en australescht Flüchtlingslager, wou si sech all begéinen. Et geet ëm eng australesch Stewardess, en afghanesche Papp, dee seng Famill a Sécherheet brénge wëll, e Giischtjen deen eréischt ufänkt do ze schaffen an eng Bürokratin, déi probéiert Mëssstänn ënnert den Teppech ze kieren. Knapp sechs Stonne ginn duer, fir ze verstoen, dass dës Awanderungspolitik näischt ass. Dass sech villes ännere muss. Et war erschreckend ze gesinn ewéi einfach een seng Identitéit verléiert. A schwéier erëmfënnt.

Children of men

Dësen dystopesche Film aus dem Joer 2006 ass bedréckend. Och wann d’Handlung fiktiv ass – et bleift net aus, dass e sech Gedanken iwwert d’Zukunft an d’Mënschheet mécht. En huet e batteren Nogeschmaach – villäicht well e sech ze real ufillt.

De Film spillt sech am Joer 2027 of, duerch den Terrorismus, Ëmweltverschmotzung an aner Faktoren ass schonn zënter 18 Joer kee Puppelche méi gebuer ginn. D’Mënschheet steet virum Ausstierwen. Et ass e Policestaat, Gewalt an Ënnerdréckung stinn op der Dagesuerdnung. A matzen am Chaos ass den depressiven Theo, gespillt vum Clive Owen.

Seng Exfra huet e brisanten Optrag fir hien – e soll d’Kee, eng jonk, illegal Immigrantin beschützen an a Sécherheet bréngen. Hatt ass nämlech schwanger. A soumat d’Hoffnung vun allen. Gefore laueren iwwerall, ma kommen si gesond a monter um Rettungsschëff un?

Related topics Children of men, Dystopie, Flüchtlingen, Miniserie, Netflix, Recommandatioune, Stateless
Next post Previous post