Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung
Neiegkeeten

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung

Zanter bal 20 Joer setzen d‘CGFP an d‘Fédération Génerale de

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?
Neiegkeeten

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?

Dir hutt et villäicht matkrut: Mir haten déi ganz Woch

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum
Neiegkeeten

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum

Eng Ausso déi een esou an der Raum stelle kéint

Netzneutralitéit däerf net stierwen!

Netzneutralitéit däerf net stierwen!

Geld regéiert net nëmmen d‘Welt mee ganz kloer och den Internet. Wien et déck huet kann et laang hänke loossen, soen se. Dat elo awer och d‘Netzneutralitéit soll a Fro gestallt ginn, dat fannen se beim Chaos Computer Club Lëtzebuerg (C3L), de Frënn vun der Ënn (FVDE) a beim Freifunk Lëtzebuerg (FFLux) guer net gutt.

An hirem gemeinsame Communiqué froen se sech dann och op d‘Netzneutralitéit a Gefor ass. D‘Amerikaner hunn se rezent opginn, an sinn domatter de Fuerderunge vu groussen Entreprisen nokomm. Datt esou eng Moossnam och Auswierkungen op de gewéinleche Lëtzebuerger „User“ wäert hunn, sollt eigentlech keng Fro sinn.

Mee wat ass Netzneutralitéit iwwerhaapt? Laut dem Communiqué vun den dräi Veräiner, misst ee sech just virstellen et wier een op enger Autobunn. Do dierf all Mark vun Auto drop fueren, jidderee gëtt gläich behandelt. Gett d‘Netzneutralitéit verluer, esou kann et passéieren, datt op der Autobunn nach just BMW a Mercedes dierf fueren.

Verständlech datt all Mënsch dee fir de „fräien Internet“ ass, och pro-Netzneutralitéit muss sinn. „En Internet ouni Netzneutralitéit“ géif, esou déi dräi Veräiner, zu enger „immenser Ongerechtegkeet féieren“. De Verloscht vun der Netzneutralitéit bedeit nämlech am Kloertext näischt aneres, wéi datt ee fir all „Service“ muss extra bezuelen.

E Beispill gefälleg? Eis Veräiner hunn der e puer: „Du wëlls Netflix kucken? Dat kascht extra“; „Eng E-Mail verschécken? Dat kascht extra“. Dir hutt also verstanen datt d‘Netzneutralitéit ofschafe fir den „Datekonsument“ eenzeg an eleng en Ugrëff op säi Geld ass. Dat wat mer aktuell hunn, gëtt da wesentlech méi deier.

Benodeelegt ginn awer elo net nëmmen déi sëlleche Leit déi schonn ëm de 15. vum Mount den Cent an der Täsch e puermol mussen ëmdréinen. Nee Start-Up Entreprisen a kleng Firme ginn op dës Manéier vun der „grousser“ Konkurrenz an hirer „Bewegung“ ageschränkt, well natierlech d‘Konzerner sech eng „Prioritéit“ kënne kafen, déi hinne versot bleift.

„En Internet ouni Netzneutralitéit ass puert Gëft fir Weiderentwécklung vun engem Land, fir déi sozial Gerechtegkeet an natierlech fir d’Ekonomie. Do ass et natierlech schéin ze gesinn, datt d’Europäesch Kommissioun sech well fir eng Netzneutralitéit an der EU ausgeschwat huet. Sou huet se den 15. Dezember op Twitter geschriwwen“:

“We will continue to protect #NetNeutrality in Europe, ensuring that all traffic is treated equally:

Every European must be able to have access to the #openinternet

No blocking or discrimination of online content, applications and services”

Dat ass och am Sënn vun de Veräiner, déi betounen, datt mat „dem Accord vun dësem Evenement“ eng éischte Kéier de Prinzip vun der Netzneutralitéit an der EU beschriwwe gëtt. „D‘Benotzer musse gratis Zougrëff zum Inhalt vun hirer Wiel kréien“. Ongerecht blockéiert oder gedrosselt gi geet guer net, an och bezuelte Prioritéite sinn onzoulässeg.

Ähnlech Sujeten Chaos Computer Club Lëtzebuerg, Freifunk Lëtzebuerg, Frënn vun der Ënn, Netzneutralitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel