Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer
tips for dating over 50

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer

An dëser Rei goufe verschidde Gréissten vun der Science Fiction

https://moien.lu/yfn-lucci-dating-history/
tips for dating over 50

https://moien.lu/making-the-perfect-dating-profile/

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen,

London preziséiert d‘Konsequenze vun engem Brexit ouni Accord
tips for dating over 50

London preziséiert d‘Konsequenze vun engem Brexit ouni Accord

De britesche Ministère dee sech ëm den Austrëtt aus der

New York: Eng Gay Pride géint den Trump

New York: Eng Gay Pride géint den Trump

Um Sonndeg hunn dausende Mënschen an engem Mier u Reebou-Fändelen un der Gay Pride zu New York deelgeholl. Si hu fir d’Verdeedegung vun de Rechter fir LGBT’en, de groussen aktuelle Problemer, mee och géint den amerikanesche President manifestéiert.

Et sinn ewell 48 Joer hannert eneen, datt dausende Leit ze Fouss, op Moto’en oder enger Remorque vun de sëlleche Camion’en, d’Fifth Avenue ënnert dem Applaus vun engem kompakten an freedege Public erofgezu sinn. Eng dräi Kilometer laang Streck, vun den Héichhaiser a „Midtown“ bis Greenwich Village. Hei war de Mouvement fir d’Rechter vun den Homosexuellen, no den Onroue vu Stonewall 1969, lassgaangen.

En Ausdrock vun der Fräiheet

Während zur gläicher Zäit zu Istanbul, d’Participante vum „Marsch vun der Houfregt“ vun der Police mat Gummi-Kugele verdriwwe goufen, ass d’Gay Pride zu New York eng richteg Institutioun. Honnerte Polizisten an net vill manner Politiker, dorënner de Buergermeeschter Bill de Blasio an de Gouverneur Cuomo, esouguer de Senator Chuck Schumer – alles Demokraten – sinn mat engem breede Grinsen un der Säit vun de Manifestante marschéiert.

Juni 2015 huet de Marsch d’Legaliséierung vum gläichgeschlechtleche Bestietnes gefeiert. 2016 war et d’Trauer wéinst dem Massaker an der Diskothéik vun Orlando. Dëst Joer hu vill Leit an de Cortège mat Plakater „Resist“ géint d’Trump Administratioun protestéiert. D’Opreegung riicht sech besonnesch géint d’Ophiewe vun „Obama Care“ dem Gesondheetsgesetz an d’Afro stelle vun de Rechter vun Homosexuellen.

Esou beispillsweis den Gavin Grimm, transsexuelle Student, dee geklot huet fier d’Männertoilette an senger Schoul dierfen ze benotzen. Seng Kausa steet am Mëttelpunkt vun der „Schluecht ëm d’Toiletten“ am Cortège vun der ACLU (American Civil Liberties Union), déi als „grand marshal“ vum Defilé bezeechent ginn ass. An den éischte Reie vun der ACLU matgaangen ass déi fréier Analystin Chelsea (ex Bradley) Manning, déi dausenden Dokumenter u WikiLeaks weiderginn hat.

Wann och vill Leit de Marsch genotzt hu, fir sech géint den Trump auszeloossen, esou wëlle vill aus der heirauser kee politeschen Event maachen. „Déi aktuell Administratioun ass ongeheierlech“, seet d’Cara Lee Sparry, dat op sengem Moto schonn un enger Dose Gay Pride’s deelgeholl huet. „Mee ëmginn ze sinn vun dausende Mënschen déi stonnelaang jäizen ass onbeschreiflech, besser kann een et net maachen.“

mat AFP

Foto: Eng Momentopnam vun der Gay Pride zu New York (© Dimitrios Kambouris/Getty Images/AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, LGBT, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel