Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alkohol um Steier huet lescht Joer 22 Doudesaffer gefuerdert
International Neiegkeeten Stories

Alkohol um Steier huet lescht Joer 22 Doudesaffer gefuerdert

Am Kader vun der Presentatioun vum Informatiounsspot „Alkohol um Steier

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp
International Neiegkeeten Stories

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp

Haut um Méindeg ginn zu Berlin verschidden afrikanesch Staatscheffen erwaart,

Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun bléckt zouversiichtlech op d‘Saison 2018
International Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun bléckt zouversiichtlech op d‘Saison 2018

De leschte Sonndeg hat déi Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun (F.L.S.C) zu

Verbitt d‘New York Times kritesch Stëmmen?

An enger vun den aflossräichsten Zeitunge vun den USA ass ee Sträit ëm d‘Meenungsvillfalt ausgebrach

Verbitt d‘New York Times kritesch Stëmmen?

Nodeems d‘Journalistin Bari Weiss d‘Handduch geworf, an dem Patron vun der New York Times, Arthur Gregg Sulzberger, hir Demissioun virgeluecht huet, gëtt et ëmmer méi Stëmmen, déi dem lénks-liberale Blat virwerfen, keng kritesch Stëmme méi ze dulden. Sinn dës Virwërf berechtegt?

D‘Bari Weiss war an hirer Kënnegung zimmlech däitlech, huet sech beklot vu Kolleege gemobbt ze ginn, an wier an de sozialen Netzwierker als Ligenerin an Opportunisten „ugegraff“ ginn. Et géif ee Klima vun der Intoleranz herrschen a wie vum lénke Standpunkt „ofrutscht“ misst sech op zolidd Géigewier astellen. D‘Folleg dovunner: an der Redaktioun géif sech Selbstzensur breet maachen.

Et si stramm Beschëllegungen, déi hei vun der 36 järeger Kolumnistin zum Ausdrock bruecht ginn. Woubäi, Ufank Juni hat schon den James Bennet, verantwortlech fir d‘Meenungssäit vun der New York Times, gekënnegt. Dat nodeems hie massiv ugegraff gouf, wëll hien ee Meenungsartikel vum republikanesche Senateur Tom Cotton – Send In the Troops – ugeholl a verëffentlecht huet.

Times

De Senateur Tom Cotton (R-Arkansas) ass net wierklech e Mann deem een an enger och nach esou lénksliberaler Zeitung sollt Plaz zougestoe fir seng Insanitéiten eraus ze posaunen

Säin Adjoint Jim Dao hat ëffentlech d‘Verantwortung iwwerholl, a sech an den „Noriichteraum“ versetze gelooss. D‘Supervisioun vun de Meenungsartikel iwwerhëlt d‘Katie Kingsbury. Si soll d‘Meenunge vu Baussen, bis no der Presidentschaftswahl elo op hir Kompatibilitéit mat der politescher Ausriichtung vun der New York Times préiwen. Esou soll nees Rou an d‘NYT kommen.

Et kann ee sécherlech driwwer streiden, op d‘Verëffentlechung vun engem héchst ëmstriddene Kommentar am Kontext vum Doud vum Afroamerikaner George Floyd, an déi heirauser entstane Protester – déi nach ëmmer unhalen – opportun war. Hei muss een dann awer wëssen, datt et zur New York Times gehéiert, och provokant Meenungen zur aktuellen Themen ze publizéieren.

Iwwert d‘Zil erausgeschoss

Mat der Verëffentlechung vum genannte Kommentar, hat déi d‘Ekipp, déi sech ëm d‘Meenungssäit këmmert, awer scheinbar eng Grenz iwwerschratt. Am ganze Land waren a sinn d‘Gemidder wéinst der Policegewalt an de Protester erhëtzt. Der New York Times gouf virgeworf, datt dësen Artikel d‘Liewe vun Afroamerikaner géif bedreeën. Et huet esouvill Lieserbréiwer ginn, wéi laang net méi.

Et hunn sech awer net nëmmen d‘Lieser iwwert d‘Publikatioun beschwéiert. An de verschiddene Redaktiounen hunn d‘Journaliste protestéiert, et war zäitweis esouguer vu Streik rieds. Dat huet dem James Bennet säi Kapp kascht a weist op ee publizistesche Revirement hinn.

Times

Wéi een a véier Joer d‘Errongenschaften – och wann dës ëmstridde sinn – vun 2 Joerhonnerte ka bei der Däiwel kéieren, huet e misogynnen homo- a xenophobe Milliardär demonstréiert. An et ass esouguer nach en zweet Mandat méiglech.

Hei muss dann och nach drop higewise ginn, datt den James Bennet den Optrag hat konservative Stëmmen eng Plattform an der New York Times ze bidden. Et wollt ee fir all Meenung op sinn, an och aner Usiichte publizistesch zouloossen. Et war dann och den James Bennet, deen d‘Bari Weiss an d‘NYT geholl huet. Et war gewosst, datt déi jonk Journalistin eng konservativ Positioun huet.

D‘Bari Weiss huet sech eng Renommée opgebaut, déi duerchaus als „onbequem“ ka bezeechent ginn. Der Journalistin hir onverblimmte Kritik u lénker Identitéitspolitik a stramm pro-israelesch Gesënnung, huet awer net wierklech zur New York Times gepasst. Et war ee Choix, dee sech no der Wahl vum Donald Trump (2016) opgedrängt hätt, esou déi allgemeng unerkannte Meenung.

Aus de Feeler léieren

Véier Joer méi spéit, den Donald Trump strieft en zweet Mandat un, sinn déi politesch Meenunge vun der géignerescher Säit net méi gefrot. D‘Aussepolitik vun den USA ass d‘Baach ofgaangen, vu Gestioun kann, bezunn op d‘Covid19-Pandemie, net geschwat ginn a beim institutionelle Rassismus ass de Milliardär de Feierstëppler. De Sträit mat China, der WHO an de Partner hëlleft och net.

Dat do Medien aus dem éischter lénke Spektrum keng Loscht méi hunn, dem Donald Trump senge Sympathisanten eng Tribün ze bidden, ass novollzéibar. Vill Zeitungen, déi sech ee gudden Numm gemaach hunn, well si och „déi aner Säit“ zu Wuert komme gelooss hunn, haten änlech Problemer. An déi hunn, nodeems de BLM-Debat och an hire Redaktiounen opkomm ass, de Stecker gezunn.

TimesEt ass schliisslech längst net méi esou, datt an dëse progressive Publikatiounen, nëmmen nach al wäiss Männer géifen entscheeden. D‘Redaktioune gi „faarweg“ a „feminin“, an esou ergëtt et sech, datt d‘Protest géint Policegewalt, wéi och de Ruff no Recht an Uerdnung, de Medien eng kloer Positioun ofverlaangt. An dat huet säi Präis. De Rietskonservative kënnt dat alles super entgéint.

Dës „Konflikter“ mat der Meenungsfräiheet an der publizistescher Verantwortung gräifen si mat vill Äifer op. Et gëtt hinnen dach d‘Geleeënheet op eng anschaulech „lénks Intoleranz“ hinzeweisen. An esou sinn et déi „riets“ Medien déi profitéieren. Déi hunn ni aner Meenungen zougelooss an esou huet hir publizistesch „Orthodoxie“ ni gelidden. Meenungsvillfalt ass eben näischt fir d‘USA…

mat indymedia/nyc

Foto: © Stéphan Valentin / unsplash

Ähnlech Sujeten Bari Weiss, James Bennet, lénksliberal, Meenungsfräiheet, Meenungsvillfalt, New York Times
Nächsten Artikel Virrechten Artikel