Search

You may also like

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft
International Neiegkeeten

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft

D’EU-Parlament stëmmt an dëser Woch iwwert d’Virschléi vun der EU-Kommissioun

34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass
International Neiegkeeten

34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass

Et ass schonn eng Zäitchen hier wou s du Airwalks

Glyphosat: Eng politesch Entscheedung mat déidlechem Ausgang
International Neiegkeeten

Glyphosat: Eng politesch Entscheedung mat déidlechem Ausgang

Sou, dat war et da mat eiser Gesondheet. D‘EU-Kommissioun, a

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…

Viru 50 Joer ass am „Stonewall Inn“ de Christopher Street Day als Protest entstanen

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…

Zu New York, wou d‘Gay Pride hiren Ursprong huet, hat de „Marsch vun der Houfregt“ gëschter eng ganz besonnesch Bedeitung. Hei haten an der Christopher Street, d‘Gäscht vum „Stonewall Inn“ – 1969 nach en Treffpunkt fir Homosexuell Männer – ugefaangen sech géint willkürlech Kontrollen a Schikanen duerch d‘Police zur Wier ze setzen. De Christopher Street Day war gebuer.

New York

Um 14 Auer (Lokalzäit) huet sech d‘Gay Pride a Beweegung gesat. Un der Spëtzt vum Cortège: d‘Membere vun der „Gay Liberation Army“, eng vun den éischten Associatiounen, déi sech fir d‘Rechter vun der LGBTQI-Communautéit agesat hunn. Si gëtt et zanter dem „Stonewall-Opstand“ am Joer 1969. De „Marsch vun der Houfregt“ markéiert den Héichpunkt vum Stonewall-Jubiläum.

New York

Nei war d‘Kritik un der zouhuelender kommerzieller Ausriichtung vum Event, wat derzou gefouert huet, datt scho leschte Sonndeg, Aktivisten zu New York de „Queer Liberation March“ organiséiert. Hei goufen däitlech politesch Fuerderungen no Gläichberechtegung gestallt. Mee Kommerz hin oder hir, gëschter hu gutt 150.000 Leit un der „World Pride“ gutt gelaunt a friddlech deelgeholl.

New York ass net iwwerall

D‘Gay Pride gëtt a ville Länner (och hei zu Lëtzebuerg) organiséiert, déi meescht dovunner iwwer d‘Summerméint (Juni, Juli, August) . An der EU, Australien oder Nord- a Südamerika geet dat fir gewéinlech ganz problemlos iwwert d‘Bühn. Et gëtt gefeiert a fir Toleranz a Gläichberechtegung demonstréiert. Dat ass leider net iwwerall esou, a villeruerts geet d‘Staatsmuecht dergéint vir.

New York

Bei eis sinn et virun allem déi osteuropäesch Länner mat hiren ultra-konservative Regierungen, déi sech un der sexueller Orientéierung vun hire Bierger stéieren. An der Tierkei huet de President ee ganz perséinlechen Dissens mat der LGBTQI-Communautéit, firwat d‘Gay Pride an der Tierkei säit fënnef Joer verbuede gëtt. Trotz Verbuet fënnt den Event statt an d‘Police gräift zolidd duerch…

New York

Vëlleg onvirstellbar ass d‘Gay Pride an de meeschten afrikaneschen an arabesche Länner. Do gëllt dat „anescht sinn“ als eng Strofdot, an eng Prisongsstrof ass hei nach dat mannst wat engem blitt. An eelef Länner op der Welt: Afghanistan, Iran, Nigeria, Pakistan a Saudiarabien kann ee wéinst „Homosexualitéit“ zum Dout veruerteelt ginn. Dat verdäitlecht wéi wichteg de Mouvement ass.

mat indymedia/nyc

Foto: © Jess

Related topics Christopher Street Day, Gay Pride, LGBTQI, New York, Stonewall Inn, World Pride
Next post Previous post