Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel
Neiegkeeten

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Irak, huet

surprise
Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt
Neiegkeeten

Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt

Nodeems nach am Dezember de neien Escher Buergermeeschter, Georges Mischo

Depenalisatioun vun der Homosexualitéit an Indien
Neiegkeeten

Depenalisatioun vun der Homosexualitéit an Indien

Et hätt ee kënne mengen, si wieren direkt aus engem

Nidderkolpesch: Iwwert den Asaz beim Groussbrand

Nidderkolpesch: Iwwert den Asaz beim Groussbrand
© Shari Pleimelding/moien.lu
Nidderkolpesch: Iwwert den Asaz beim Groussbrand
© Shari Pleimelding/moien.lu
Nidderkolpesch: Iwwert den Asaz beim Groussbrand
© Shari Pleimelding/moien.lu
Nidderkolpesch: Iwwert den Asaz beim Groussbrand
© Shari Pleimelding/moien.lu
Nidderkolpesch: Iwwert den Asaz beim Groussbrand
© Shari Pleimelding/moien.lu
Nidderkolpesch: Iwwert den Asaz beim Groussbrand
© Shari Pleimelding/moien.lu
Nidderkolpesch: Iwwert den Asaz beim Groussbrand
© Shari Pleimelding/moien.lu
Nidderkolpesch: Iwwert den Asaz beim Groussbrand
© Shari Pleimelding/moien.lu

De Moien fréi um 6:00 Auer ass et zu Nidderkolpesch an enger Hal vun engem gréissere Bauerenhaff zum Groussbrand komm. Den Asazleeder C. Zanter huet eis exklusiv genau Informatioun zum ellenen Virfall, dem Asaz an der Stëmmung op der Plaz ginn.

Wat ass also genau geschitt? Nodeems Moies d’Alerte vum Feier am Bauerebetrib duerchgaangen ass, huet ee misse feststellen, datt ronn 800 Botten a Flame stoungen. Dobäi koum nach, datt ee grousse Stall mat 500 Béischten direkt un déi brennend Hal ugebaut ass. Ee weidere Geforepunkt war d’Biogas-Anlag, wou ee Behälter a 5-6 Meter Distanz steet.

Direkt ass massiv Verstäerkung op d’Plaz geschéckt ginn, sou datt een direkt zu zwou Säiten eng Rigelstellung konnt opstellen. Esou hate si a 40 Minutten de Risiko duerch d’Biogas-Anlag ënner Kontroll. Och d’Béischten am Stall hunn duerch dëse Moyen net missen evakuéiert ginn. An hirem Beräich war keng Dampentwécklung, d’Pompjeeën hu Belëfter agesat.

Wéi et zu dësem Brand komme konnt, ass net gewosst. Als éischt muss eng Enquête duerchgefouert ginn, ier hei méi gesot ka ginn. Am Plausibelsten fir d’Leit, déi op der Plaz dem Geschéien nogekuckt hunn, erweist sech allerdéngs d’Tatsaach, datt esou Heebotten gegäert a sech erhëtz hunn an esou vun ënnen erop schlussendlech d’Flamen entstane sinn. Op Spekulatioune sollt een awer net bauen.

Groussbrand

© Shari Pleimelding/moien.lu

Hal a Vollbrand

D’Flamen hunn hiert Wierk verriicht. Déi brennend Heebotten hunn d’Hal komplett zerstéiert, wouduerch dës nom Asaz muss ofgerappt ginn. D’Pompjeeën suerge momentan dofir, datt esou vill wéi méiglech vun der Konstruktioun stoe bleift, sou datt d’Leit, déi bannen hëllefen, net a Gefor bruecht ginn. Am Ganze si ronn 100 Mann op der Plaz aktiv mat 14 verschiddenen CIS’en.

Et gëtt massiv Waasser gebraucht. No kuerzer Zäit huet d’Gemeng gemellt, datt d’Hydranten net méi genotzt dierfte ginn, wëll soss fir 3 Dierfer ronderëm d’Waasserversuergung net méi garantéiert kéint ginn. Beim Kolpescher Schlass selwer huet een Waasser aus dem Weier benotzt, woubäi een och hei huet misse feststellen, datt et net duergeet. Esou huet ee schlussendlech op d’Läschwaasserversuergung vun ausserhalb missen zeréck gräifen. Zum engen hunn divers CIS’en Waasserdreeër bruecht, mee och d’Baueren selwer hu sech zesumme gedoen, fir mat de Piff-Fässer, déi bis zu 28.000 Liter op d’Plaz brénge kënnen, ze hëllefen.

Den Asazleeder huet donieft matgedeelt, datt een d’Heebotten net hätt kënnen an der Hal selwer läschen. Duerch d’Feier, wat ëmmer erëm lues erofsickert, wier iwwert Wochen nach mam Damp ze kämpfe gewiescht. Esou huet ee sech schlussendlech dozou entscheet, dat brennend Hee op ee Feld ze bréngen, fir d’Feier komplett läschen ze kënnen.

D’Trakteren a Kipperen bréngen d’Material op enger preparéiert Kopp. D’Plaz selwer ass securiséiert ginn, sou datt eenzelt Hee net fortfléie kann.. Hei ginn d’Botten kontrolléiert verbrenne gelooss a geläscht. Hei sinn 3 CIS’en am Asaz.

Natierlech ass den Rehabilitatiounszentrum vis-a-vis direkt informéiert ginn, datt hir Bewunner d’Fënsteren an d’Dieren sollen zou halen. Wéi den Direkter de Pompjeeën matgedeelt huet, soll et bannen keng Problemer duerch Dampbelaaschtung ginn. D’Chance war nämlech, datt den Damp duerch de Wand an déi aner Richtung geet, wouduerch een déi eeler Herrschaften net huet missen evakuéieren.

Fir de Bauer, deem déi zerstéiert Hal gehéiert, ass et leider schonn de 4 Brand.

Ee grousse Luef un den CGDIS an d’Pompjeeën

Duerch de Groussbrand ass d’Strooss tëscht Nidder- an Uewerkolpesch nach esou laang gespaart, bis datt d’Läschaarbechten komplett eriwwer sinn. Generell hofft een, datt bis den Owend 20:00 Auer d’Botten all aus der Hal eraus sinn, an ee seng Opmierksamkeet op d’Feld leeën kann. „Dann musse mir kucken uewen um Feld, wéi dat sech entwéckelt. Do muss doudsécher eng Brandwach an der Nuecht bleiwen. Esou wéi et ausgesäit kann et net fort laafen, mee et weess een jo ni mam Fonkefluch“, esou den Asazleeder.

An dësem Kader wëll den C. Zanter alle Pompjeeën Merci soen fir hir Aarbecht. Duerch d’Kreatioun vum CGDIS kritt ee ganz aner Méiglechkeete gebueden, fir an esou engem Fall aktiv ze ginn. Duerch d’Kommandostruktur wousst jiddwereen direkt, wat en ze dinn hätt. Am Ganzen huet ee véier Ofschnëtter gemaach, wouduerch een immens koordinéiert an ouni ze vill Stress schaffen konnt. „D’Qualitéit vun esou Asätz ass einfach vill besser ginn. Et huet een direkt déi Moyenen op der Plaz déi ee brauch an doduerch datt een déi nei Kommandostruktur huet ginn d’Moyenen och richteg agesat an et weess jiddwereen direkt wien wat ze dinn huet a wien wat ze soen huet“, erkläert den Asazleeder.

Donieft wollt hien awer och nach der Gemeng Ell Merci soen, déi d’Pompjeeën mat Iessen a Gedrénks gutt versuergt, sou datt si hir Aarbecht mat voller Kraaft verriichte kënnen.

Fotoen: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten 800 Heebotten, CGDIS, CIS, Feier, Groussbrand, Interview, Nidderkolpesch, Vollbrand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel