Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudeger am Container schocken England
International Neiegkeeten

Doudeger am Container schocken England

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet

What the Fakt – Doudesdag vum Pop-Art Kënschtler Roy Lichtenstein
International Neiegkeeten

What the Fakt – Doudesdag vum Pop-Art Kënschtler Roy Lichtenstein

Ee vun de wichtegste Vertrieder vun der Pop-Art Bewegung, de

Viruerteeler – All Mënz huet zwou Säiten
International Neiegkeeten

Viruerteeler – All Mënz huet zwou Säiten

Duerch d’Rassismusgespréicher an de sozialen Netzwierker ass mir bewosst ginn,

„Nie méi“ – Als Erënnerungen un den Holocaust

„Nie méi“ – Als Erënnerungen un den Holocaust

„Um 27. Januar 1945 sinn d’Diere vun der Häll opgemaach ginn“, huet den israelesche President Reuven Rivlin un der Holocaust-Gedänkstätte Yad Vashem zu Jerusalem matgedeelt. Am Kader vum 75. Joresdag zur Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau hunn eng 50 Staats- a Regierungscheffen – dorënner och S.A.R. de Groussherzog Henri, den däitsche Bundepresident Frank-Walter Steinmeier an de russesche President Vladimir Putin – um Fënnefte Welt-Holocaust-Forum deelgeholl.

De Message ass kloer: Antisemitismus huet keng Plaz an eiser globaler Gesellschaft. Wa Juddenhaass bis ufänkt, dann hält en net méi esou einfach op.“Nie méi“ dierf dofir, sou den israelesche Premierminister Benjamin Netanyahu, net just eng eidel Parole, mee ee Gebot sinn. All Bedreeunge mussen eescht geholl ginn an et géif ee kee weideren Holocaust méi zouloossen. Heibäi huet de Premier Netanyahu virun allem den Iran ervir gehuewen, deen um Forum als antisemiteschste Staat weltwäit bezeechent ginn ass.

Nieft de verschiddene Rieden – ënnert anerem och vum Holocaust-Iwwerliewenden a President vum Yad Vashem Rot, dem Uewerrabbiner Israel Mei Lau – hunn d’Rose Moskowitz an d’Colette Avital vum Zenter fir Holocaust-Iwwerliewender an Israel Fakelen als Erënnerung un een däischtert Kapitel ugefaangen.

Holocaust

© Leib Kusznir / Yad Vashem (ID 10012236)

Sech erënneren an ni vergiessen

Och haut nach gëllt d’Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau als weltwäit Symbol fir den Holocaust. An der Doudesfabrik a Polen si Millioune Mënschen, virun allem Judden, gefoltert an op grujeleg Aart a Weisen dëmbruecht ginn. De Yad Vashem zielt hei 6 Millioune jüddesch Affer, déi am Vernichtungslager traureg veréiwegt goufen.

Mam nees steigenden Haass géint eng Relioun muss een de Problem analyséieren an upaken, soulaang een en nach bekämpfe kann. Heivir braucht et an den kommende Joren awer och d’Staats- a Regierungscheffe weltwäit, fir aktiv d’Diskriminatioun ze attackéieren. Dobäi erweist sech d’Gedenkstätt Yad Vashem als idealen Hannergrond, fir Wëssen ze verbreeden, ze sensibiliséieren a seng Visiteuren – wéi och bei dësem Evenement – ze encouragéieren.

Esou wëll een net just un d’Enn vum Zweete Weltkrich erënneren, mee och als warnende Liichttuerm géint Rassismus déngen.

Opmaacherbild: D’Kanner bei der Befreiung an Auschwitz, 1945 © Yad Vashem (ID 101534)

Ähnlech Sujeten Antisemitismus, Auschwitz-Birkenau, Commemoratiounsdag, Diskriminatioun, Fënnefte Welt-Holocaust-Forum, Frank-Wallter Steinmeier, Gedenken, Israel Mei Lau, Juddenhaass, S.A.R. de Groussherzog Henri, Vladimir Putin, Yad Vashem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel