Search

You may also like

Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?
International Neiegkeeten

Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?

Sinn am 17. Joerhonnert d’Stroosseluuchten zur Sécherheet vun de Bierger

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen
International Neiegkeeten

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen

Déi amerikanesch Soul-Legend Aretha Franklin, Sängerin an onermiddlech Militantin fir

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
International Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5

[onionbuzz quiz-id=43][/onionbuzz] Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net

Den Niger gëtt vun enger humanitärer Kris bedreet

Dréchent, Iwwerschwemmungen an d‘Dschihadiste sinn d‘Ursaach

Den Niger gëtt vun enger humanitärer Kris bedreet

Am Niger sinn 2,3 Millioune Mënschen op humanitär Hëllef ugewisen, an all Dag kommen neier derbäi. Schold un dëser Misär: déi grouss Dréchent an uschléissend Iwwerschwemmungen 2018, hunn d‘Produktioun vu landwirtschaftleche Produkter schwéier impaktéiert. Dozou kommen déi stänneg Ugrëff vun de radikalen Islamiste vu Boko Haram, oder aneren dschihadistesche Gruppen.

Laut de Vereenten Natiounen (UNO) sinn 10% vun der Bevëlkerung op der Flucht virun den Ugrëff vun den islamistesche Rebellen. Aus dem UN-Bericht ass ze enthuelen, datt d‘Hallschent vun de Mënschen an Nout, an de Provënzen Tahoua an Tillaberi, am Oste vum Land an am Grenzgebitt zum Mali liewen. Och d‘Regioun Diffa (Südosten) gëtt stänneg vu Boko Haram ugegraff.

Niger

D‘Precaritéit an dësem Sahel-Land, ass enger gréisser Liewensmëttelkris ausgesat, nodeems et 2018 zu engem „Defizit“ bei der Erzeugung vun de landwirtschaftleche Produkter komm. Dat ass engersäits enger Dréchent geschëlt, an déi uschléissend Iwwerschwemmungen hunn dat wat iwwreg bliwwe war vernicht. Déi sëllechen terroristesch Uschléi sinn do den Tëppelchen op den I.

Et ass dës eng weider Kris, déi wäitraimeg vun de Medien ëmgaange gëtt. Woubäi et där Krisen esouvill gëtt, datt ee geschwënn net méi weess wouropper den Akzent ze leeën ass. Och grouss Konflikter wéi de Biergerkrich am Jemen, geroden duerch eng sech séier beweegten Aktualitéit an de „Vergiess“. Vergiess gëtt net de Konflikt, vergiess ginn d‘Mënschen déi dësem ausgesat sinn…

Foto: © UNHCR

Related topics Boko Haram, Dréchent, Dschihadisten, humanitär Kris, Iwwerschwemmungen, Niger, UNO, Vereenten Natiounen
Next post Previous post