Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 6
International Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 6

Wéi all Woch hu mer och dës Kéier erëm e

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.
International Neiegkeeten

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.

Fir déi, déi et nach net woussten: E Wahlkampf ass e Wettsträit

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch
International Neiegkeeten

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch

Well de Vulkan Agung zu Bali ëmmer méi Damp an

Vill Doudeger a Blesséierter béi Selbstmordattentater am Nigeria

De Konflikt am Nordoste vu Nigeria schéngt säit e puer Méint nees opzeflamen

Vill Doudeger a Blesséierter béi Selbstmordattentater am Nigeria

An engem Flüchtlingslager zu Mandarari am Nordoste vum Nigeria, hunn sech dréi Selbstmäerderinnen an d‘Loft gejot. Laut lokale Quellen, sinn bei dëser hannerlëschteger Dot, 28 Mënsche verstuerwen an iwwert 80 verletzt ginn.

„Dräi Fraen hunn hir Sprengrimmer direkt am Agang vun engem Flüchtlingslager gezünt“, esou de Baba Kura, Member vun der ziviller Miliz déi den dschihadistesche Grupp „Boko Haram“ bekämpft. „Déi éischt Fra huet sech géint 18:00 Auer um Maart deen sech an der Entrée vum Lager befënnt an d‘Loft gejot. (…) Dat huet eng Panik ausgeléist an d‘Geschäftsleit hu grad hir Butteker zougemaach, wéi zwou aner Fraen sech an d’Luucht gejot hunn. Déi hunn och déi meeschten Doudeger a Verletzter ze veräntwerten.“

Den Ibrahim Liman, Chef vun der ziviler Miliz, huet den dräifachen Uschlag bestätegt. Hie confirméiert och, datt méi wéi 80 blesséiert Mënschen an d‘Spidol vu Maiduguri (ronn 25 Kilometer vum Lager ewech) iwwerfouert goufen.

Epizenter vun der Gewalt

Mandarari läit am Dirstrikt vu Konduga, net wäit ewech vun der Haaptstad vum Land Borno. D‘Géigend ass reegelméisseg d‘Zil vu Boko Haram. Esou och an der Nuecht vun ee Samschdeg op ee Sonndeg, wou Band vun Dschihadisten d‘Duerf Amarwa iwwerfall, op Passante geschoss a sämtlech Häipen a Brand gestach hunn.

Konduga ass ee vun den Epizentere vun der Gewalt, zanter d‘Arméi am vergaangene Dezember déi fanatesch Terroristen aus dem Bësch vu Sambisa verjot hunn. Viru knapp zwou Wochen, hunn dräi Stroossenhändler de Kapp erofgeschnidde kritt, beschëllegt Spioune vun de Sécherheetskräften ze sinn.

Nei opgestallt

De Konflikt am Nordoste vu Nigeria schéngt säit e puer Méint nees opzeflamen. D’Boko Haram, déi sech hu misse vun de grousse Stied ronderëm de Séi Tchad zréckzéien, gräift sporadesch déi grouss Achsen a strategesch Stied un. Esou gëtt verhënnert, datt d‘Arméi an d‘ONG‘en der Bevëlkerung a Nout zu Hëllef ka kommen.

Enn Juli, hat en Hannerhalt géint eng Missioun vun enger Pëtrolsgesellschaft ronn 70 Affer geuerdert. Onglécklech och de Virfall vu leschter Woch. Hei hat déi nigerianesch Arméi illegal e Camp vun der UNO zu Maiduguri duerchsicht.

Zanter 2009 ginn iwwer 20.000 Doudeger op de Konto vu Boko Haram. Si droen och d‘Verantwortung fir 2,6 Millioune Flüchtlingen. Laut der UNO leiden op mannst zwou Millioune Mënschen Honger a bal 7 Millioune Mënsche brauchen humanitär Ënnerstëtzung.

mat AFP

Foto: Wéinst der grousser Zuel u blesséierten, hunn d‘Affer missen um Buedem am Spidol vu Maiduguri op Behandlung waarden. Beim Uschlag vun dräi Selbstmäerderinne waren 28 Mënschen ëm d‘Liewe komm (© Stringer/AFP)

 

 

 

Ähnlech Sujeten Afrika, Boko Haram, Nigeria
Nächsten Artikel Virrechten Artikel