Krunnewaasser am Restaurant?
Et ass eng sécherlech gutt gemengte Petitioun, d‘Restaurateure per Gesetz
Et ass eng sécherlech gutt gemengte Petitioun, d‘Restaurateure per Gesetz
Stralend Gesiichter konnt ee gëschter virun der Entrée vun der
An de leschte Wochen an Deeg goufe vu verschidde Säiten
Bei Nordliichter gëtt net nëmmen ee villverspriechende Programm gebueden, mee och nach d’Geleeënheet genotzt, fir d’Visiteuren ze sensibiliséieren. Hei kritt Dir nämlech all Informatioune, wéi een aktiv géint Liichtverschmotzung virgoe kann a wisou et iwwerhaapt Handlungsbedarf gëtt.
D’Opening-Event Nordliichter riicht sech dobäi un déi ganz Famill. Ee besonneschen Highlight fir Kanner ab 6 Joer ass d’Liesung vu Mythen a Märercher ronderëm d’Nuecht, déi um 21:30 Auer ufänke wäert. Am Ganze luede siwe Workshops Grouss a Kleng an, d’Nuecht ganz nei ze entdecken. Mat Hëllef vun engem Apparat fir Nuets ze gesi kann een d’Roll vun engem nuetsaktiven Déier unhuelen a méi zu den Auswierkunge vum Liicht op d’Ëmwelt léieren.
Musikalesch ënnerstrach gëtt d’Evenement vun der italienescher Sopranistin Antonella Rondinone, dem Saxophonquartett Saxitude an der Blues-Band Kid Colling Cartel.
All d’Evenementer vum Festival Night, Light & More verfollegen d’Zil, esou nohalteg wéi méiglech ze sinn, andeems komplett op Eeweeverpackunge verzicht gëtt. An Zesummenaarbecht mat der SuperDrecksKëscht gëtt op déi richteg Trennung vum Offall op der Plaz opgepasst.
Dobäi gi besonnesch lokal a regional Produiten ugebueden. Mat Fleesch, vegetareschen a veganem Iesse sollt den Honger vun all Persoun gestëllt kënne ginn.
Am Beschten a bequeemsten erreecht een Nordliichter mam ëffentlechen Transport. Wien trotzdeem net op den Auto verzichte wëll, dee soll den ausgeschëlderte Park & Ride bei der Gare oder der Industriezon notzen. Ee gratis Shuttle-Service bréng Iech op d’Plaz.
D’Evenement Nordliichter fënnt um Samschdeg, den 28. September vun 21:00 bis 00:00 Auer am Europagaart zu Ëlwen statt. Den Entrée ass gratis.
Méi Informatiounen ënnert www.nightlightandmore.lu.