Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Staatsrot berechtegt seng Existenz
presentasjon av seg selv dating when we gonna hook up

https://moien.lu/phone-swap-dating-show-snapchat-episodes/

Fir den Exercice 2017/18 stellt sech de Staatsrot selwer eng

columbia sc dating website
presentasjon av seg selv dating when we gonna hook up

What the Fakt – Kölle Alaaf!

Pünktlech um 11:11 Auer um 11. November feieren an der

G7-Sommet Biarritz: Alles en eenzegt Gestreits?
presentasjon av seg selv dating when we gonna hook up

G7-Sommet Biarritz: Alles en eenzegt Gestreits?

D‘USA wëlle franséische Wäi besteiere wa Frankräich eng Digitalsteier fir

No 25 Joer Natura 2000 bleift d’Missioun déi selwescht

No 25 Joer Natura 2000 bleift d’Missioun déi selwescht

Um Groeknapp zu Grolënster ass ee Sonndeg de 25. Gebuertsdag vu Natura 2000 a „Life“ um Site vu „Life Orchis“ an der Gemeng Jonglënster gefeiert ginn. De Projetleeder Georges Moes (natur & ëmwelt) vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur huet de klenge Grupp vun Invitéë begréisst déi sech bei beschtem Fréijoerswieder dësem historesche Moment verschriwwen haten.

Fir den éischte Schäffe Mike Hagen war dëst och d’Geleeënheet, fir eng Plaz a senger Gemeng ze entdecken, déi hien nach net kannt huet. De Mike Hagen freet sech awer, datt et ausser dem Groeknapp nach vill aner Plazen ze entdecke gëtt, och wann dës sécherlech fir de Public nach mussen agencéiert ginn. D’Gemeng Jonglënster ass awer „frou sech un dësem Projet konnten ze bedeelege“ an „et ass ganz wichteg am Bewosstsinn vun de Bierger ze implementéieren, datt et och aner Kritäre muss ginn déi hinne sollte wichteg sinn“, esou de Vertrieder vun der Gemeng. Dee neie Liewensraum deen dann och um Groeknapp geschaaft gouf, ass en Deel vum Patrimoine soll nieft dem ökologeschen Notzen och eng Ekonomesch Roll anhuelen.

Ekonomesch sënnvoll Projeten

De Patrick Losch, President vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur, notzt dann och d’Geleeënheet fir ze erënneren, datt si scho virun der Politik d’Entscheedung getraff haten am Sënn vun der Natur eppes ze ënnerhuelen. A senger Ried kruten d’Leit de „Life Projet“ erkläert an esou war och eng Kleng Bilanz ze zeien, vun all de Projeten déi am Land konnte realiséiert ginn, a wou nach Projeten ustinn.

Nëmmen all zesumme kënne mir de Natur nees déi Plaz an eiser Gesellschaft ginn déi brauch an och néideg huet fir ons Liewensqualitéit ze erhalen © moien.lu/MdL

Säit méi wéi 30 Joer ass d’Fondatioun aktiv, an dank der Ënnerstëtzung vu villen Donateuren, Sponsoren an dem Staat, konnte bis haut 1.200 Hektar Land kaf ginn. Dës Parzelle stelle fir Lëtzebuerg een eenzegaartegt Netz vu Naturschutzgebidder duer. Wat de Groeknapp betrëfft esou weist de Patrick Losch dorops hin, datt „hei ass ee mënschegemachte Biotop a mir wëllen d’Rad net zréckdréinen, mee intelligent Weeër fannen an eng Exploitatiounsmethod fannen déi och ekonomesch Sënn mëscht.“

Besuch aus Bréissel

Wat ville Leit esou oft net bewosst ass, mee zum Ulass vum 25. Gebuertsdag vun Natura 2000 eng gutt Geleeënheet ass, dorunner ze erënneren, datt dat een europäesche Projet ass an ee Lëtzebuerger Vertrieder viru 15 Joer den Direkteschposten iwwerholl huet. De François Kremer gëllt dann och als ee vun de Pappe vum gréissten Naturschutznetzwierk op der Welt, dat net manner wéi 27.000 Gebidder abezitt.

Natura 2000 ass allerdéngs méi wéi nëmmen de Schutz vun der Ëmwelt et ass ee Projet deen och ekonomesch Sënn soll maachen. De François Kremer weess dann och datt nach villes am Uerge läit an „den Zoustand ass nach ëmmer besuergneserregend. De leschten Zoustandsbericht vun 2015 weist nach ëmmer op de schlechten Zoustand hin a vill Aarte befannen sech nach am Réckgang oder si vum ausstierwe bedréit.“

 

De Schäffe Mike Hagen kritt vum François Kremer, Direkter fir Ëmwelt op der europäescher Kommissioun de Fändel „Natura 2000“ iwwerreecht © moien.lu/MdL

Do stellt sech dann d’Fro firwat den europäesche Projet Natura 2000 gutt ass. Mee den Direkter fir Ëmwelt an der Kommissioun freet sech éischter wou mir haut wieren, wann et dës Initiativ net géif ginn. Hie bestätegt dann och, datt d’Kommissioun préift op déi Mesuren déi agefouert gi sinn, gräifen. Zu Bréissel nennt een dat ee „Fitnesscheck“ vun der Habitatdirektive a wann ee bedenkt, datt d’Memberlänner sechs Joer Zäit haten, déi mëscht awer duebel esou laang gebraucht hunn se ëmzesetzen, da war dee sécher batter néideg.

Lëtzebuerg allerdéngs ass deen aktiivste Member an och Pionéier an der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht. De „Fitnesscheck“ huet awer och am Dezember 2016 derzou gefouert, datt sech entscheet ginn ass, d’Direktive ze verbesseren an d’Ëmsetzung vun dëser mëttels Informatioun ze stäerken. „Vill Sue ginn net ofgeruff a mir mussen d’Memberlänner ermonteren d’Mëttel besser ze notzen“ esou de François Kremer deen sech och fir eng besser Kommunikatioun mat de Bierger asetzt „Manner wéi 11% vun de Leit an Europa wësse wat Natura 2000 ass“ a „vill Mënsche mengen et wier eng national Aktioun.“

Hei spillen Organisatioune wéi „natur & ëmwelt“ eng grouss Roll, am besonnesche wat d’Ëmsetzung ugeet. Ee wichtege Partner also och am Beräich vum ekonomesche Volet. Dofir huet den Direkter dann och ee grousse Merci vu Bréissel matbruecht an dem Schäffe Mike Hagen ee Fändel iwwerreecht dee Jonglënster als Natura 2000 Gemeng ausweist. „Mat 27% vum Territoire als Natura 2000 Gebidder ass Lëtzebuerg Spëtzevertrieder an op dëser Plaz soll dann och opgeruff ginn d’Kandidatur fir de Grousse Präis „Natura 2000“ anzereechen“, esou den François Kremer ofschléissend.

Manner Beton ass méi Ëmwelt

Fir d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg war de Sonndeg och ee gudden Dag. Net nëmmen datt Si sech iwwert de Gebuertsdag u sech konnt freeën, mee besonnesch wëll d’Zieler déi gestallt sinn, mat der Zivilgesellschaft a besonnesch mat Acteure wéi hei der Fondatioun Hëllef fir d’Natur erreecht ginn. D’Carole Dieschbourg erënnert dann och gären dorunner, datt mat vill Engagement Lëtzebuerg d’Natura 2000 Gebidder vun 18 op 27% gewuess sinn an dat lescht Wuert och nach net geschwat ass.

 

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg erkläert wat nach alles usteet © moien.lu/MdL

Dëse kulturelle Patrimoine dee sech an Zesummenaarbecht mat der Landwirtschaft an der Gesellschaft verankert ass dann och de Garant fir méi Liewensqualitéit. „Mer (d’Regierung, U.v.d.R.) wëssen all, datt den Asaz vum Bierger gefrot an dat nëmme mat Europa ëmzesetzen ass“, esou d’Ministesch. Dat muss dann elo och bei der Ausweisung vun de PAG’en berécksiichtegt ginn. „Den zweeten nationalen Naturschutzplang ass decidéiert“, kréie mer ze héieren, an den „Trippel“ soll iwwert ee Comité de Pilotage erreecht ginn.

„Mat allen Acteuren, Staat, Gemengen an Zivilgesellschaft, muss de Leit erkläert gi wat leeft“, a weider „d’Sensibiliséierung ass ee wichtege Bestanddeel“ wat dann awer och bedeit, datt d’Bierger méi musse matschaffen a Verantwortung iwwerhuelen. An d’Ministesch erënnert drun, datt mer all vun eneen ofhängeg sinn. Dorënner ass ze verstoen de Mënsch an d’Natur, zu där och d’Beien zielen. „Dofir musse mir de Leit kloer maachen dat an eng gréng Infrastruktur muss investéiert ginn a manner a Beton.“ Ee vun de Grënn sécherlech firwat d’Landwirtschaft als Partner vun Ufank un muss mat um Dësch sëtzen.

Dëse Freideg 26. Mee kann de Site vu „Life Orchid“ vun allen Interesséierte besicht ginn. Hei gëtt et Informatiounen zu de Ronn 900 Orchideeën, verdeelt iwwert aacht Aarten, déi um Groeknapp hir Heemecht hunn a wat do alles soss nach esou geplangt ass. De Rendez-vous ass ginn um Parking vum Monument vun de Stroossenaffer zu Jonglënster um 18 Auer an d’Visite dauert bis 20.30 Auer. Fir méi Informatiounen an aner Evenementer vun „natur & ëmwelt“ klickt op de LIEN a kuckt an den Agenda.

 

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Natura 2000, Nohaltegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel