Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!

A bemol war d’Welt giel! Um 19. Abrëll 1987 haten

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto
International Neiegkeeten

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto

Fir méiglechst séier d‘Dispositioune vum Koalitiounsaccord, am Bezuch op d‘Dekarbonisatioun

money
Venezuela steet kuerz virum Staatsbankrott
International Neiegkeeten

Venezuela steet kuerz virum Staatsbankrott

Eigentlech hätt e Freideg zu New York de Staatsbankrott vum

No de Wahlen a Bayern mussen sech déi Konservativ Froe stellen

Déi „Grüne“ mat Zoustëmmungsrekord, AfD zweestelleg

No de Wahlen a Bayern mussen sech déi Konservativ Froe stellen

Déi enorm Néierlag vu CSU (-10,4%) an SPD (-10,9%) bei de Landtagswahlen a Bayern, wäert fir vill Gedauschs zu Berlin suergen. Gewonnen hunn dogéint déi gréng (+8,9%) an d‘AfD (+10,2%), wat sécherlech och zu Berlin mat entspriechender Opmierksamkeet oder Suerg, jee no Standpunkt, dierft verfollegt ginn.

Fir déi grouss Koalitioun (GroKo) ass den Ausgang vun de Wahlen a Bayern en denkbar schlecht Omen. Dat ass dem Fait geschëlt, datt der Bundeskanzlerin hir „Schwësterpartei“ CSU keng einfach Regionalpartei ass. Regéiere gëtt zu Berlin no dësem Wahlsonndeg schwiereg bis onkontrolléierbar. D‘Sozialiste kucke weider an den Ofgrond, an d‘Muecht vum Angela Merkel bréckelt.

Elo geet et Bayern gutt: e niddrege Chômagetaux, eng lieweg Konjunktur. D‘CSU kann also net alles falsch gemaach hunn, an awer ass si „ofgestierzt“. 89% vun de Bayern sinn der Usiicht, datt déi wirtschaftlech Situatioun „gutt“ bis „ganz gutt“ ass, an dräivéierel behaapten sech drop, datt d‘CSU dem Land iwwer Joerzéngten ewech gutt gedoen huet. Wéi erkläert sech dann d‘Resultat?

Beim Wahlprogramm dernieft gegraff

Geet den Analysten no, dann huet sech d‘CSU mat de falschen Themen am Wahlkampf beschäftegt. Esou war d‘Wirtschaftspolitik – e Kompetenzberäich vun der CSU – am Wahlkampf kee Sujet, och de Chômage, e Sujet dee bei fréiere Wahle vill Gewiicht hat, huet am Wahlkampf keng Roll gespillt. Huet sech d‘CSU hei vum eegenen Erfolleg blende gelooss? Nee, mengen d‘Analysten…

Fir si waren et aner Themen, déi d‘Wieler interesséiert hunn, wéi Ëmwelt, Logement a Bildung. Hei huet sech d‘CSU net ervirgedoen. Et gëtt hir esouguer nogesot, hei wier d‘Vertraue verspillt ginn. A well d‘CSU dunn och nach op d‘Flüchtlingspolitik gesat huet, hunn se déi eege Reie gespléckt. Dat gesinn esou och 51% CSU-Sympathisanten. Der AfD huet et an d‘Hänn gespillt.

BayernEng weider Ursaach déi ugefouert gëtt: d‘Sträitbereetschaft vun der CSU. Bei Ëmfroen hu 55% vun de Leit gemengt: „d‘CSU sicht ze oft Sträit“. Dat hätt der vill derzou ermontert hir Stëmm nei ze verginn. De Leadership an der CSU muss Verantwortung iwwerhuelen. Fir déi katastrophal Wäerter ginn esou de Ministerpresident Markus Söder an den Horst Seehofer verantwortlech gemaach.

Deen éischten huet e Problem mat der Glafwierdegkeet, deem anere gëtt de Virworf gemaach, sech méi ëm déi eege Persoun ze bekëmmeren, wéi datt hie sachlech Politik géif bedreiwen. Och soss kommen d‘CSU-Politiker aus der „éischter Rei“ net gutt ewech. Fir de schlechten Zoustand vun der Partei gëtt, esou geet et aus Ëmfroen ervir, awer d‘Bundeskanzlerin verantwortlech gemaach.

De Sozialiste feelt et u Réckgrat, déi Grüne hu Karma

Et huet awer net nëmmen d‘CSU eng zolidd béi d‘Läffele kritt. Och d‘SPD muss sech mat engem Stëmmeverloscht am zweestellege Beräich ausenanersetzen, an ass elo am Landtag nach eestelleg vertrueden. Fir d‘Analysten ass dat dem Fait geschëlt, datt d‘Sozialisten net méi als kompetent, do virun allem bei hirer Basis, betruecht ginn. Si hätte méi missen op sozial Gerechtegkeet setzen.

„Der SPD feelt et un engem zentralen Thema dat Mënsche begeeschtere kann“, heescht et an dat gesinn zweedrëttel vun hire Sympathisanten och esou. Et wéisst een einfach net méi, firwat d‘SPD steet. Hir Spëtzekandidatin Natascha Kohnen ass wuel gutt bei de Wieler ukomm, kënnt awer net un d‘Wäerter an d‘Beléiftheet vun engem Christian Ude (fréiere Buergermeeschter vu München) erun.

BayernBei déi Grüne ass et d‘Géigendeel. Hei ass d‘Richtung kloer an däitlech, an hinne ginn dann och entspriechend Kompetenzen an de Beräicher: Naturschutz, Ëmwelt a Klimapolitik zougerechent. Themen déi och am Wahlkampf massiv ugeschwat goufen, a vun de Wieler opmierksam verfollegt goufen. Si hunn hir Richtlinne konsequent vertrueden, an dat gouf vum Wieler belount.

Och am Ëmgang mam Flüchtlingsthema, hunn déi Grüne sech ervirgedoen. Interessant ass zum Beispill, datt och wien déi Grüne net gewielt huet et begréisst, datt si sech fir eng human Asylpolitik asetzen. D‘Analyste wëllen erkannt hunn, datt déi Grüne, Wäerter verdeedegt, déi enger Majoritéit vun de Wieler wichteg sinn. An eppes ass och wichteg: hir Sympathisante fillen sech respektéiert.

D‘Gewënner sinn: d‘AfD an „Freie Wähler“

Wa Volleksparteie bei Wahlen, kumuléiert iwwer 20% Stëmmeverloscht fir sech verbuchen, esou sinn dës Stëmmen net verluer. Fir d‘Analyste profitéieren dovunner an éischte Linn sougenannt „Protest-Parteien“. Esou gi Wieler (51%) un, sech aus Enttäuschung iwwert aner Parteie fir déi „Freie Wähler“ entscheet hätten. E Wäert deen eenzeg vun der AfD nach getoppt gëtt.

Interessant: déi meescht (befrote) Wieler hunn uginn, datt si sech eréischt knapp virun der Wahl, op hire Choix festgeluecht hunn. Dat dierft der AfD zimlech egal sinn. Déi zitt elo mat 10,2% an de 15. Landtag, an huet mat 22 Mandater grad esouvill Sëtz wéi D‘SPD. Als drëtt Kraaft am Land, a mat 27 Mandater en méigleche Koalitiounspartner fir d‘CSU, presentéieren sech déi „Fräie Wähler“

BayernD‘AfD huet a Bayern eenzeg mam Thema „Flüchtlingen & Asyl“ Wahlkampf bedriwwen, an dat huet de Sympathisante wéi et schéngt gutt gefall. Mat vill Populismus an „einfachen“ Äntwerten op ganz komplex Froen, hu si awer net nëmmen déi eege Leit „iwwerzeegt“. Esou hu vill Bayern d‘Suerg, datt den Afloss vum Islam hir Kultur a gesellschaftlech Wäerter a Fro stellt.

Hir rietsextrem Positioune bereeden allerdéngs och villen Awunner Kappzerbrieches. Laut den Analysten, hätte knapp zweedrëttel vun de Wieler déi sou gewielt hunn, domatter och e Problem. Firwat si dann awer (bewosst) „rietsextrem“ gewielt hunn: si fillen sech vun der Politik net méi berécksiichtegt, sinn am allgemengen onzefridden oder wënschen sech Verännerung.

mat AFP

Foto: De Markus Söder (Mëtt) Ministerpresident vu Bayern, mam Katharina Schulze (déi Grüne) an dem Spëtzekandidat vun déi „Freie Wähler“, Hubert Aiwanger. Dee kann sech iwwer en enorm gutt Resultat freeën, an dierft säi Wiertche bei de Koalitiounsverhandlungen ze soen hunn. © Lukas Barth-Tuttas/pool/AFP

Ähnlech Sujeten AfD, Bayern, CSU, die Grüne, Freie Wähler, Landtagswahl, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel