Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D’AIIB zu Besuch am groussherzogleche Palais
Erkläert dangers of internet dating sites sabah dating services

are barry and iris dating in real life

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog Henri de Verwaltungsrot vun der

most successful hookup site
Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech
Erkläert dangers of internet dating sites sabah dating services

Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech

Um Freidegowend a Samschdegmueren huet et dausende Windows-User op der

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!
Erkläert dangers of internet dating sites sabah dating services

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!

Wéi këmmeren ech mech richteg ëm mäin Vëlo? Wéini musse

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck

Déi dschihadistesch Zell, beschëllegt d‘Uschléi a Katalounien duerchgefouert ze hunn, soll Gréisseres virgehat hunn. Dat zumindest huet ee vun den Ugekloten dem Riichter agestanen.

Während 70 Minutten huet den Mohamed Houli Chemal, en 21 Joer jonke Spuenier aus Melilla, dem Riichter Ried an Äntwert gestane. De jonke Mann huet dem Riichter zu Madrid bestätegt wat hie scho bei der Police zu Protokoll ginn hat. Déi vu senge „Frënn“ ausgefouert hannerlëschteg Dot huet 15 Mënschen an den Doud gerappt an 120 Persounen deels schwéier blesséiert.

Déi Zell, bestoend aus enger Dose Membere – vun deenen der aacht Doud sinn – soll laut dem Ugekloten e gréisseren Uschlag geplangt hunn. Mat de Bommen déi zu Alcanar „zesummegebastelt“ gi waren, sollten Uschléi op Monumenter a aner touristesch Héichbuergen duerchgefouert ginn. Dat bestätegt och eng Source aus dem Justizëmfeld.

Unhand den Aussoe vum jonken Extremist, huet de Riichter hie fir „terroristescht Attentat“ ugeklot an agespaart. Déi gläich Mesure trëfft och op den 27 järege Marokkaner, Driss Oukabir zou. Deen huet grad wéi den Mohamed Houli Chemal am klenge Stiedche vu Ripoll, um Fouss vun de Pyrenäe gewunnt, do wou sech d‘Zell gebilt huet.

En drëtte Mann, wou d‘Beweislaascht zimlech „dënn“ ass, huet de Riichter ënnert der Kontroll vun der Justiz fräi misse loossen. D‘Enquête hei gëtt awer weidergefouert. Beim Mann handelt et sech ëm de Mohamad Aallaa, de Besëtzer vum Auto dee vir d‘Attack zu Cambrils benotzt gouf. Wat de véierte Mann betrëfft, esou muss nach op d‘Resultater vun der Perquisitioun gewaart ginn.

Reliéis motivéiert a radikaliséiert

An der Ordonnance, déi dem Riichter seng Entscheedunge justifiéieren, fannen sech eng helle Wull un Detailer, déi bis dohinner onbekannt waren. Esou och d‘Grënn fir déi haseleg Attentater, nodeems allem Uschäin no e „Plang A“ an de Gënns gesat gouf.

Mat der ongewollter „Sprengung“ vun hirer Stopp zu Alcanar de 16. August, war et zum Gléck fir d‘Gesellschaft, Esseg mat de geplangten Uschléi op Monumenter an touristesch Ziler. An de Ruine vum Haus hat d‘Police eng grouss Quantitéit u Gasfläschen esou wéi ee gréissere Stock u Neel fonnt. D‘Neel sollten als „Splittermaterial“ dengen, an méiglechst grousse Schued a Verletzunge verursaachen.

Alles huet dann och dorops higedeit, datt am Haus TATP, en artisanale Sprengstoff, dee vum IS „gäre“ benotzt an net ëmsoss als dem „Satan seng Mamm“ bezeechent gëtt. Ënnert deem wat vum Haus iwwreg bliwwen ass, huet d‘Police och e Manuskript fonnt.

Den Text, an engem grénge Buch versuergt: „Am Numm vun Allah (…) Kuerzbréif vun den Zaldote vum islamesche Staat um Buedem vun Al-Andalous (esou gouf Spuenien ënnert der arabescher Herrschaft bezeechent NvdR) fir d‘Kräizritter…“; léisst op de reliéis-radikale Charakter vun der Band schléissen.

Et ass zudeem och elo erwisen, dat den Imam Abdelbaki Es Satty, deen sech a Loft opgeléist hat, ke weidere Schued mä kann uriichten. Hie, vun deem ugeholl muss ginn, datt en de Grupp radikaliséiert huet, ass mat enger zweeter Persoun bei der Explosioun vum Haus ëmkomm. De Mohamed Houli Chemal huet sech während der Explosioun ënner der Trapp opgehalen.

Hannerlëschteg mat Alternativen

Nodeems d‘Haus explodéiert an d‘Police an Opreegung versat ginn ass, hunn d‘Terroristen de „Plang B“ aktivéiert. Bommen haten se keng méi, dofir eng Perfid Alternativ. Eng vum Driss Oukabir gelounte Camionnette konnt esou vum Younès Abouyaaqoub zu Barcelona agesat ginn.

Bei héijer Vitesse an am Zickzack iwwert d‘Avenue Las Ramblas, bréngt deen 13 Mënschen ëm a Verletzt der 120. Wéi et mat der Camionnette net méi viru gaangen ass, ergräift de Mäerder d‘Flucht. Heibäi erstécht den Terrorist en Automobilist fir him den Auto ze zoppen.

Als leschten Akt, dann an der Nuecht de Versuch zu Cambrils Schued unzeriichten. Fënnef Membere vun der dschihadistescher Zell, bewaffent mat Messeren an enger Aaxt, renne mam Audi A3 – deen engem Brudder vun hinne gehéiert huet – op eng Promenade wou se vun der Police gestoppt ginn.

Iwwerliewe war net Deel vum Plang

Si ginn nach op der Plaz, nodeems se eng Persoun mam Messer ëmbruecht a sechs weider Mënsche blesséiert haten, vun de Polizisten erschoss.

No véier Deeg op der Flucht, gëtt de Chauffeur vun der Camionnette, de Younès Abouyaaqoub, zu Subirats – en Duerf matten an de Wéngerte ronn 50 Kilometer vu Barcelona ewech – vun der Police gestallt. Beim eraussprangen aus dem Auto, an „Allah o‘Akbar“ jäizend, dann och nach verdächtegt e Sprengrimm ze droen, gëtt och hien erschoss.

Virum Riichter versicht den Mohamed Houli Chemal d‘Verantwortung vun den Uschléi, op de verstuerwenen Imam ofzedrécken. Dee kann näischt méi zu senger Verdeedegung soen. An och wann et glafwierdeg ass, et bléift geséchert, datt de Chemal en Terrorist ass a wëllens war Mënschen ëmzebréngen.

Seng Inhaftéierung an déi vum Driss Oukabir, schléissen esou dat éischt Kapitel vun der Enquête iwwert d‘Uschléi, déi Katalounien an Trauer versat huet. Dat nodeems Spuenien gutt siwe Joer laang ouni gréissere Virfall, verhältnesméisseg an Rou gelooss gi war. D‘Police gëtt dann elo och keng Rou a wëll wëssen op a wéi eng international Verbindungen dëse Grupp hat.

Op mannst ee vun de Verdächtege war am Dezember op Zürech, esou déi Schwäizer Police. Och Fligertickete fir Bréissel, ausgestallt op den Imam, waren och am Haus vun Alcanar fonnt ginn.

Den Audi A3, deen zu Cambrils agesat ginn ass, war bei Paräis vun engem Radar geblëtzt ginn. Dat war den 12. August. Der Foto no ware véier Leit am Auto, wat dann och vum franséischen Inneminister Gerard Collomb esou bestätegt gëtt.

mam Michaela Cancela-Kieffer/AFP

foto: Zesummestellung vun de Biller vun de Verdächtegen, déi den 22. August dem Haftriichter zu Madrid virgefouert goufen. (v.l.n.r) Mohamed Houli Chemal, Driss Oukabir, Salah El Karib a Mohamed Aallaa (© Stringer/AFP)

Ähnlech Sujeten Attentat, Barcelona, islamesche Staat, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel