Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen
guy i'm dating updated his tinder profile job dating iae caen

opinion essay online dating

Um haidege Mëttwoch huet Japan säin Ausstig aus der internationaler

https://moien.lu/dating-hessen/
guy i'm dating updated his tinder profile job dating iae caen

Heftege Reen fuerdert éischt Affer

Ronderëm d‘Mëttelmier huet d‘Natur seng ganz Gewalt agesat a fierchterleche

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns
guy i'm dating updated his tinder profile job dating iae caen

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns

Dir kennt et all: D‘Feierdeeg sinn do, et hockt ee

No den Europawahlen d‘Gestaltung vun Europa (eng Analys)

Dat gëtt dës Kéier net einfach mat der Majoritéit

No den Europawahlen d‘Gestaltung vun Europa (eng Analys)

D‘Bierger an Europa hu gewielt, also all zweeten EU-Bierger huet gewielt. Dat ass net schéin an den Interessi un Europa, schénge fir sech nëmmen d‘Populisten entdeckt ze hunn. Déi vun aller Welt als Vollekspartei verkläerten „chrëschtlechen Demokraten“ an „neoliberal Sozialisten“ hunn zolidd un Zousproch verluer. Iwwerraschend setzen d‘Ekologisten Akzenter.

Wierklech gewonnen awer hunn dës Wahlen awer d‘Populisten a Rietsextremisten. Wann sech Wahle fir de Bierger als „Belästegung“ ufillen, d‘Euroskeptiker – also därer déi d‘EU zerstéiere wëllen – sech massiv mobiliséieren, dann dierft ersiichtlech sinn, wéi komplizéiert sech d‘Organisatioun vu Majoritéiten am EU-Parlament duerstellt. Ass et eng Chance oder geet et de Schäissbierg an?

Gewosst ass, datt sech d‘Presidente vun de verschiddene Fraktiounen am Europaparlament schonn haut wäerten zesummesetzen, fir emol d‘Jalone vun der Muecht ze leeën. Woubäi et eigentlech an éischter Linn drëms geet ee vun de „Spëtzekandidaten“ als EU-Kommissiounspresident ze bestëmmen. Si sinn nämlech wierklech iwwerzeegt, datt dat méi Transparenz an Demokratie bitt.

Dat ass net wierklech de Fall, well engersäits dierft kloer sinn datt d‘EPP nees déi gréisste Fraktioun stelle wäert – zumindest wann se um Partenariat mat der FIDESZ festhält – an sech längst schéngt drop gëeenegt ze hunn, de bayresche Manfred Weber als Nofolger vum Jean-Claude Juncker ze bestëmmen. Blöd dës Kéier: et brauch 2 Koalitiounspartner, an déi kéinten alles op d‘Kopp stellen.

En Europa vun de Natiounen oder de Bierger?

Hale mir nach séier fest, datt an den europäesche Verträg (un déi generell nëmme bedéngt gehale gëtt, an zwar vun allen) de Prinzip „Spëtzekandidat“ net virgesinn ass, an de Wieler, egal fir wien hie sech entscheet huet, hei schonn emol eng éischte Kéier bei d‘Lisette gelooss gëtt. Eigentlech missten d‘Staats- a Regierungscheffen e „Kandidat“ presentéieren. Esou eppes Blödes awer och…

Op eemol ginn och nach demokratesch Prinzipie gefuerdert, well schliisslech muss deen am Virfeld an hannert zouen Diere bestëmmte Kommissiounspresident – zumindest dem Uschäin no – vum EU-Parlament gewielt, respektiv bestätegt ginn. Et gesäit dann um Enn awer nëmmen esou aus wéi wann d‘Europaparlament dat lescht Wuert hätt. Fraktiounszwang gehéiert hei zur Standardprozedur.

Et huet awer zum Enn vun der leschter Legislaturperiod ëmmer méi Stëmme ginn, déi sech géint de Prinzip vum Spëtzekandidat erhuewen hunn. Esou beispillsweis och de franséische President Emmanuel Macron, dee sech net un dëse Prinzip gebonne gesäit, deem seng „Partei“ awer esou schlecht ofgeschnidden huet, datt seng Meenung beschtefalls „Symbolcharakter“ huet.

An awer gëtt et ëmmer méi där Parlamentarier (dreiwend Kraaft sinn d‘Ekologisten) déi partout selwer de „Kandidat“ bestëmme wëllen. Also eigentlech d‘Kandidaten, well et geet net eleng ëm d‘Mandat vum Kommissiounspresident, ze bestëmmen ass och den EU-Rotspresident an dee wuel wichtegsten EU-Kommissär: dee fir d‘EU-Aussepolitik zoustännegen. Et geet ëm Muecht a Geld…

Well „Einfach“ net genuch „Komplizéiert“ ass

Europa, dee Projet deen alles méi einfach a besser sollt maachen, deet sech schwéier mat allem, an esou gëtt et eben nach eppes méi komplizéiert. Den ausgeléinte Manager vu Goldman-Sachs, Mario Draghi muss och goen, an et gëtt EU-Deputéierter, déi sech drop behaapten och bei der Besetzung vun dësem Posten e Wuert matzeschwätzen ze hunn. Dat wier sécherlech schéin, geschitt awer net.

Fir Kappzerbrieches dierft allerdéngs dat allgemengt Resultat vun de Wahlen op EU-Niveau suergen. Eng Majoritéit ass (glécklecherweis?) schwiereg ze gestalten an egal wien do zesummekënnt, si wäert sech zweckméisseg duerch Handlungsonfäegkeet ervirdoen. Esou kann d‘EPP och mat de Liberalen an den Ekologiste keng stabil (kredibel wier se och net) Majoritéit bilden.

Als „Stabil“ kann ee rechneresch eng Koalitioun vun der EPP mat de Liberalen an de Sozialiste presentéieren. Politesch schwéier virstellbar sécher, mee Politiker gi bekanntlech iwwer Läiche wann et de Wee zur Muecht fräi mécht, an een déi richteg Kaddoen zougestach kritt. Eigentlech dierft et de Sozialdemokrate liicht falen hir neoliberal Ausriichtung am „enke Krees“ ze liewen.

Et sinn och déi Fraktioune mat engem Spëtzekandidat, deen et eigentlech net dierft ginn. Gutt dat hate mir schonn an et interesséiert nach ëmmer „Keen“. Interessant awer, datt nieft dem konservative Weber an dem pseudo-Sozialist Timmermans, och déi liberal EU-Kommissärin fir d‘Konkurrenz, Margrethe Vestager sech virstellt déi nächst EU-Kommissiounspresidentin ze ginn.

A wa se sech d‘Posten einfach opdeele géife?

Fir déi dräi „wichtegst“ Mandater gëtt et dräi Kandidaten aus dräi Fraktiounen déi – zumindest um Pabeier – eng funktionell Koalitioun bilde kéinten. An do kéint ee sech dach froen, firwat se sech net einfach zesummesetzen an d‘Posten ënnert sech opdeelen? Esou kéint de Weber EU-Kommissioun, den Timmermans den EU-Rot an d‘Vestager d‘Aussepolitik iwwerhuelen an alles wier gutt.

Mee wann et ëm d‘Muecht geet kann et keng Frëndschafte ginn. Trotzdeem kann et scho muer Dënschdeg zu éischte Virentscheedunge kommen. Da wann sech no de Fraktiounscheffen, d‘Staats- a Regierungscheffen zum „Brainstorming“ zesummefannen. Ouni Majoritéit awer, an ënner Berécksiichtegung vun de Wahlresultater, sinn hir Spëtzekandidaten net ze halen oder ze bestätegen.

Dat awer schéngt d‘EU-Parlament verhënneren ze wëllen, a féierend Deputéiert sinn der Usiicht, datt wann de Prinzip vum Spëtzekandidat elo net duerchgesat gëtt, da gesäit d‘Zukunft net roseg aus. Mee déi huet et esou oder esou net liicht. D‘Populisten an déi rietsextrem hunn triumphéiert firwat de Prinzip „Europa“ u sech schonn a fro gestallt ass. D‘EU-Géigner sinn zolidd opgestallt.

Et léisst sech elo schonn erblécken, datt et zukünfteg am EU-Parlament eppes méi haart wäert hiergoen, den Toun sech nach eppes weider verschäerfen dierft. D‘Brexit-Partei déi zur gréisster eenzeler Partei gëtt, huet schliisslech versprach alles ze maache wat d‘Gesetzer an d‘Recht zouléisst fir dat Europa – dat si net lassloosse kënnen – a Grond a Buedem ze rammen. Abee merde alors…

Ähnlech Sujeten EU-Kommissiounspresident, EU-Parlament, EU-Rotspresident, Europawahlen 2019, EZB-President, Spëtzekandidat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel