Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Parkingstariffer am Spidol: D‘ULC hëlt den Dialog op
Fail International female scammers on dating sites dating first cousins

things to know before dating a mexican girl

Am däregen Dossier ëm d‘Parkingstariffer am Spidol deet sech eppes.

Eng landwirtschaftlech Entrevue mat villen Diskussiounsthemen
Fail International female scammers on dating sites dating first cousins

Eng landwirtschaftlech Entrevue mat villen Diskussiounsthemen

De Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!
Fail International female scammers on dating sites dating first cousins

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!

Et ass ewell déi 8. Editioun vu Fit4Start säit dësen

dislikesurprise

No der Aggressioun géint Syrien wëll d‘EU de politeschen Dialog nees ophuelen

No der Aggressioun géint Syrien wëll d‘EU de politeschen Dialog nees ophuelen

Bei der Sëtzung vum Rot vun den europäeschen Ausseminister zu Lëtzebuerg, stoung wéi erwaart den Ugrëff op syresch Militärbasen duerch d‘USA, Groussbritannien a Frankräich, op der Dagesuerdnung. Hei war ee sech dann och séier eens doriwwer, datt all Ustrengung muss ënnerholl gi fir de weideren Asaz vu chemesche Waffen, duerch de syresche Regimm, ze verhënneren.

Mat der selwechter Konsequenz ass dann och opgeruff ginn, de politesche Prozess nees ze lancéieren, a esou dem Konflikt en Enn ze bereeden. Iwwert den Ausgang vun de Loftschléi, déi richteg a noutwenneg solle gewiescht sinn, war een e Méindeg um Kierchbierg dann och ganz zefridden, well et keng Affer ze bekloe ginn.

„De Rot estiméiert, datt déi cibléiert Loftschléi spezifesch Mesure constituéiert hunn, déi mam eenzegen Zil ënnerholl goufen, de syresche Regimm drun ze hënneren, nach emol chemesch Waffen a chemesch Substanzen als Waff anzesetze fir Syrer ze ermuerden“, esou d‘Conclusiounen. „De Rot ënnerstëtzt all Efforten déi dozou bäidroen dem Asaz vu chemesche Waffe virzegräifen“.

Éischt politesch Aussoen no der Sëtzung

Conclusiounen, déi vum franséischen Ausseminister begréisst gi sinn: „D‘EU an d‘Memberlänner hunn eis an eisem Wëllen ënnerstëtzt, preventiv an dissuasiv géint d‘Benotze vu chemesche Waffe virzegoen. Déi europäesch Unioun ass also vereent“.

De lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn, huet senge franséischen a britesche Kollege Merci gesot fir déi ausféierlech Erklärungen zu der „chirurgesch ausgefouerte Militäroperatioun“, mat där dem syresche Regimm d‘Kapassitéit entzu ginn ass, chemesch Waffe géint d‘Populatioun anzesetzen.

Hien hätt et hätt et awer virgezunn, dofir e Mandat vum UN-Sécherheetsrot ze hunn, well een esou och dem internationale Recht entsprach hätt. De Jean Asselborn erkennt awer un, datt et bei dëser „punktueller a cibléierter Operatioun“ keng Zivil Affer ginn huet.

De lëtzebuergeschen Ausseminister fuerdert an dësem Kontext och, datt elo de politesche Prozess muss ënnert der Fiederféierung vun der UNO opgeholl ginn. Hie plaidéiert och fir en Dialog mat Russland, wou ee sollt drun interesséiert sinn sech dem syresche Problem ze entleedegen.

Fir de belschen Ausseminister Didier Reynders „war d‘Zil vun dëse Loftschléi, dem Regimm zu Damaskus däitlech ze maachen, datt et eng rout Linn gëtt, déi net ze iwwerschreiden ass“. An esou hunn déi 28 Ausseminister an hirer Deklaratioun betount: „Mir ënnersträichen, datt den Elan vun der aktueller Situatioun muss genotzt gi fir eng politesch Léisung am Syrien-Konflikt ze fannen“.

Dat geet awer nëmmen, wann och Russland matmécht. Den däitschen Ausseminister Heiko Maas, ass an dësem Punkt dann och op enger Linn mam Jean Asselborn: „Ouni Russland ass dëse Konflikt net ze léisen“, stellt Chef vun der däitscher Diplomatie fest. Hie besteet awer och drop, datt een sech misst eens sinn, eng Eskalatioun ze vermeiden.

Matenee schwätzen ass ëmmer besser wéi openaner schéissen

E Gesiichtspunkt deen och vum Didier Reynders gedeelt gëtt: „Mir mussen nees op de Wee vum politeschen Dialog zréckfannen, an dat esouwuel mat Russland wéi och mam Iran (déi alle béid de Baschar al-Assad ënnerstëtzen)“. De Jean-Yves Le Drian huet sech engem méiglechen Dialog mat Moskau net geäussert.

Zu Den Haag haten sech e Méindeg dann och d‘Ambassadeure vu Russland, Groussbritannien a Frankräich, um Sëtz vun der Organisatioun zum Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW) fir eng Drénglechkeetssëtzung afonnt. Heibäi ass ëm den erwisen Asaz vu chemesche Kampfmëttel géint d‘Rebellenhéichbuerg Douma (7. Abrëll) gaangen. Dat war och den Ausléiser fir d‘Loftschléi.

Hei huet Frankräich drop bestanen, datt alles muss an d‘Wee geleet ginn, fir der OPCW „d‘Zerstéierung vum chemesche Programm a Syrien“ ze erméiglechen.

An dësem Punkt sinn sech dann och all d‘EU-Länner eens. Wouriwwer ee sech dogéint oneens ass a bleift, ass déi militäresch Optioun. Groussbritannien a Frankräich schéngen entschloss, Verhandlungen noutfalls och mat Waffegewalt ze erzwéngen. D‘NATO-Membere sinn an dësem Punkt zerstridden, a vill vun hinne géifen sech léiwer eraushalen.

Reaktioune vu politesche Parteien zu Lëtzebuerg

Als éischt (an eenzeg déi eis et matgedeelt hunn) huet déi lénk géint d‘Aggressioun vun den dräi Alliéierten op Syrien reagéiert. Fir si kann et nëmmen heeschen: „Dem Krich nach méi Krich zouzedroen ass net akzeptabel“. Si veruerteelen dann och op d‘schäerfst d‘Loftschléi déi vun den USA, Groussbritannien a Frankräich duerchgefouert gi sinn.

Dat ganzt ouni Mandat vun der UNO (also mat engem Verstouss géint d‘Vëlkerrecht) an ouni d‘Conclusioune vun der OPCW-Enquête ofzewaarden. Déi lénk (mee och d‘KPL, déi op den Uschlag schonn ee Sonndeg um Parteidag veruerteelt huet) stelle kloer, datt Bommen a Rakéite kee Fridden erbäiféieren.

Si fuerderen déi implizéiert Parteien op, déi militäresch Eskalatioun unzehalen. Déi lénk setzt sech géint den Asaz vu chemesche Waffen an, an ënnerstëtzt d‘Enquête duerch d‘OPCW, déi si als onofhängeg Institutioun unerkennen. Si maachen en Appell un d‘Regierung, sech an den international ze engagéieren, fir eng diplomatesch Léisung vum Konflikt ze erméiglechen.

mam Christian Spillmann/AFP

Foto: De franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian (c ) an de briteschen Ausseminister Boris Johnson (r ) mam däitschen Ausseminister Heiko Maas. Déi zwee éischt hunn e Méindeg um Kierchbierg hiren Amtskollegen ausféierlech Erklärungen zu de Loftschléi ginn. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten chemesch Waffen, EU-Ausseministerrot, Jean Asselborn, OPCW, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel