Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit
Neiegkeeten

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit

Si maachen et sech an der Welt net einfach. En

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel
Neiegkeeten

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel

D‘Mandat vum Jean-Claude Juncker als President vun der EU-Kommissioun geet

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!
Neiegkeeten

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!

Fir de Verkéiersfloss op den Autobunnen zu Stousszäiten ze optimiséieren,

No der Kris ass virun der Kris

Vläicht wier et un der Zäit sech dem Thema „bedéngungslost Grondakommes“ nach emol unzehuelen

No der Kris ass virun der Kris

An der Chamber hat et ee Mëttwoch eng Rei „Aktualitéitsstonne“ ginn, déi vun der CSV ugefrot haten. Et ass heibäi ëm d‘Hausse beim Chômage an déi sozial Konsequenze vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19 gaangen. Och den Homeoffice war en Thema, deem wëlle mir eis méi am Detail an engem separaten Artikel zouwennen.

A senger Interventioun ass den CSV-Deputéierte Paul Galles op den Ëmstand agaangen, datt déi sanitär Kris och vun enger Wirtschaftskris wäert begleet ginn. Eng Kris déi wäitaus méi Impakt wäert hunn, wei mir dat sengerzäit bei der Bankekris erlieft hunn. Hien huet dann och am héijen Haus keng „diplomatesch Ëmweeër“ op sech geholl, mee ass mat der Dier an d‘Haus gefall.

Esou huet hie de Kolleegen an deenen uwiesende Regierungsmemberen ze verstoe ginn, datt et Blödsinn ass ze behaapten, datt déi sanitär Kris géif riskéieren zu enger sozialer Kris ze ginn. Déi sozial Kris huet et hei am Land laang virum Covid19 an dem Etat de Krise ginn. Politesch huet et awer ni en eescht gemengte Wëlle ginn, dëser vernoléissegter Minoritéit besser ze hëllefen.

Och den Deputéierte Sven Clement (Piraten) denoncéiert e Mangel u politesche Courage, sech dëser Erausfuerderung mat néidege Seriö ze stellen. Hien huet op déi ongezielten Debatten higewisen, déi et zur Aarmut an den Ongläichheeten an der Chamber gouf. Datt näischt, mee absolut guer näischt geschitt ass, wann een emol vum Gepléischters ofgesäit, ass en eklatante Mangel u Wäitsiicht.

Wat heescht hei Aarmut?

D‘Koalitiounsparteie gesinn dat diametral anescht. Fir si ass déi sozial Schéier net weider opgaange well et jo och genuch Instrumenter an Hëllefe fir „de Rand vun der Gesellschaft“ gëtt. Gutt datt hei zumindest d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) der Kritik zougesteet, datt net alles gutt ass an datt nach villes muss ugepaakt ginn, fir dësen Ongläichheeten ze begéinen. Wéi sot si awer elo net.

Elo gëtt vun den Intervenante begréisst, datt d‘Allocatioun „Vie Chère“ (am Volleksmond och als „Gromperegeld“ genannt) fir 2020 verduebelt gëtt, mee de Paul Galles verweist drop, datt – an dat sinn ganz offiziell Zuelen déi de Problem offenbaren – bal all fënnefte Resident zu Lëtzebuerg dem Risiko vun der Aarmut ausgesat ass. Et wier elo dréngend gebueden de Problem am Fong unzegoen.

Während de Paul Galles eng Rei Pisten ernimmt, wéi eng generell Hausse vun den Allocatiounen an dem Revis (Akommes vun der sozialer Aglidderung), an och insistéiert, datt Lëtzebuerg endlech eng national Strategie zur Bekämpfung vun der Aarmut an och ee nationale Plang brauch fir nees d‘Humanitéit an de Virdergrond ze stellen, huet de Sven Clement eng méi geziilten Approche.

Bedéngungsloost Akommes

De Sven Clement fuerdert hei net méi an net manner, wéi d‘Aféierung vun engem bedéngungslose Grondakommes. D‘Aarbechtswelt huet sech net eréischt mat der Pandemie zolidd verännert an et wier elo wichteg déi grouss Verännerungen déi sech ofzeechnen ze antizipéieren. Et géif de Leit net nëmme Perspektive bidden, mee hinne méi Fräiraim, och am kreative Beräich bidden.

Zum 30. Abrëll waren 20.253 leit bei der ADEM als Demandeur agedroen, also eng Hausse vun iwwer 30% géintiwwer dem leschte Konjunkturbericht. An déi Zuele sinn u sech nach niddreg, well et d‘Kuerzaarbecht gëtt an, zumindest déi méi éierlech Patronen, beméit sinn och trotz dem staarke Réckgang vun den Aktivitéiten, hir Leit ze halen. Mee dat Bild wäert sech nach zolidd änneren.

Foto: D‘Fuerderung vum Deputéierte Sven Clement, endlech e bedéngungsloost Grondakommes ze schafen ass net nei, a wuel och eppes ëmstridden. An enger sech elo ganz rapid verännerender Gesellschaft awer, sollt ee statt weideren administrative Schikanen a falschen Hëllefen, vläicht elo d‘Geleeënheet notzen, dat nach emol op de Leescht ze huelen, an eeschthaft mat den Acteure vun der Zivilgesellschaft beroden. © Chambre des Deputés/Flickr (Archiv)

Ähnlech Sujeten Aarmut, Aktualitéitsstonn, bedéngungsloost Akommes, Chamber, Chômage, Paul Galles, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel