Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bob Reuter neie President vun AHA Lëtzebuerg
Meenung WTF

Bob Reuter neie President vun AHA Lëtzebuerg

A Präsenz vum Taina Bofferding, Inneministerin a Ministerin fir d’Gläichstellung vu

Mexiko: E Renne géint d’Zäit
Meenung WTF

Mexiko: E Renne géint d’Zäit

Am Renne géint d‘Auer hunn d‘Secouristen hir ganz Kraaft mobiliséiert.

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA
Meenung WTF

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA

Schonn den 23. Februar hat den Donald Trump via Twitter

surprise

No #metoo – Deneuve, Anzari a Konsequenzen

E Kommentar

No #metoo – Deneuve, Anzari a Konsequenzen

Säit dem Harvey Weinstein Skandal, hu vill Léit sech zu #metoo geäussert. Den Hashtag gouf ënnert anerem vum vum Lady Gaga, vum Debra Messing a Patricia Arquette geretweeted.. Den Support war iwwermächteg, global a koum vu Fraen awer och Männer.

Véier Méint méi spéit, schwätzen mer nach ëmmer iwwert en systemateschen Problem.

Haut héieren mer nach ëmmer néi Geschichten. Wei déi vun enger Journalistin, déi en Date mam Anziz Ansari hat. D’Ereegnisser vum Date goufen Anonym via der Websäit Babe publizéiert. Deen Owend goufen et Miskommunikatiounen an d’Journalistin goung mat Tréinen an den An heem. Hirer Geschicht no huet den Anzari probéiert, si zum Sex ze iwwerrieden. En huet awer och den ‘Nee’ acceptéiert an huet probéiert, si ze calméieren. D’Gespréich iwwert dëse schlechten Date ass virsiichteg a komplizéiert, well vill Fraen sech hei net eens sinn. Et ass allerdéngs net d’Enn vum Anzari senger Carrière, wéi d’Ashley Bamfield et bezeechent huet.

Féier Méint méi spéit, ginn et ëmmer méi Léit déi soen, dass de Mouvement ze wéit geet. Den Liam Neeson beschreift et als eng Hexejuegd a seet, dass d’Beschëllegungen géint den Dustin Hoffman wier ‘Childhood Stuff’. An dann hu mer d’Catherine Deneuve an déi 99 Fraen, déi d’Lettre Ouverte ënnerschriwwen hunn. Si maachen sech jo Suergen dass ‘la drague insistante ou maladroite’ elo net méi erlaabt ass. Erlaabt ass et schonn, begréisst awer villäicht net.

De Problem ass, dass wann ee sexuell Gewalt trivialiséiert, ee Platz fir Täter a manner fir d’Affer schaaft.

Elo ze kräischen, et géif ze wéit goen, ass lächerlech! Et ass jo net wéi wa mer den Ënnerscheed tëscht engem schlechten Date an Vergewaltegung net géifen kennen. Mir kennen den Ënnerscheed ganz gutt! Et ass net nëmmen extrem sexuell Gewalt, déi Liewen ruinéiert, an et muss net Liewe ruinéieren, fir dass een dierf driwwer schwätzen. Den Punkt vun #metoo ass et, Visibilitéit an Ënnerstëtzung fir Affer vu sexueller Belästegung a Gewalt ze schafen.

D’Konsequenzen vun #metoo sinn, dass Fraen sech trauen, sech iwwert hier Erfarungen ze öffnen an domatten och géigesäiteg ënnerstëtzen an protegéieren. Et vereinfacht och d’Gespréich iwwer d’Qualitéit vun Dates an Sex. Mir kënne méi oppen iwwert des Moossstief schwätzen an Männer hunn net d’Rescht ze diktéieren, wéi Fraen ob hier romantesch Efforten reagéieren.

Dat lescht wat wäert geschéien ass den Doud vum Flirten. Mir wäerten nach ëmmer Flirten, an Daten a Sex hunn. Mee villäicht net ob der Aarbechtsplaz.

Foto: Alex Wong/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten #metoo, Feminismus, Sexismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel