Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: Eng verhale Campagne?
https://moien.lu/submarine-dating-urban-dictionary/

Chamberwahlen: Eng verhale Campagne?

Wann ee bedenkt datt dës Campagne séier wéineg Interessi erwächt

chanyeol dating rumours
https://moien.lu/submarine-dating-urban-dictionary/

best genuine dating apps in india

De nordkoreanesche Staatschef Kim Jong-Un an de südkoreanesche President Moon

Brexit: Britesch Staatsbierger kréien et mat der Angscht ze dinn
https://moien.lu/submarine-dating-urban-dictionary/

Brexit: Britesch Staatsbierger kréien et mat der Angscht ze dinn

Enn Mäerz ass Groussbritannien – egal wat alles nach komme

No Tornado Katastroph am Minett

ADR betraff a verlaangt beschtméiglechst staatlech Ënnerstëtzung fir d‘Affer!

No Tornado Katastroph am Minett

D’ADR weist sech déif betraff iwwer dat Leed, dat esou vill Leit aus dem Süde vum Land duerch den Tornado erlidden hunn, besonnesch aus de Gemenge Käerjeng a Péiteng. Si schwätzt deene Betraffenen hiert Matgefill aus an ënnerstëtzt all Moossnamen déi d’Regierung an déi concernéiert Gemengenautoritéiten huelen, fir deene betraffene Leit méiglechst séier, effikass an onbürokratesch ze hëllefen.

D’ADR seet all deenen häerzlech Merci déi hëllefe fir d’Situatioun nees an de Grëff ze kréien, sief et well sinn an offizieller Funktioun präsent sinn, wéi de CGDIS, d’Police oder d’Arméi, sief et deene Villen déi fräiwëlleg hëllefen. Si ass beandrockt vun der grousser spontaner Solidaritéit vu ville Mënschen am Land.

Weider rifft d’Partei hir Memberen dozou op, déi offiziell Initiative grousszügeg ze ënnerstëtzen. Och d’Partei an d’Fraktioun bedeelegen sech finanziell un deenen Hëllefsaktiounen.

Am Fall wou déi virop betraffe Gemenge keng Wunnenge méi hunn fir Affer vum Tornado ze relogéieren ass et nach den dréngenden Appell un de Staat fir dann anzesprangen an de Leit ë wierdegen Ënnerdaach ze ginn.

D’Affer däerfe finanziell net am Stéch gelooss ginn. Elo ass déi national Solidaritéit gefrot fir dat nees opzebauen, wat duerch eng Laun vun der Natur zerstéiert gouf. Vill Leit kënnen de Schued net aus eegener Kraaft reparéiere loossen. D’ADR mécht da weider den Opruff un de Staat fir deenen Betraffene Garantien ze ginn a fir dee Schued opzekommen dee vun den Assurancëgesellschaften net iwwerholl gëtt.

D’Reaktioun vum Staat bei Naturkatastrophë gëtt ëmmer nees kritiséiert. Dat wor zum Beispill och no den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall de Fall. D’ADR verlaangt dowéinst eng Diskussioun an der Chamber, wéi de Staat bei der Gestioun vu Katastrophefäll nach besser reagéiere kann an och wéi eng Léiere kënnen doraus gezu ginn. Déi Debatt misst direkt am Hierscht an der Chamber gefouert ginn.

Foto: © Martine de Lagrdère/moien.lu

Matgedeelt vun der ADR

Ähnlech Sujeten adr, CGDIS, Käerjeng, Naturkatastroph, Péiteng, Tornado
Nächsten Artikel Virrechten Artikel