Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De fréieren US-President George Bush ass dout
whos dating in real life on 13 reasons why

De fréieren US-President George Bush ass dout

Um spéide Freidegowend huet den Fils vum George Bush informéiert,

funny online dating texts
whos dating in real life on 13 reasons why

https://moien.lu/dating-site-in-swakopmund/

Um 28. Mee war d’Martina Holbach, vun der Plattform „Votum

What the Fakt – D’Paräisser Bluddwoch a seng dausenden Affer!
whos dating in real life on 13 reasons why

What the Fakt – D’Paräisser Bluddwoch a seng dausenden Affer!

Scho virun der Zäit vun de Giele Gileten ass et

No véier Joer Pilotprojet…

Den digitale medezineschen Dossier soll bis Enn 2019 fir jidderee gëllen

No véier Joer Pilotprojet…

Den elektroneschen, perséinlechen a securiséierten Dossier an deem d‘Gesondheetsinformatioune vun engem Patient enthale sinn (Dossier de soins partagés – DSP), deen zanter Juni 2015 als Pilotprojet lancéiert ass, soll nach bis Enn vun dësem Joer generaliséiert ginn, ass d‘Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum Françoise Hetto-Gaasch (CSV).

Déi concernéiert Ministeren, de Gesondheetsminister Etienne Schneider an de Sozialminister Romain Schneider – béid LSAP) -hunn an hirer Äntwert un d‘CSV-Deputéiert confirméiert, datt an de véier Joer vun der „Testphas“ eng 57.000 Dossieren zu Gonschte vun de Patienten ugeluecht gi sinn an, an dësem Kontext, och ronn 240.000 tëscht den Dokteren ausgetosch goufen.

Et hätt sech och erginn, datt déi Acteuren aus dem Gesondheetssecteur, dat sinn d‘Spidäler, déi verschidde parastaatlech/konventionéiert Entreprisen (HELP / Hëllef Doheem), mee och déi ganz Laboratoire mat dësem Outil geschafft hunn an d‘Plattform entspriechend verbessere konnten. Déi hunn natierlech alleguerte ganz verschidde wirtschaftlech Interessen, dat sollt net vergiess ginn.

An hei sinn sech d‘Ministeren dann och kloren doriwwer, datt et a Punkto „Dateschutz“ nach eng Rei Bedenke gëtt, firwat des System nach an der Testphas bleift, bis de legislative Kader vum Ganze finaliséiert ka ginn. Ass déi Hürd och gepackt, da kann d‘Agence eSanté de System op all Affiliéierten ausdehnen. Zu Lëtzebuerg gëtt et ronn 850.000 Affiliéierter bei der CNS.

Ähnlech Sujeten Dossier de soins partagés, eSanté, Etienne Schneider, Pilotprojet, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel