Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrylaughinglove
Tacheles:  Eis Sprooch: De stengege Wee aus dem dualisteschen Denken
Kultur Meenung

Tacheles: Eis Sprooch: De stengege Wee aus dem dualisteschen Denken

Wann et eng Petitioun gëtt, déi ee soubal net wäert

tonguecrying
Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt
Kultur Meenung

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt

No engem Joer „Donald Trump“, dat sech ervirgedoen huet duerch

angrycool
Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert
Kultur Meenung

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert

Vum Hierscht u soll an alle Crèche souwuel Lëtzebuergesch ewéi

D’Akademie vum Literatur-Nobelpräis muss sech hannerfroen

E Kommentar

D’Akademie vum Literatur-Nobelpräis muss sech hannerfroen

Et huet elo eng Zäitche rumouert, elo schéngt et fest ze stoen: Dëst Joer gëtt et kee Literatur-Nobelpräis. Am Kader vun der #Metoo Beweegung sinn Virwërf opkomm, déi méi wéi nëmmen e puer Verfeelungen oppe geluecht hunn. De Mann vum Akademie-Member Katarina Frostenson soll iwwer Joren Fraen an der Akademie sexuell belästegt hunn. D’Akademie ass mat deene Virwërf alles anescht wéi transparent ëmgaangen a mëttlerweil si Memberen ausgetrueden. Genuch, fir datt net genuch iwwreg bliwwe sinn, fir ofzestëmmen.

Während dësen technesche Volet liicht ze léise wier, steet e gréisseren am Raum. Nämlech dee vum Vertrauensverloscht. Kulturinstitutiounen, wéi dës Akademie mussen sech hire Renommee erkämpfen, fir datt hire Präis iwwerhaapt relevant ass. Soss géinge mer eis keng Diskussiounen doriwwer liwweren, firwat den David Bowie e Literaturpräis kritt. A wien och ëmmer dëst Joer gewonnen hätt: D’/De SchrëftstellIn hätt am Schied vun dëser Diskussioun gestanen, hiert d’Wierk an d’Perceptioun dovunner staark gelidden.

Et ass de richtege Moment, fir datt sech verschidden Acteuren an der Kulturzeen selwer hannerfroen

Et wier natierlech net esou, wéi wann elo e Literaturpräis do géing ausbleiwen. E gëtt am Verlaf vum nächste Joer nogeholl. Wa sech d’Akademie bis dohinner wäit genuch intern erneiert huet, versteet sech. An Nee, dëst ass net ee vun deenen Amenter, wou MeToo d’Kulturzeen zerstéiert, wéi dat gären emol vu gewëssene Leit behaapt gëtt. E Gremium muss sech hannerfroe loosse kënnen. Wann d’Sexismusdebatt dozou de Kader gëtt, dann ass dat eben esou.

Si mer eis och eens, datt déi meescht Akademien, déi esou Präisser verginn, esou hir Problemer hunn. Bei den Oscars stëmmt et, zu Cannes och grad ewéi beim Nobelpräis vun der Literatur. Vill Entscheedunge sinn net novollzéibar, oder net zäitgeméiss, och well et eng Tendenz gëtt, déi Leit op Liewenszäit ze wielen. Do sollt ee villäicht usetzen, fir eng Ännerung duerchzeféieren.

 

Ähnlech Sujeten #metoo, Kultur, Literatur, Nobelpräis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0