Search

You may also like

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet
Neiegkeeten

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet

Datt Geld eleng net glécklech mécht, ass fir vill Leit

What the Fakt – Wéi den Harry Potter an déi schrecklech Kummer komm ass!
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi den Harry Potter an déi schrecklech Kummer komm ass!

Kaum ze gleewen: Viru genau 21 Joer ass dem J.

De Jean Asselborn vun US-Entscheedung fir Jerusalem net begeeschtert
Neiegkeeten

De Jean Asselborn vun US-Entscheedung fir Jerusalem net begeeschtert

No der Entscheedung vum US-President déi amerikanesch Ambassade vun Tel

35 Joer Noël de la Rue um Fieldgen

35 Joer Noël de la Rue um Fieldgen

Solidaritéit an Traditioun, Matgefill a Mënschlechkeet, dat sinn d‘Atoute vum Noël de la Rue, engem Fest fir déi wou seelen e „Feierdag“ hunn, déi wou um Rand vun der Gesellschaft stinn. Dank enger Franziskanerschwëster an dem Léon Kraus, geroden se an de Mëttelpunkt.

Se waren hirer ronn 300 déi wéi all Joers de Rendez-vous um Fieldgen ugeholl hunn. Komm sinn se aus dem ganze Land an och eis Refugiéeën haten eng Plaz fräi gehale kritt. Et ass wuel net déi eenzeg Aktioun, déi deenen zerguttst kënnt déi et net mam „gëllene Läffel“ kruten, mee dann awer déi wou d‘Freed mat am gréissten ass.

Fir datt d‘Fest och e Fest gëtt, brauch et Virbereedung, Engagement an e Laachen am Gesiicht. Laachen ass souwisou ëmmer gutt, wéi eis d‘Megane, eent vun de 60 Benevollen erkläert. An den Noël de la Rue ass dann och zimlech eenzegaarteg, net nëmme well all Mënsch wëllkomm ass.

Noël

Den Noël de la Rue gëtt traditionell mat enger Mass ugefaangen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat ganzt fänkt dann och moies mat engem Gottesdéngscht un. A wéi all Joer, waren och dëst Joer vill Leit an der Sportshal zesummekomm, fir „deem do uewen“ Merci ze soen. Zesumme bieden a Sangen, ee ganzen Dag laang „Vollmember“ vun der Gesellschaft sinn, fir vill vun de Gäscht wichteg a sënnvoll. Duerno vrun der Dier nach eng Zigarett an dann ass et och schonn Zäit z‘Iessen.

Einfach „gutt“ an awer net einfach

De Menü einfach (et gëtt Zopp an z‘Iesse wéi een esou schéi seet) d‘Stëmmung beschtens, an eng ganz „Arméi“ Fräiwëlleger déi sech këmmeren, an dat ëmmer mam Laachen am Gesiicht. De Josy kënnt scho säit Éiwegkeeten, et ass dat Fest, datt hie fir näischt an der Welt verpasse wëll: „Hei ass et flott, et gesäit een d‘Kollegen erëm, d‘Iessen ass de Glanz an um Enn kriss de nach e Kaddo“.

Fir de Pierre, dee sech en Daach iwwert dem Kapp wënscht, ass et eng Première. Nach viru Joren hätt hie sech selwer net kënne virstellen, jeemools esou „auszerutschen“. En „accident de la vie“ nennt de Pierre d‘Ëmstänn déi hien zum Strummert gemaach hunn. Fir d‘éischt mécht de Patron faillite, da geet och nach d‘Bezéiung an d‘Bréch an iert ee sech ëmsinn huet…

Noël

Einfach gutt, e Maufel dee sech keen entgoe gelooss huet. © Martine de Lagardère/moien.lu

An da gëtt nach d‘Michelle a säi Marc, déi zwar en Dach iwwert dem Kapp hunn, mee och net iwwert d‘Ronne kommen. D‘Michelle ugangs 20 a Mamm vun engem prächtege Krappert, deen duerchaus d‘Qualitéite vun engem Operesänger huet, schafft net an de Marc kritt grad emol de Mindestloun.

Wann de Loyer bis bezuelt, déi „lafend Käschten“ iwwerwise sinn, ass nach vill Mount iwwreg, de Portmonni awer eidel. „De Loyer frësst dech op, du gees net fir deng Famill schaffe mee fir de Proprietär“, esou de Marc dee sech onwuel fillt, well hie mengt engem seng Plaz geholl ze hunn, well si jo do eigentlech net géifen higehéieren.

Zolitte Programm

Et ass dann och richteg, datt um Noël de la Rue net jiddereen als „Strummert“ ze bezeechnen ass. Grad esou richteg ass et, datt kee sech seng Situatioun „erausgesicht“ huet. Wann een allerdéngs bis drarutscht ass et schwéier nees erauszekommen, an eigentlech geet dat net. Et sinn eben déi Geschichten déi d‘Liewen erzielt, well d‘Gesellschaft et zouléisst.

Noël

Mat der Musek uechter d‘Reien vun Dëscher. Freed hunn, Freed bereeden… dat ass et ëm wat et beim Noël de la Rue geet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Beim Mëttegiesse war awer weder d‘Zäit nach de Moment fir Kappzerbrieches. An esou wéi „d‘Clienten“ sech iwwert dat gefreet hunn wat esou op den Teller komm ass, esou engagéiert waren déi Fräiwëlleg, déi och vun héchster Stell ganz gutt ënnert d‘Äerm gegraff kritt hunn. An hei dierf een dann och frech behaapten: „Putain war dat cool“.

De Premierminister Xavier Bettel an d‘Parteifrëndin a Familljeministesch Corinne Cahen, haten sech dem „Service“ ugeschloss. Ee vun deene Momenter wou ee sech als Bodyguard wuel léiwer mat der Schwéiermamm streit, mee et ass nu emol esou an do muss een derduerch. Hir Präsenz ass awer zimlech vun allen (déi se kannt hunn) begréisst ginn, a fir e Wuert, e Selfie war ëmmer Zäit.

Verantwortung hunn an iwwerhuelen, dat kann en engem Kontext wéi dem Noël de la Rue als schlichte politeschen Aktivismus gesi ginn, ass et awer defacto net. Et gouf (wann ee streng geholl d‘Mass och ewech léisst) kee politesche Message, et gouf och näischt versprach. Dofir gouf et gutt Musek, natierlech dem Evenement ugepasst.

Noël

En Noël de la Rue ouni de Père Noël dat geet jo emol guer net. An dofir hat de gudde Mann och extra Rendez-vous geholl. © Martine de Lagardère/moien.lu

An et huet och „Spill a Spaass“ ginn. Darts, Kicker, Dëschtennis a fir déi manner Sportlech: Bingo. Fir d‘Sportler war et eng Coupe am beim Bingo konnt ee Nëtzleches gewannen. Um véier Auer gouf dann nach Kaffi a Kuch an de Besuch vum „Père Noël“ ëmmerhi war jo Chrëschtdag. Mat der Ausdeelung vun de Kaddosbongen ass den Dag op en Enn gaangen…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Chrëschtdag, Corinne Cahen, Fieldgen, Noël de la Rue, Xavier Bettel
Next post Previous post