Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

DKV-Urban Trail Lëtzebuerg: d‘Stad Lëtzebuerg anescht entdecken
International Neiegkeeten

gay dating bahrain

Et gëtt vill flott Manéieren eis Haaptstad ze entdecken, a

celebrity go dating 2018 update
International Neiegkeeten

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt

D‘CGFP wëll déi verbleiwend Méint bis zu de Chamberwahlen notzen,

Saudescht Kinnekräich iwwerrascht Weltgemeinschaft
International Neiegkeeten

Saudescht Kinnekräich iwwerrascht Weltgemeinschaft

Déi saudesch Monarchie ass wéinst senger traureger Roll am Jemen,

En Éisträicher gesäit sech als Nofolger vum Jean-Claude Juncker

En Éisträicher gesäit sech als Nofolger vum Jean-Claude Juncker

De fréieren éisträichesche Kanzler Christian Kern, huet e Mëttwoch bestätegt, datt hien sech bei den europäesche Sozialiste wëll als Kandidat fir d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker, President vun der EU-Kommissioun, ubidden. Dem Jean-Claude Juncker säi Mandat geet 2019 op en Enn.

„Ech stinn zur Verfügung“ vun den europäesche Sozialisten, esou de Leader vun den éisträichesche Sozialdemokraten (SPÖ) géintiwwer de Medien, déi hien op seng Ambitiounen ugeschwat haten, an Hisiicht op d‘Europawahle vum Mee 2019.

De Christian Kern hat virun enger Reunioun vun den zu Salzburg vereente sozialdemokratesche Leader, op d‘Froe vu Journaliste geäntwert. Bei dësem „Sommet“ sollt d‘Fro vum Spëtzekandidat vun der europäescher Sozialdemokratie erläutert ginn.

Ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt

En Dënschdeg war dem éisträicheschen Oppositiounschef zu Wien d‘Iwwerraschung gelongen, wéi hien ugekënnegt huet, datt hien als Spëtzekandidat vun der SPÖ un der Europawahl untrëtt. Dat mat der Ambitioun, esou säin Ëmfeld, Kandidat fir Nofolleg vum EU-Kommissiounspresident ze sinn.

„Et gëtt nach aner Kandidaten. Mir mussen elo kucken, wéi mir dee beschten ënnert hinne fannen“, esou de Christian Kern e Mëttwoch. Déi europäesch Sozialiste wäerten „hire Kandidat“ allerdéngs eréischt beim grousse Kongress zu Lissabon, den 7. an 8. Dezember bestëmmen.

Den europäesche Kommissär Maroš Šefčovič (Slowakei), deen sech aktuell ëm den Energie-Dossier bekëmmert, war dës Woch deen éischten, dee seng Kandidatur deklaréiert huet. Experte gesi wéineg Chance dat de slowakesche Sozialist seng Uspréch ëmgesat kritt.

Déi „besonnesch“ Verantwortung vun der SPÖ

De Christian Kern huet déi „besonnesch“ Verantwortung vun der SPÖ ënnerstrach. Eng vun deene sozialdemokratesche Formatiounen an Europa, déi als „performant bei de Wahlen“ unzegesinn ass, wann e Verglach mat de Wahlresultater vun de Sozialisten an anere Länner ubruecht ass.

Hien ass zudeem fest dovunner iwwerzeegt, datt sech d‘Sozialdemokrate sollten „politesch Alliéiert siche fir enger neier Situatioun entgéintzetrieden“. Gemengt ass hei: „d‘Konfrontatioun tëscht den oppene liberale Kräften, an den „autoritäre Beweegungen“ (Riets/Konservativ/Populistesch)

De Grupp vun de Sozialisten an Demokraten (S&D) ass den zweetgréissten am EU-Parlament, no der europäescher Vollekspartei (EPP). De Leader vun der EPP, den däitsche Manfred Weber (CSU) war deen alleréischten, dee seng Kandidatur virgeluecht hat.

mat AFP

Foto: De Christian Kern, fréien Entrepreneur, war am Mee 2016 an Éisträich als Kanzler, un der Spëtzt vun enger grousser Koalitioun mat de Konservativen, gescheitert. Hie war am Oktober 2017 vum jonke konservative Sebastian Kurz (ÖVP) ofgeléist ginn. De Kern huet deklaréiert, datt hie säi Mandat als Parteipresident spéitstens am Mee 2019 wäert néierleeën. © Francois Lenoir/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Christian Kern, EU-Kommissioun, Europawahlen 2019, Jean-Claude Juncker, S&D
Nächsten Artikel Virrechten Artikel